Search

You may also like

Nuit des Musées 2018 – vill Programm fir de klenge Portmonnie
International Neiegkeeten

Nuit des Musées 2018 – vill Programm fir de klenge Portmonnie

Déi 17. Editioun vun der Nuit des Musées war erëm

Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong an der Weltbank
International Neiegkeeten

Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong an der Weltbank

Am Kontext vum Fréijoers-Sommet vum Weltwährungsfong (IWF) an der Weltbank

Strikt Reegele fir d‘Alters- a Fleegeheemer
International Neiegkeeten

Strikt Reegele fir d‘Alters- a Fleegeheemer

Eng vun de grousse Suerge vum Gesondheetsministère betrëfft eis Alters-

Bolsonaro muss sech medezineschem Agrëff ënnerzéien a verpasst Amazonas-Sommet

Bolsonaro muss sech medezineschem Agrëff ënnerzéien a verpasst Amazonas-Sommet

De brasilianesche President Jair Bolsonaro huet seng Participatioun um Amazonas-Sommet wéinst de Bëschbränn ofgesot. Hie misst sech op ee fir déi Woch geplangte medezineschen Agrëff astellen. De Faschist war d‘Lescht Joer bei enger Wahlveranstaltung mat engem Messer verletzt ginn.

Ab e Freideg soll sech de Jair Bolsonaro engem „Flësseg-Regime“ ënnerzéien, esou e Spriecher vun der Regierung, firwat et dem President net méiglech ass um Sommet deelzehuelen. Et ass elo scho fir d‘véiert datt de fréiere Fallschiermsprénger wéinst der Verletzung, déi hie sech am Wahlkampf zougezunn huet, muss operéiert ginn. Beim „Agrëff“ zu Sao Paulo gëtt e Narbe-Broch behandelt.

Wëll sech de Jair Bolsonaro net schéngt sécher ze sinn, datt ee Stellvertrieder beim Sommet seng Positioun vertrieden an duerchsetze kann, soll hien ëm e Report vum Sommet a Kolumbien gefrot hunn. Dee sollt eigentlech e Freideg zu Leticia ufänken a sech virrangeg mat de verheerende Bränn déi de Reebësch bedreeën ausenanersetzen. Bëschbränn déi jo och eng politesch Dimensioun hunn.

Esou ass de rietsradikale President eppes an d‘Kritik geroden, well hie mat senger Politik d‘Leit quasi ermontert huet, de Bësch ofzefakele fir méi landwirtschaftlech notzbar Flächen ze erhalen. Nodeems dat zum Resultat hat, datt honnerte bis dausende Quadratkilometer Reebësch de Flamen zum Fraass hi geworf goufen, huet déi international Communautéit, zolidd Kaméidi geschloen.

Muechtspiller

Fir et dann awer net mat der ganzer Welt mussen opzehuelen – och wann sech de Brasilianer dierft sécher sinn den US-President als treien Alliéierten hannert sech stoen ze hunn – huet de Bolsonaro leschten Donneschdeg per Dekret bestëmmt, datt während 60 Deeg keng Brandrodungen dierfe gemaach ginn. Hien huet och Konditioune gesat, wat déi international ugebueden Hëllef betrëfft.

Den Amazonas-Sommet ze verleeën ass keng vertrietbar Optioun, och dann net wann et déi nächst véierzéng Deeg riicht duerch géif reenen. Wéi d‘Natiounen déi de Reebësch op hirem Territoire hunn an Zukunft domatter wëllen ëmgoen, a wéi ee Recht oder Usproch déi ganz Weltbevëlkerung op déi gréng Long vum Planéit huet, sollt zäitno beschwat an debattéiert ginn. Wann et gewollt ass.

An datt et rechtlech méiglech ass, dofir gëtt et schonn eppes méi laang dat sougenannten Ëmwelt-Vëlkerrecht, an deem zwar festgehale gouf, datt Aktivitéiten déi sech op d‘Ëmwelt auswierken, net méi eng reng national Ugeleeënheet sinn. Problem? Jo, well et gëtt keng prezis Flichte fir Brasilien an „technesch“ betruecht, dierf d‘Land säi Bësch ofholzen an déi indigen Vëlker verdreiwen.

Foto: Den Damp dee vun de Bränn am Amazonasgebitt ausgeet, ass vun der internationaler Raumstatioun ISS ze gesinn, a vermëttelt awer nëmmen ee klengen Androck vun deem wat sech ofspillt. © Luca Parmitano/ISS

Related topics Amazonas, Amazonas-Sommet, Brasilien, Jair Bolsonaro, Kolumbien, Reebësch
Next post Previous post