Search

You may also like

money
Sozialhëllef: Wéi d‘Gemengen dat finanzéieren
International Neiegkeeten

Sozialhëllef: Wéi d‘Gemengen dat finanzéieren

Unhand dem vum Familljeministère verëffentlechten Aktivitéitsbericht, ass et méiglech sech

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“
International Neiegkeeten

SC Beetebuerg vs CS Fola: „Näischt fir zaart Gemidder“

Vum éischten Ament un hunn d‘Damme vum SC Beetebuerg den

155 Deeg Bing fir den „Houfrege Bouf“
International Neiegkeeten

155 Deeg Bing fir den „Houfrege Bouf“

Fënnef Méint feste Prisong an nach emol dräi Méint, déi

Bolivien schéckt auslännesch Diplomaten op d‘Schëff

Bolivien schéckt auslännesch Diplomaten op d‘Schëff

Déi Bolivianesch Interimsregierung gëtt op Konfrontatiounskurs mat Mexiko a Spuenien. Déi nei Cheffin, Jeanine Anez, huet déi mexikanesch Ambassadrice an zwee spuenesch Diplomaten zu onerwënschte Persounen erkläert. D‘Geschäftsträgerin an de spuenesche Konsul hunn 72 Stonnen Zäit d‘Land ze verloossen, esou d‘Interimspresidentin.

Bolivien

Spuenien bedauert dës onmanéierlech Praxis. Wëll sech awer och weiderhi fir frëndschaftlech an solidaresch Bezéiungen asetzen. D‘Entscheedung vun der bolivianescher Regierung awer, léist Madrid keng aner Wiel, wéi dann och dräi bolivianesch Diplomaten auszeweisen. Säitens Mexiko ass den Toun nach ëmmer verséinlech, woubäi natierlech d‘Decisioun selwer condamnéiert gëtt.

Vun der mexikanescher Regierung heescht et, datt sech d‘Ambassadrice ëmmer un internationaalt Recht an déi aussepolitesch Prinzipie vun hirem Land gehalen huet. D‘Inneministesch vu Mexiko, Olga Sanchez Cordero, huet wësse gelooss, datt d‘Ambassadrice aus Sécherheetsgrënn zeréckgeruff ginn ass, an d‘Ambassade normal weiderschafft. D‘Ausweisung wier politesch motivéiert.

Bolivien

Fake News a ganz gutt gemaachte Lige versichen am Netz der bolivianescher Interimsregierung de Réck ze stäipen. Géif déi Informatioun déi an dësem Tweet esou gewise gëtt stëmmen, da géif et net domadder duer goen, d‘Ambassadrice vu Mexiko an d‘Konsulin vu Spuenien „auszeweisen“.

Hannert dëser „politescher Motivatioun“ steet zu gudder Lescht déi bolivianesch Innepolitik. Wéi den Evo Morales am November „zeréckgetruede gouf“ hu Membere vu senger Regierung an der mexikanescher Ambassade „Schutz“ fonnt, ënnert hinnen de Cabinetschef Juan Ramon Quintana.

Belagerungszoustand

Zanterhier ginn déi mexikanesch Ambassade an d‘Residenz vun der Ambassadrice „belagert“. Vill Polizisten ëmstellen de Komplex. Dat engersäits fir zolidd Drock op d‘Personal a méiglech Gäscht auszeüben, an anersäits soll esou verhënnert ginn, datt déi fréier Regierungsmemberen sech aus dem Land „schläichen“. Esou eng Mesure ass e flagrante Verstouss géint internationaalt Recht.

Bolivien

D‘Police zu La Paz kontrolléiert an drangsaléiert zuweile Mënschen, déi aus ganz banale Grënn déi mexikanesch Ambassade opsichen. Déi agesaten Interimsregierung, huet d‘Polizisten och ugewisen d‘Personal vun der Ambassade „am A“ ze behalen. © M.Ossingue

De mexikaneschen Ausseminister Marcelo Ebrard huet ugekënnegt, géint dës Prozedur beim internationale Geriichtshaff (IGh) ze intervenéieren. Mexiko dierft hei vu Madrid gestäipt ginn, besonnesch nodeems e Freideg déi spuenesch Diplomatin vun der bolivianescher Police dru gehënnert ginn ass, d‘Gelänn vun der mexikanescher Ambassade ze betrieden.

Argumentéiert gëtt dës Moossnam esou: an der Interimsregierung zu La Paz, wier ee fest dovunner iwwerzeegt, datt déi spuenesch Diplomatin déi mexikanesch Ambassade mat der Absicht opgesicht hätt, dem Morales seng Gesellen ze exfiltréieren an esou der bolivianescher Justiz ze entzéien.

BolivienHannert dëser Entscheedung steet dann och nieft dem Jeanine Anez, den aktuelle Minister fir ëffentlech Sécherheet, Wilson Santamaría. Deen hat déi lescht Woch zimlech onmëssverständlech matgedeelt, datt et dem Evo Morales senge Leit ënnert kengen Ëmstänn wäert erlaabt ginn d‘Land ze verloossen. Hei wieren nëmme Moossnamen ergraff ginn, déi dat dann och sécherstellen.

mat indymedia/ccs

Bild: Op der Televisioun huet d‘Interimspresidentin vu Bolivien, Jeanine Anez, d‘Ambassadrice vu Mexiko an d‘Konsulin vu Spuenien zu „Persona non Grata“ (onerwënscht Persounen) erkläert. Si hunn 72 Stonne fir d‘Land ze verloossen. (Videograb)

Related topics Ambassade, Bolivien, Evo Morales, Jeanine Anez, Mexiko, Persona non grata, Spuenien
Next post Previous post