Search

You may also like

Gratulatioun un d’BTS-Studenten!
Neiegkeeten

Gratulatioun un d’BTS-Studenten!

Tëscht dem 14. an dem 16. Oktober 2020 hunn iwwer

USA: Neien Infektiounshéchststand
Neiegkeeten

USA: Neien Infektiounshéchststand

Den US-President hat am Fréijoer gemengt, datt wann d‘Wieder nees

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten
Neiegkeeten

Beim Mighty Golem fënns de d’Brieder, déi Welte bedeiten

An enger Säitestrooss vun der Ettelbrécker Foussgängerzon steet e Golem

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Dës Initiativ suergt zu Bouneweg fir méi Liewensqualitéit

Gutt gelaunt an héich erfreet hunn d’Awunner vun der Bongert-Strooss zu Bouneweg um Donneschdeg de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg Empfaangen. D’Freed hat e Grond: déi nei Zone residentielle ass offiziell ageweit ginn.

Op Initiative vum Stroossenaarbecht-Service a mat der Zesummenaarbecht vum Verkéier-Service an dem Service Chantier konnt de Projet realiséiert ginn. Deem ware Gespréicher an Informatiounsreunioune mat den Awunner virausgaangen. Dat war „deemools“ Enn September 2015 an nach eppes méi detailléiert am Oktober 2016.

Verkéiersberouegung e klore Plus

Nodeems ee sech eens war, konnt de Projet vun der Zone Residentielle an Ugrëff geholl ginn. E Projet dee ganz kloer d’Liewensqualitéit vun den Awunner aus der Strooss verbessert huet. Zudeem ass d’Sécherheet erhéicht ginn. Déi vun den Automobilisten, mee besonnesch de Foussgänger an de Cyclisten. Verkéiersberouegung huet e reellen Notzen an de ganze Quartier profitéiert dovunner.

D’Bongert-Strooss, déi laanscht eng rei Schoule féiert (Primärschoul a Schoul-Foyeren), ass elo eng Einbahn-Strooss an d’Geschwindegkeet ass op 20 Km/h limitéiert. Dat entsprécht dem Code de la Route am Bezuch op d’residentiell Zonen.

Hell Paweesteng, Beem an urban Miwwel sollen den Openthalt am Fräie begënschtegen.

Fir dat ganzt méi attraktiv ze gestalten an och d’Awunner ze ermonteren sech de Raum nees zu eegen ze maachen, si verschidde Moossnamen ergraff ginn. Hell Paweesteng, Beem an urban Miwwel sollen den Openthalt am Fräie begënschtegen. Zudeem dréit et dozou bäi, datt d’Automobiliste méi lues fueren an dobäi hoffentlech och besser oppassen.

D’Neigestaltung vun der Bongert-Strooss ass eng vun de ville Mesuren, déi sech an de Projet „Bouneweg-Nord“ aschreift. An dësem Projet sinn och weider Stroossen (Blochhausen, Romains a Gaulois) abezunn. De Projet, deen am Juni 2014 am Gemengerot gestëmmt gouf, huet e Budget vun 11,6 Milliounen Euro. D’Aarbechten an der Bongert-Strooss haten den 2. November 2015 ugefaangen. Um Donneschdeg war alles fäerdeg an d’Bierger dierfen elo voll ganz vun hirer Strooss an dem Quartier profitéieren.

Foto: © Charles Soubry/Fotothéik Stad Lëtzebuerg

Related topics Bouneweg, Liewensqualitéit, Stad Lëtzebuerg, Zone residenteille
Next post Previous post