Search

You may also like

Allianz géint e Brexit ouni Accord
International Neiegkeeten

Allianz géint e Brexit ouni Accord

Et sinn nach 64 Deeg bis zum Brexit an ob

De Jeremy Corbyn wëll Premier ginn an de Brexit-Chaos beendegen
International Neiegkeeten

De Jeremy Corbyn wëll Premier ginn an de Brexit-Chaos beendegen

Chef vum „Labour-Party“ an erkläerten Euroskeptiker, sollt sech de Jeremy

dislike
Den Duerchbléck am Label-Dschungel
International Neiegkeeten

Den Duerchbléck am Label-Dschungel

Promotioun vun de Landwirtschaftsproduiten ass dem Landwirtschaftsminister Fernand Etgen ee

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…

Si hunn hire President bei der Däiwel geschéckt a schloen sech trotzdeem nach op d‘Schnëss

Bolivien versenkt am Chaos, den Evo Morales ass op der Flucht…

Nodeems de bolivianesche President Evo Morales sech dem Drock vun der Strooss gebéit huet a wéi gewënscht demissionéiert huet, stellt sech aktuell d‘Fro, wien organiséiert elo Neiwahlen?

Bolivien war laang Zäit e Beispill vu Stabilitéit a Südamerika an elo versenkt d‘Land am Chaos. A ville Stied koum et zu brutaalst méiglechen Ausenanersetzungen, Geschäfter goufen ausgeraibert, Differenzen ënnert Noperen endlech gekläert an d‘Police wéi d‘Arméi weigert sech nach ëmmer anzegräifen. Woubäi déi sech elo zesummegesat hunn an iwwer gemeinsam Aktioune beroden.

BolivienA während sech a Bolivien Police an Arméi offiziell abrénge wëllen, fir Bluttvergéissen an Trauer ze verhënneren, huet den Evo Morales d‘Offer vu Mexiko ugeholl, an ass ausgereest. Op Twitter huet de fréiere President vu Bolivien verkënnt: „Bridder a Schwësteren, ech briechen no Mexiko op. Et schmäerzt d‘Land aus politesche Grënn verloossen ze mussen (…)“. Vill Optioune gouf et net.

Mexiko hat dem Evo Morales aus humanitäre Grënn Asyl ugebueden, nodeem den Ausseminister Marcelo Ebrard annoncéiert huet, datt dem bolivianesche President säi Liewe bedreet wier. Déi mexikanesch Regierung huet e Militärfliger op La Paz geschéckt, fir den Evo Morales ofzehuelen. Membere vun der Regierung an der Wahlkommissioun sinn an der Ambassade opgeholl ginn

Ausser Kontroll

Wëll et laut der Organisatioun vun den amerikanesche Staaten (OAS) op méiglech Manipulatioune bei de Wahle vu virun dräi Wochen higewisen huet, an déi bolivianesch Verfassung eigentlech och nëmmen zwou Mandatsperiode virgesäit, war et zum Protest an de begleedenden Ausschreidunge komm, déi zum Récktrëtt vum Evo Morales a groussen Deeler vun der Regierung gefouert hunn.

BolivienNieft dem President sinn och de Vizepresident, d‘Presidentin vum Senat an de Parlamentspresident zréckgetrueden. An dat suergt fir eppes Kappzerbrieches, well laut Verfassung sollt, wann et kee President a Vizepresident méi gëtt, de President vum Senat déi lafend Geschäfter erleedegen. Mee och dëst Mandat ass onbesat. An dorops hin huet de Verdeedegungsminister d‘Handduch geworf…

De Javier Zavaleta Lopez huet säi Mandat ofginn an dem ënnerleeëne Kandidat Carlos Mesa, esou wéi och dem Oppositiounsleader Luis Fernando Camacho quasi d‘Schlëssele vun der Muecht an de Grapp gedréckt. Si hätten de Wiessel gewollt, da sollten si et och sinn, déi elo eng friddlech Léisung fir déi oniwwersiichtlech Gewaltexplosioun am Land ze fannen hunn. An déi setzen op d‘Arméi…

Wouhinner soll et goen?

Zwar soll déi zweet Vizepresidentin vum Senat, Jeanine Anez, sech bereet erkläert hunn Neiwalen ze organiséieren an interimsméisseg d‘Presidence ze iwwerhuelen, dat schéngt den Ament kaum een a Bolivien ze interesséieren. Dofir vereenegen d‘Police an d‘Arméi hir Kräften. Si wëllen an enger éischter Phas mat ugemoosser Gewalt géint d‘Vandale virgoen an d‘Infrastrukture beschützen.

BolivienGéint den Evo Morales ass en internationalen Haftbefehl ausgestallt ginn, eng 30 Persoune solle scho verhaft gi sinn. Alles an allem eng bedenklech Situatioun, wann ee sech an Erënnerung rifft, datt den éischten indigene President dem Land politesch Stabilitéit a wirtschaftleche Wuesstem bruecht huet. Elo heescht et hien hätt de Bou iwwerspaant a wier den eigentlech Schëllegen…

Dat kann ee esou sécherlech behaapten, woubäi et net erkläert wien eigentlech vun dëser neier a besonnesch geféierlecher Situatioun profitéiert. Déi indigen Vëlker vu Bolivien sinn et jiddefalls net, an och deene sozial Schwaachen wäert et ënnert enger vu Militär geleete Regierung net besser goen. Gutt an dësem Fall datt sech wéinstens den Donald Trump an de Jair Bolsonaro freeë kënnen.

mat indymedia/ccs

Foto: Hien hat dem Land Stabilitéit an de wirtschaftlechen Opschwong bruecht, elo ass de fréiere Koka-Bauer Evo Morales gezwongen déi mexikanesch Offer fir Asyl unzehuelen. E mexikanesche Militärfliger soll hien elo ofgeholl aus ausser Land bruecht hunn. © Evo Morales (via Twitter)

Related topics Bolivien, Evo Morales, Putsch, Revolutioun, Südamerika
Next post Previous post