Search

You may also like

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung
Fail Geek International Neiegkeeten

Tacheles: Sozial Netzwierker an deng fräi Meenungsäusserung

Wann Internet-Firmen all är Uploads (Postings, Photoen, Videoen, Zitater asw)

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“
Fail Geek International Neiegkeeten

Dem Donald Trump säi Mann fir dat „Grafft“

An der Affär ëm dat ominéist Telefonsgespréich tëscht dem US-President

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!
Fail Geek International Neiegkeeten

Konkret Hiweiser op de Wollef? D’Analys ass negativ!

Um 16. Dezember 2018 gouf et am Raum Käerch-Siweburen ee

dislikegeek

Identifizéierungsflicht fir den Accès zu „soziale Medien“?

Identifizéierungsflicht fir den Accès zu „soziale Medien“?

Géif et dem Inneminister vun Niedersachsen, Boris Pistorius, nogoen, dat missten d‘Bedreiwer vu soziale Medien déi tatsächlech, also déi reell Identitéit vun hiren Notzer feststellen, späicheren an ob Ufro vun Autoritéiten iwwermëttelen.

An nee de Mann kennt net aus dem bronge politesche Spektrum, offiziell ass de Boris Pistorius net emol Konservativ. Hien ass Member vun der SPD, enger viru ganz laanger Zäit nach sozialistesch ausgeriichte Vollekspartei. Mat sengen 61 Fréijoren ass de Sozialist zwar kee „social media“ Expert mee ee Mann dee keng rechtsfräi Raim toleréiert an och soss op „Zuucht an Uerdnung“ besteet.

Hien huet gëschter an der Konferenz vun den Inneminister proposéiert dohigoend ze legiferéieren, datt ee wuel nach mat engem Pseudonym „ëffentlech“ optrieden dierft, mee den Operateur – wéi beispillsweis Facebook, Telegram oder Snapchat – misst déi tatsächlech Identitéit vun der Persoun hannert dem Account kennen, iwwerpréiwen a späicheren. An hien huet Grënn dat ze fuerderen.

Laut dem Boris Pistorius, deem wuel matgedeelt ginn ass, datt déi „sozial“ Medien ongeféier esou sozial sinn wéi hie Sozialist ass, geet et net drëms de Mënschen ze verbidden anonym am Netz ënnerwee ze sinn. Et wier déi ganz Hetz, den Haass an den Opruff zu Gewalt, deen esou eng Moossnam géif erausfuerderen. Fir dogéint virzegoen, brauch et d‘Identitéit vun dëse Mënschen.

Illustratioun: © SPD Landtagsfraktion Niedersachsen

Related topics Boris Pistorius, Identifizéierungsflicht, Sozial Medien, Sozial Netzwierker, SPD
Next post Previous post