Search

You may also like

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach
International Neiegkeeten Sport

An der Salariatskummer hu se sech Gedanken iwwert d‘Pensioun gemaach

Wann e sech de Rapport vun der IGSS (Generalinspektioun vun

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020
International Neiegkeeten Sport

Frankräich: Ekotax op Fligerticketen ab 2020

Ëmmer méi Politiker schéngen sech der Klimakris bewosst ze sinn

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt
International Neiegkeeten Sport

Volleyball D1: D‘Minettsdäpp vun de Stater kuerzerhand ofgefäerdegt

An der Sportshal zu Esch stoung fir déi Escher e

„Der Spieler“ – Dem Boris Becker seng Geschicht um Ecran

„Der Spieler“ – Dem Boris Becker seng Geschicht um Ecran

De Provokateur vum däitschen Tennis ass Géigestand vun engem Film, deen deemnächst gedréit gëtt. Säin éischten Titel zu Wimbledon wäert d’Häerzstéck vun der Handlung ginn.

De Film heescht „Der Spieler“ a wäert d’Geschicht vum Bum Bum – esou ass de Boris alt genannt ginn – a Bezuch op säin Tennisspill erëmspigelen. Als Gewënner vun 6 Grand Slam Titelen, war et haaptsächlech seng éischt Victoire zu Wimbledon, déi ervirgestach huet.

De Bobele, gebierteg aus Leimen hat 17 Joer, wéi hien 1985 d’Welt zum Staune bruecht huet, andeems en um Londoner Terrain gewonnen huet. Eng Performance, déi hien d’Joer drop an och 1989 widderhëlt.

Den 22 järege Bruno Alexander aus Hamburg ass de Glécklechen, deen d’Roll vum Boris Becker wäert spillen. Dobäi huet de Schauspiller e puer Wochen haart geschafft, fir sech op déi Roll virzebereeden a sech an den Champion ze verwandelen. Den Alexander ass Iech vläicht bekannt duerch d’Serie „Wir Kinder vom Bahnhof Zoo“.

Elo bleift ofzewaarden, ob dat ausschwäifend Liewen vum Ex-Tennis-Star, dat reegelméisseg an de Kommentare vu Grand Slam Turnéiere erëmkënnt, diskutéiert wäert ginn. De Boris Becker war voller Scholden, déi an dubiéise Fäll zitéiert goufen, an och säin ausgepräägt Affären a Liebeleien dierften eis bekannt sinn.

Den däitsche Sportler huet och den Novak Djokovic trainéiert.

Zesumme mat mental.lu

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) De Bruno Alexander wäert de Boris Becker spillen © Bruno Alexander / Instagram; Zeen vun der Victoire vum Turnéier zu Wimbledon 1985 / Youtube

Related topics Bobele, Boris Becker, Bruno Alexander, Bum Bum, Der Spieler, Film, Tennis, Wimbledon
Next post Previous post