Search

You may also like

RoundUp: Monsanto zu San Franscisco an éischter Instanz veruerteelt
International Neiegkeeten

RoundUp: Monsanto zu San Franscisco an éischter Instanz veruerteelt

D‘Jury vum Geriicht zu San Francisco huet e Freideg de

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge
International Neiegkeeten

Melancholesche Rock: Stelise an der Purple Lounge

En Donneschdeg, den 23. Mee 2019 luet déi sechskäppeg Band

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem
International Neiegkeeten

Caracas léisst sech net aschüchteren a schéckt d‘Vertrieder vu Washington heem

Déi Aart a Weis wéi Washington mat der politescher Souveränitéit

Bolivien wennt sech vu Venezuela of

Bolivien wennt sech vu Venezuela of

Nom „Récktrëtt“ vum Evo Morales – géint deen den 18. Dezember en Haftbefehl ausgestallt ginn ass – huet d‘Iwwergangsregierung sech de sougenannter „Lima-Grupp“ ugeschloss. Dat huet gëschter de bolivianeschen Ausseministère matgedeelt. D‘Membere vun der Lima-Grupp spriechen dem venezuelanesche President Nicolas Maduro all Legitimitéit of.

BolivienBolivien war ee vun den enksten Alliéierte vu Venezuela. Zur Lima-Grupp gehéieren nieft der selbsternannter Interimsregierung vum Parlamentsvirsëtzende Juan Guaido iwwert eng Dose Länner, déi den Dissident als Interimspresident vum südamerikanesche Land unerkannt hunn. Dozou gehéieren nieft den USA, Argentinien, Brasilien, Mexiko a Kanada.

Am November hat déi bolivianesch Iwwergangsregierung vun der Interimspresidentin Jeanine Anez annoncéiert, déi venezuelanesch Diplomaten auszeweisen. Déi géifen sech an intern Ugeleeënheete vum Land amëschen, esou de Virworf. D‘Iwwergangsregierung huet sech dann och aus dem lénke Staatebündnis ALBA (Bolivaresch Allianz fir Amerika) zréckgezunn.

BolivienD‘ALBA war vu Kuba a Venezuela gegrënnt ginn. Mat dëse Schrëtt wëll d‘Jeanine Anez a säi Kabinett virun allem e Signal un d‘USA schécken. Datt sech Bolivien nees méi un der US-Politik ausriichte wëll, ënnersträicht och de Fait, datt Bolivien no eelef Joer och nees en Ambassadeur fir Washington ernannt huet. D‘US-Regierung dierft dëse „Wandel“ begréisst hunn.

mat indymedia/ccs

Illustratioun: Pixabay

Related topics ALBA, Bolivien, Jeanine Anez, Juan Guaido, Lima Grupp, Venezuela
Next post Previous post