Bosch – Legacy

Déi aachte Staffel vum berüümte Polizist Bosch, dee gäre Reegele brécht kann een elo « Spin-Off » nennen an op Amazon streamen.

De Bosch ass endlech zeréck, leider ouni Polizeimark a Revéier. Hien schafft elo als Privatdetektiv. Beim übleche Réckbléck weist sech allerdéngs, datt d’Handlung nach ëmmer dem Auteur seng Michael Connelly Romaner tréi bleift. Et ass eng Rees an eng al bekannte Welt.

De Spin-Off weist, wei de Bosch sech a sengem neie Beschäftegungsgebitt mécht. Dorop trëfft hien op al Bekanntschaften (ënnert anerem d’Honey Chandler)

Wärend sengem éischten Asaz muss hien de leschte Wonsch vum erkrankte Milliardär Whitney Vance erausfannen. Huet hien Nofaren? Leeft d’Bluttlinn weider? Am Laf vun der Zäit, mierkt datt vill Mënschen ee grousst Interessi um Bosch hunn. Schockéierend Entdeckungen déi milliardeschwéier sinn, stinn um Spill. 

An der Tëschenzäit fänkt seng Duechter Maddie als Polizistin un a geet mat der Police op d’Patrull. Dobäi freet hatt sech dacks, wéi eng Polizistin hatt wëll sinn. Polizist sinn, ass entweder eng Aarbecht oder eng Missioun.

Krimiserië sinn net düster. Eigentlech. Et ginn Ausnamen – a Bosch ass eng vun den Ausnamen.

Mee wien déi éischt Staffele « Bosch » net verfollegt huet, wäert sech fir « Legacy » net vill interesséieren. Iwwregens ass well déi zweet Staffel confirméiert. Fans kënnen et scho bal net erwaarden!

Dernières nouvelles