Search

You may also like

Ee wichtegen Dag fir d‘Demokratie
International Neiegkeeten

Ee wichtegen Dag fir d‘Demokratie

Et ass e ganz wichtegen Dag fir d‘Demokratie. Haut den 9.12.2020 ass

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf
International Neiegkeeten

Iraner beschlagnahmen op en neits en Tanker am persesche Golf

D‘Revolutiounsgarden am Iran hunn eegenen Aussoen no, e weideren Tanker

Buchtipp: Vielleicht
International Neiegkeeten

Buchtipp: Vielleicht

Eigentlech hunn ech mengem Meedche vu fënnef Joer dëst Buch bestallt, hatt

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Boko Haram seng Bluttspur gëtt méi laang

Zanter Abrëll hunn déi hannerlëschteg Uschléi an Ugrëff vum Grupp vun Dschihadisten, déi ënner dem Numm „Boko Haram“ (1) hiert Onwiesen dreiwen, bal 400 zivil Mënscheliewe kascht. „Dat ass duebel esouvill wéi an de fënnef Méint virdrun“, erkläert Amnesty International (AI) um Dënschdeg.

„D‘Zounam vun den Ugrëff an den Uschléi duerch Selbstmäerder, déi d‘Handschrëft vu Boko Haram am Kamerun an am Nigeria droen, hunn op mannst 381 Affer gefuerdert. Dat an de leschte fënnef Méint an alles Zivilisten“, esou de Communiqué vun der Mënscherechtsorganisatioun.

Eleng am Nigeria sinn bei de gräisslechen Uschléi tëscht Abrëll an August 223 Leit ëmbruecht ginn. Hei muss awer preziséiert ginn, datt déi endgülteg Zuele méi héich dierften ausfalen. Dat läit dorunner, datt net ëmmer all Uschlag oder Ugrëff signaliséiert gëtt.

Sécherheet ass awer ginn, datt unhand vun de bekannten Zuelen, d‘Unzuel vun zivillen Affer siwe mol méi héich ass, wéi an de véier Méint virdrun. Eleng fir de Mount August, sinn den offiziellen Zuelen no 100 Zivilisten ermuert ginn.

Déidleche Juli

De schlëmmsten an hannerlëschtegsten Uschlag huet den 25. Juli stattfonnt. Op dësem Dag hunn d‘Islamiste vu Boko Haram 40 Leit higeriicht. Dräi Männer sinn entfouert ginn, no engem Hannerhalt géint eng Equipe, déi an der Géigend vu Magumeri (Staat vu Borno) no Pëtrol gesicht huet.

Selbstmäerder vu Boko Haram hunn am Nigeria säit Abrëll mindestens 81 Mënsche mat an den Doud gerappt. Säit ugangs vum Joer, hunn d‘Terroristen och op mannst 67 Leit entfouert, déi meescht dovunner jonk Fraen a Meedercher.

Esou wäit et Amnesty International bekannt ass, huet et am August zwee Iwwerfäll op Dierfer ginn. Hei hunn d‘Dschihadisten Zivilisten ugehalen an op der Strooss einfach erschoss, geklaut wat ze huele war an d‘Häipen, kleng Geschäfter an d‘Mäert a Brand gesat.

Foto: Archivbild aus den Juli 2016. Zu Niamey hunn d‘Leit es genuch beim Kampf mat Boko Haram eleng gelooss ze ginn. A siwe Joer hunn d’Dschihadisten am Nigeria, Niger, Kamerun an dem Tschad, mindestens 20.000 Zivilisten ermuert. (© Boureima Hama/AFP)

(1) Boko Haram (Sunnitesch Eenheet fir d‘Priedegt an den Djihad – arabesch: Jama‘atu Ahlis Sunna Lidda‘Awati Wal-Jihad)

Related topics Amnesty International, Boko Haram, Kamerun, Nigeria, Terrorismus
Next post Previous post