Search

You may also like

ULC: U bestëmmten Deeg keng telefonesch Berodung
Business Neiegkeeten

ULC: U bestëmmten Deeg keng telefonesch Berodung

De Lëtzebuerger Konsumenteschutz informéiert doriwwer, dass u bestëmmten Deeg keng

Wou kee Wëllen ass, ass och kee Wee
Business Neiegkeeten

Wou kee Wëllen ass, ass och kee Wee

Dat blo-wäisst Bündnis vum ex Generol Benny Gantz huet d‘Gespréicher

Preventioun ass alles: Wat gouf ofgesot oder verluecht?
Business Neiegkeeten

Preventioun ass alles: Wat gouf ofgesot oder verluecht?

Opgrond vun der aktueller Entwécklung ronderëm den neie Coronavirus huelen

Maartgänger opgepasst: Nei Zäite fir de Bouneweger Maart

Maartgänger opgepasst: Nei Zäite fir de Bouneweger Maart

Esou wéi et d‘Stad Lëtzebuerg déi lescht Woch scho widderholl annoncéiert huet, gëtt eng zolidd Ännerung fir de Bouneweger Maart. Ab muer Dënschdeg (an dann ëmmer Dënschdes) fënnt dëse populäre Maart op der Leon XIII Plaz vu 16 bis 19 Auer statt.

Bis ewell gouf de Bouneweger Maart parallel zum Stater Maart an der Uewerstad (dee jo vum Knuedler op den Hamilius geplënnert ass) Mëttwochmoies ofgehalen. Mat der Reorganisatioun, esouwuel den Dag wéi d‘Auerzäit betreffend, wëll d‘Stad Lëtzebuerg de Bierger aus dem Quartier ee besser dem Liewensrhythmus ugepassten Horaire ubidden.

Op der Leon XIII Plaz ass een esou agelueden, vum spéiden Nomëtteg bis an de fréien Owend eran, nach eppes den Dag auskléngen ze loossen. An et soll sech lounen: nieft villen originellen a virun allem regionale Produiten, ass et déi grouss Handwierkskonscht vun de lokale Produzenten, déi een hei erwaart. D‘Offer ass mam Changement méi grouss ginn.

Lecker Uebst a Geméis, aus traditionellem oder biologeschem Ubau, de Lëtzebuerger Viz an och héichprozenteg Leckereie vu lokale Brennereien, ee gutt Stéck Fleesch gëtt et selbstverständlech och… Blummen a soss Planzen (d‘Gaardesaison leeft jo grad un), Brout a Kichelcher, Wäin a Cremant, mee och ee Paangech a villes méi gëtt hei gebueden.

Bleift nach drop hinzeweisen, datt d‘Leon XIII Plaz liicht accessibel ass. Wéineg „Foussminutten“ vun der Gar ewech, an direkt zwou vel‘OH! Statiounen (Leon XIII; J.B. Gelle Strooss) huet et och. Keng loscht an d‘Pedal ze trëppelen? Kee Problem, d‘Leon XIII Plaz gëtt vun de AVL-Linnen 2, 3 a 5 ugefuer. Parke geet an der Schwämm a beim Kulturzenter.

Illustratioun: © Daniel Provost / unsplash

Related topics Bouneweg, Bouneweger Maart, Leon XIII Plaz, Maartverband, Stad Lëtzebuerg
Next post Previous post