Search

You may also like

De Contournement vun Dippech-Gar deet op sech waarden
International Neiegkeeten

De Contournement vun Dippech-Gar deet op sech waarden

Zanter dem Méindegowend schéngt gewosst: de Projet vum Contournement fir

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert
International Neiegkeeten

Rietsradikaalt Netzwierk an Éisträich gestéiert

An Éisträich, mee och a Bayern hunn d‘Autoritéiten déi lescht

Coronavirus: Elo ass et eng Pandemie
International Neiegkeeten

Coronavirus: Elo ass et eng Pandemie

Während sech a China – wou de Coronavirus Covid19 an

Dem Boris säi Kampf géint Wandmillen

Dem Boris säi Kampf géint Wandmillen

Nach virun e puer Wochen hat de brittesche Premierminister senge Landsleit verséchert, datt all déi wou wëllen, och solle kënnen op de Covid19-Virus getest ginn. Elo muss de Boris Johnson schonn erëm zréckrudderen an geréit nees an de Fokus vun der Kritik.

De richtegen Ëmgang mat der Covid19-Pandemie ass fir kee Land a keng Regierung einfach. Mee et kann een et och einfach falsch maachen, oder mat oniwwerluechten Aussoen iwwerdreiwen. Mat de steigenden Infektiounszuelen, fänken d‘Covid19-Tester un op der Insel knapp ze ginn An dat ass net alles: esou schreift d‘Financial Times, datt den Undeel ënnert de Britten, déi hiert Resultat an de 24 Stonnen nom Test kréien, vu 60% zu Mount Ufank, op elo 8% zréckgaangen ass.

Eng éischter beonrouegend Ausgaangslag, wëll den Hiecht steet vrun der Dier an de Brexit dreet elo och éischter „Haart“ ze ginn. Trotzdeem huet de Boris Johnson am Parlament kee Blat vrun de Mond geholl a kloer gestallt: „Mir hunn net genuch Testkapassitéiten“ an och wann hien et léiwer hätt, datt sech jiddereen dee wëll och kéint teste loossen, esou muss een elo Prioritéite setzen.

Geet et dem brittesche Regierungschef no, da stinn uewen op de Prioritéitelëscht déi Mënsche wou däitlech Symptomer weisen, dat medezinescht Personal an de Spideeler, wéi och den Altersheemer an esou Mënschen déi ee Risk duerstellen. Nach bis virun ee puer Wochen awer, hat sech de Boris Johnson wesentlech méi zouversiichtlech ginn, an d‘Regierung hat nach jidderengem eng Chance op en Test an Aussiicht gestallt. De brittesche System sollt zum globale Virbild ginn.

Steigend Infektiounszuelen

De Problem fir den Ament ass awer, datt d‘Infektiounszuelen nees däitlech zouhuelen. Esou sinn an de leschte 24 Stonnen iwwer 3.100 Neiinfektiounen ze verzeechnen, 27 Mënschen hunn de Verlaf vun der Krankheet net iwwerlieft. Laut der John-Hopkins Universitéit, haten sech bis gëschter, ëm déi 376.000 Mënschen infizéiert, iwwer 41.700 brittesch Staatsbierger sinn um Covid19 agaangen.

Groussbritannien läit am weltwäite Verglach op der fënnefter Plaz, bezunn op d‘Affer. D‘USA, Brasilien, Indien a Mexiko sécheren sech nach ëmmer déi éischt Plazen. Entspriechen den offiziellen Zuelen, sinn op der Insel zanter dem Ausbroch vun der Pandemie, 20,3 Millioune Leit op de Coronavirus getest ginn. Bannent de leschte 24 Stonnen, sollen 227.000 Tester gemaach gi sinn. Bis Enn Oktober soll den Taux op 500.000 Tester den Dag eropgesat ginn, esou de Plang.

Dat wäert sech allerdéngs net opgoen, well ab elo muss d‘Gesondheetsdirektioun mat deem wat zur Verfügung steet méi spuersam ëmgoen. Et heescht als prioriséieren, zumindest wärend all deene Wochen déi et brauche wäert, d‘Problemer aus dem Wee ze raumen. De Boris Johnson versprécht awer senge Landsleit, alles ze ënnerhuelen, fir datt et net méi zu engem Confinement kënnt.

mat indymedia/lon

Illustratioun: © John Cameron / unsplash

Related topics Boris Johnson, Covid19, Covid19-Tester, Groussbritannien, NHS
Next post Previous post