Search

You may also like

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn
International Neiegkeeten

Bei Ryanair soll den 28. September nees gestreikt ginn

Ryanair kënnt net zur Rou. No de sëlleche Streiks am

Stad Lëtzebuerg: Gréng Perspektiven aus der Oppositioun eraus
International Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Gréng Perspektiven aus der Oppositioun eraus

No dräi Mandatsperioden am Stater Schäfferot huet sech d‘Demokratesch Partei

Feier op der Plëss: Ronn 50 Pompjeeën am Asaz
International Neiegkeeten

Feier op der Plëss: Ronn 50 Pompjeeën am Asaz

Gëschter Owend ëm 19 Auer goungen beim 112 direkt e

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin

Bolivianesch Oppositiounspolitikerin erkläert sech zur Interimspresidentin

Nom Récktrëtt an der Flucht vum fréiere President Evo Morales, huet sech en Dënschdeg d‘Jeanine Anez, zweet Vizepresidentin vum Senat zur Interimspresidentin erkläert. D‘Oppositiounspolitikerin huet elo déi schwiereg Aufgab bannent 90m Deeg Neiwahlen ze organiséieren.

Dëse wuel wichtege Schratt ass direkt vu Protester begleet ginn, an d‘Unhänger vum Evo Morales denoncéieren nach ëmmer ee Putsch. Zu La Paz an El Alto ass et zum Tumult komm. Deputéiert vu „Movimiento al Socialismo“ ware bei der Annonce vum Jeanine Anez net uwiesend. Memberen a Supporter vum Mouvement hunn no der Erklärung versicht d‘Kongressgebai ze erreechen.

D‘Demonstranten hunn, kaum datt sech déi 52 järeg Oppositiounspolitikerin entscheet huet d‘heft an d‘Hand ze huelen, schonn hire Récktrëtt gefuerdert. D‘Police huet massiv Tréinegas agesat fir déi opbruechte Mass ausenaner ze dreiwen. D‘Jeanine Anez huet op d‘Noutwennegkeet higewisen, nees e „Klima vum soziale Fridden“ am Land hierstellen an de Chaos beendegen ze mussen.

InterimspresidentinElo dierf een dës Proklamatioun net iwwerbewäerten, och wann et richteg ass, datt d‘Parlament dat net entscheet huet. Mee zwee Versich eng Beschlossfäegkeet erbäizeféieren si gescheitert, well net genuch Parlamentarier uwiesend waren. Ugesiichts dem Chaos war et awer wichteg, datt eng politesch Decisioun getraff ginn ass. Elo brauch et Rou fir d‘Neiwahlen organiséieren ze kënnen.

An der tëscht zu Mexiko

Während se zu La Paz versichen de Chaos, d‘Gewalt an d‘Déifställ am Land an de Grëff ze kréien, ass den Evo Morales zu Mexiko vum Ausseminister Marcelo Erbrard empfaange ginn. Deen hat dem fréiere President vu Bolivien e Militärfliger geschéckt fir en aus dem Land ze bréngen. Et ass iwwer Ëmweeër a Richtung Mexiko gaange wëll eng Rei Länner hire Loftraum gespaart haten.

Interimspresidentin

Dat ass fir Südamerika näischt Ongewéinleches an den Tankstopp am Paraguay ass ouni Problem verlaf. Den Evo Morales – deen den Ausléiser vun dëser Situatioun ass – huet d‘Bolivianer awer nach gewarnt. Si sollten uecht ginn, datt net nees d‘Arméi d‘Land iwwerhëlt a Bolivien zréck an eng onséileg Ära féiert. Hien ass dann och decidéiert enges Daags gestäerkt zréckzekommen.

A Bolivien ass elo d‘Prioritéit nees Rou hinzekréien an zwar méiglechst zügeg. Sollt d‘Arméi hei mussen agräifen a quasi Police-Missiounen iwwerhuelen, kéint si sech och d‘Muecht gräifen. Zu Washington ass een erfreet doriwwer, datt sech den Evo Morales duerch d‘Bascht gemaach huet. D‘US-Regierung huet – nach net offiziell – schonn ugebueden de politesche Wiessel ze begleeden.

mat indymedia/ccs

Related topics Bolivien, Evo Morales, Jeanine Anez, Mexiko, Putsch, Südamerika
Next post Previous post