Search

You may also like

Nëmmen e béise Jong?
International Neiegkeeten Sport

Nëmmen e béise Jong?

Mat groussen Ae kuckt am Moment déi ganz Welt op

A firwat net Polizist ginn
International Neiegkeeten Sport

A firwat net Polizist ginn

Et feelt dem Land u Polizisten, an de Minister fir

Ass de 5G-Reseau eng Gefor fir Leif a Séil?
International Neiegkeeten Sport

Ass de 5G-Reseau eng Gefor fir Leif a Séil?

Virun enger Woch hu mir informéiert, datt LOL (Luxembourg Online),

Fir de gudden Zweck – en eTurnéier op Fifa 21

Borussia Leer weist de Wee

Fir de gudden Zweck – en eTurnéier op Fifa 21

Ënnert der Organisatioun vum däitsche Club Borussia Leer wäerten 8 Ekippen am Videospill Fifa 21 un engem Turnéier deelhuelen an doduerch eng Spendenaktioun fir Sea-Watch duerchféieren. Dës ONG këmmert sech ëm d’Séinoutrettung, bitt Migranten, déi hiert Liewe riskéieren, hir Hëllef un fir an Europa ze kommen.

Et sinn d’Veräiner wéi Clapton CFC (England), d’ASD Quartograd (Italien), den Futbalová Komunita Kozmos aus der Slowakei, den FC Rostock (Däitschland), d’Independiente de Vallecas (Spuenien), den NK Zagreb 041 (Kroatien) an de St. Ambroeus (Italien), déi un dësem solidareschen Turnéier deelhuelen.

Dat ass eng luewenswäert Aktioun fir dës Mannschaften. Si sinn well dofir bekannt, datt si déi selwecht Wäerter wéi Solidaritéit an Antifaschismus deelen – an datt dës seele Saach am moderne Fussball, hire Fans gehéiert.

Fir d’Turnéier ze verfollegen, muss een d’Twitch-Websäit besichen, do gëtt all Match live iwwerdroen.

A fir Sea-Watch eng Spend zoukommen ze loossen, klickt HEI.

Opmaacherbild: SV Borussia Leer / Facebook

Related topics Borussia Leer, eTurnéier, Fifa 21, Sea-Watch, solidareschen Turnéier, Spendenaktioun
Next post Previous post