Search

You may also like

Esch-Uelzecht: Seniore besser begleeden
International Neiegkeeten

Esch-Uelzecht: Seniore besser begleeden

Um Mëttwoch huet den Escher Schäffen André Zwally (CSV) sech

Brexit: Déi britesch Propose fir den Ëmgang no der Scheedung
International Neiegkeeten

Brexit: Déi britesch Propose fir den Ëmgang no der Scheedung

Déi britesch Regierung huet um Freideg seng Propose, zu den

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit
International Neiegkeeten

City Breakfast: Wanter, Mobilitéit a virtuell Realitéit

Beim Kaffi um Mëttwochmueren, war et eng gutt gelaunte Buergermeeschtesch,

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer

Bolivien a Mexiko hunn sech an den Hoer

Nom „politesche Wiessel“ a Bolivien, si Minister vun der fréierer Morales-Regierung an déi mexikanesch Ambassade geflücht. Déi gëtt elo vu bolivianesche Sécherheetsagente belagert. Dogéint protestéiert déi mexikanesch Regierung.

De Staatssekretär Maximiliano Reyes huet géint d‘Belagerung vu der diplomatescher Vertriedung an der Residenz vum Ambassadeur protestéiert. Och de mexikaneschen Ausseminister Marcelo Ebrard stellt fest, datt d‘Ëmstellung vun der Ambassade international Verträg verletzt, déi de Schutz an d‘Rechter vun den Diplomaten an diplomateschen Ariichtunge reegelen.

Esou e Virgank wier inakzeptabel, seet den Ausseminister, a Mexiko wier ënnert dësen Ëmstänn genéidegt beim internationale Geriichtshaff (IGh) zu Den Haag ze intervenéieren. D‘Virgoensweis vu Bolivien bedreet d‘Recht vu Mexiko, ex-Regierungsbeamten Asyl ze gewähren.

Bolivien„Déi mexikanesch Regierung verlaangt vu Bolivien, datt et seng international Verflichtungen erfëllt, d‘Onverletzlechkeet vun den diplomatesche Missioune garantéiert an d‘Politik vun den Ugrëff astellt“, esou déi offiziell Positioun vum mexikaneschen Ausseministère. An enger verbaler Nott huet sech Mexiko och iwwer den Asaz vun Dronen iwwert de Ambassade beschwéiert.

De mexikaneschen Ausseministère werft der bolivianescher Interimsregierung vir, d‘Personal vun der Ambassade zu La Paz ze drangsaléieren. D‘Diplomate kéinten sech net fräi bewegen, Leit déi d‘Ambassade besiche géifen observéiert. Dat wier net zoulässeg a misst ophalen.

Interimsregierung wëll Flucht verhënneren

Erënnere mir drun, datt dëse Konflikt sech mam Récktrëtt vum Evo Morales, deen no unhalende Protester den 10. November säi Mandat opginn huet a sech uschléissend a Richtung Mexiko ofgesat hat, wou hien Asyl erhalen huet. Spéider goung et weider a Richtung Kuba, wou hie sech engem Gesondheetscheck ënnerzunn huet. Elo ass hien an Argentinien op wou hie sech néiergelooss huet.

Géint den Evo Morales ass mëttlerweil en Haftbefehl ausgestallt ginn, an déi Regierungsmemberen déi an der mexikanescher Ambassade Zouflucht fonnt hunn, géif sech d‘Interimsregierung och gäre gräifen. Esou de Cabinetschef Juan Ramon Quintana, géint deen et och en Haftbefehl gëtt.

Säitens der bolivianescher Interimsregierung gëtt déi massiv Policepräsenz ronderëm d‘Ambassade begrënnt. Déi behaapt sech drop Informatiounen ze besëtzen, laut deene gewalttäteg Unhänger vum Evo Morales bereet wieren, déi fréier Minister aus der Ambassade ze huelen. Den aktuelle Vizeminister fir ëffentlech Sécherheet, Wilson Santamaría, ass dann och net gewëllt nozeginn.

Bolivien

Déi bolivianesch Police huet déi mexikanesch Ambassade an d‘Residenz vum Ambassadeur ëmzéngelt. An der Ambassade hu schätzungsweis 20 fréier Membere vun der Morales-Regierung Zouflucht fonnt. Si gi vun der jëtzeger Regierung wéinst Rebellioun an Terrorismus verfollegt. © teleSUR

Et soll dem Morales senge Lieutenanten net erméiglecht ginn d‘Land ze verloossen. „Mir hunn all erdenklech Schrëtt ënnerholl, fir datt d‘Sécherheetskräften all Hëllef, all Kooperatioun bei der Ënnerstëtzung vun de Flüchtegen direkt verfollegen an opdecke kann“, esou de Wilson Santamaría.

Säitens dem Presidialsekretär Erick Foronda heescht et och, datt d‘Virwërf déi sech op d‘Kontroll an déi beschränkte Beweegungsfräiheet fir d‘Diplomate vun der mexikanescher Vertriedung bezéie kee Bestand hunn. Gäscht vun der Ambassade, déi net a Relatioun mat deene fir Rebellioun an Terrorismus verfollegt ex-Regierungsbeamte stinn, géifen zudeem och net behellegt.

mat indymedia/mex/ccs

Foto: Déi bolivianesch Police huet déi mexikanesch Ambassade an d‘Residenz vum Ambassadeur ëmzéngelt. An der Ambassade hu schätzungsweis 20 fréier Membere vun der Morales-Regierung Zouflucht fonnt. Si gi vun der jëtzeger Regierung wéinst Rebellioun an Terrorismus verfollegt. © teleSUR

Related topics Ambassade, Belagerung, Bolivien, international Veträg, Lap Paz, Mexico, Police
Next post Previous post