Search

You may also like

money
Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden
International Neiegkeeten

Raiffeisen-Bank: mat sech an der Welt zefridden

Déi kooperativ Bank Raiffeisen ass wuel kee Ris op der

Editorial: Wien net parke kann, sollt dach doheem bleiwen!
International Neiegkeeten

Editorial: Wien net parke kann, sollt dach doheem bleiwen!

Datt verschidde Leit ouni Behënnerung mengen, si missten direkt 2

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!
International Neiegkeeten

De Minister Claude Meisch brécht säi Wuert!

No den Notes vum MENJE zur « Envergure de la

Bolivien: Bëschbränn mobiliséieren e ganzt Land

Bolivien: Bëschbränn mobiliséieren e ganzt Land

Zanter Deeg ass Bolivien am Wiergegrëff vu massive Bëschbränn. Bis ewell hätten d‘Flame ronn eng Millioun Hektar Urwald zerstéiert. De Cliver Rocha vun der Forstverwaltung huet gëschter déi schwéier Aufgab iwwerholl d‘Situatioun ze beschreiwen.

An déi alles anescht wéi erfreelech. D‘Bränn hu sech mëttlerweil op enger Fläch vun 950.000 Ha ausgebreet an de Chiquitano Bësch wier zu engem Drëttel zerstéiert. Deen ass d‘Heemecht vun den indigene Vëlker. 1.871 Siidlunge vun den Urawunner si vun dëser Katastroph betraff.

BolivienWéi et heescht, sinn dës Bränn vu Kriminellen ausgeléist ginn, fir esou weider Agrarfläche fräi ze leeën. Eng Korrelatioun zu de Bëschbränn am brasilianeschen Amazonasgebitt léisst sech zudeem net ofstreiden. Brasilien huet ugekënnegt d‘Arméi zur Brandbekämpfung anzesetzen.

Bolivien

De bolivianesche President Evo Morales hat schonn e Freideg déi aner Länner aus der Amazonas-Regioun zu enger Krisesëtzung opgefuerdert. Den Ament huet Bolivien alles am Asaz wat d‘Land hir gëtt: Pompjeeën, Police, d‘Arméi an dausende Fräiwëlleger sinn am Dauerasaz.

Bolivien

Opname vum Satellit „Sentinel 5P“ (Copernicus-Project) weise wéi eng Auswierkungen eleng d‘Bëschbränn a Bolivien op de Klimawandel hunn.

Aus den USA gouf fir d‘Brandbekämpfung e sougenannte „Supertanker“ – dat ass Läschfliger vum Typ Boeing 747-400 – vun der „Global SuperTanker Services“ gechartert fir d‘Leit um Buedem ze ënnerstëtzen. Bis ewell awer konnt och den Asaz vum Fliger wéineg géint d‘Flamen ausriichten.

mat indymedia/ccs/bog/lax

Foto: © Gus

Related topics Amazonas, Bolivien, Brasilien, Ëmweltschutz, Evo Morales, Feier, Groussbrand, Jair Bolsonaro, Klima, NASA, Reebësch
Next post Previous post