Search

You may also like

Den ARC Kënschtlerkrees invitéiert op säi waasserFest
International Neiegkeeten

Den ARC Kënschtlerkrees invitéiert op säi waasserFest

Vum 4. bis den 21. Februar 2021 invitéiert den ARC

Fräi Tribün: De PAP-Lidl veriergert engagéiert Bierger
International Neiegkeeten

Fräi Tribün: De PAP-Lidl veriergert engagéiert Bierger

1) eise Comité d‘Action huet schonn zanter Joren (e.a. a

Erliefnis Baggerweier: E Paradäis fir Naturfrënn, Schwëmmer a Fëscher
International Neiegkeeten

Erliefnis Baggerweier: E Paradäis fir Naturfrënn, Schwëmmer a Fëscher

Haut de Moie stoung beim Premier- a Staatsminister Xavier Bettel

„Mir hunn a stänneger Angscht gelieft.“

„Mir hunn a stänneger Angscht gelieft.“

Déi geflüchte Fraen hunn u Bord vum Rettungsschëff Sea-Eye 4 erzielt, wéi et de Fraen am Krichsland Libyen ergaangen ass. Oder besser gesot, ergeet. Et ass eréischt puer Deeg hier, datt d’Ekipp vu Sea-Eye 29 Persounen aus engem Holzboot gerett huet.

Ënnert de gerette Persounen, waren aacht, dorënner zwou héichschwanger Fraen. Et befannen sech och Puppelcher u Bord. D’Johanna an de Kai vu Sea-Eye hunn mat hinne geschwat. Dobäi ass dacks ee Wuert gefall – d’Häll. Et ass e Wuert, wat a Libyen heefeg genotzt gëtt. Leider hunn d’Mënschen sech schonn dru gewinnt.

Sea-Eye 4© Sea-Eye

Wärend dem Nolauschtere gëtt d’Wuert lues awer sécher zum personifizéierte Béisen. Et war sécherlech net einfach fir d’Fraen iwwert dës Erliefnesser ze schwätzen. Am Land war dacks Riets dovunner, datt „People of Color“ entfouert ginn. D’Fraen hunn a stänneger Onsécherheet gelieft, keen huet sech aus dem Haus getraut. Dat ass wuel verständlech. Si hunn net nëmme gefaart entfouert ze ginn, och d’Angscht virun enger Vergewaltegung huet si am Haus gehalen.

„Et passéiert wierklech!“, hunn si ausdrécklech betount, wéi déi traumatiséiert Frae vun hirer Zäit a Libyen erzielt hunn. An dës Berichter decken sech mat de Rapporte vun Amnesty International aus de leschte Joren. De Biergerkrich huet am Joer 2011 ugefaangen. Flüchtend Mënsche kréien hier Rechter ofgeholl. Si ginn ënnert anerem inhaftéiert, zu Zwangsaarbecht gezwongen, vergewaltegt, gefoltert an einfach ëmbruecht. D’Mënscherechter gi guer net zur Kenntnis geholl. Se sinn net existent.

Obwuel d’Adissa, eng vun den héichschwangere Frae vun den onvirstellbare Schrecken erzielt, blénken seng Aen. D’Stralen ass net verluer gaangen, fir hatt besteet nach Hoffnung. (Den Numm gouf sécherheetshalwer geännert.) Nieft der Angscht, déi d’Fraen ausgestanen hunn, kënnen si awer nach begeeschtert erzielen, wéi gären si Couscous a Räis preparéieren. Dat mécht Hoffnung.

Foto: © Sea-Eye

Related topics Flüchtlingen, Humanitéit, Libyen, Mëttelmier, Rettungsschëff, Sea Eye, Séinoutrettung
Next post Previous post