Search

You may also like

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass
International Neiegkeeten

EU-Sommet geréit wéinst Migratiounskris an eng Sakgaass

Zu Bréissel war d‘Stëmmung um Donneschdeg eppes méi gereizt wéi

Police stiermt Oppositiounsforum zu Moskau
International Neiegkeeten

Police stiermt Oppositiounsforum zu Moskau

Bei enger Versammlung vun der russescher Oppositioun sinn iwwer 150

Open Data: D’Nationalbibliothéik mécht seng Donnéeë fir jiddwereen zougänglech
International Neiegkeeten

Open Data: D’Nationalbibliothéik mécht seng Donnéeë fir jiddwereen zougänglech

Am Kader vun der Open-Data Strategie vun der Lëtzebuerger Regierung

US-Mënscherechtsorganisatioune ruffen zum Boykott vu Facebook op

US-Mënscherechtsorganisatioune ruffen zum Boykott vu Facebook op

En Dënschdeg huet sech Facebook, dat weltwäit gréisste sozial Netzwierk, dem Opstand vun enger Rei amerikanesche Mënscherechtsorganisatioune misse stellen. Déi werfe Facebook vir, net ëmfänglech géint mëssbräichlech Inhalter virzegoen, an doriwwer eraus, de Versuch soll gemaach hunn, d‘Organisatioune via hir Kommunikatiounsagence „Definers“ ze diskreditéieren.

An engem Bréif – datéiert op den 18. Dezember 2018 – deen un de CEO vu Facebook, Mark Zuckerberg, geriicht ass, hunn iwwer 30 Mënscherechtsorganisatiounen (Muslim Advocates, Bend the Arc Jewish Action, Freedom from Facebook…) hien opgefuerdert, op d‘Presidence vum Verwaltungsrot ze verzichten, an d‘Nummer 2, Sheryl Sandberg gebieden dësen ze verloossen.

Am Bréif ginn „Entschëllegunge“ fir déi vun „Definers Public Affairs“ denigréiert Organisatioune gefuerdert. Ënnert de Signataire vun dësem Schreiwes, fënnt een och esou mächteg Verbänn wéi D‘NAACCP (si trieden an fir d‘Rechter vun de Schwaarzen). Déi huet parallel zu dëser Aktioun, en Dënschdeg zum Boykott vu Facebook, via den Hashtag #LogOutFacebook, opgeruff.

„Är Direktioun ass net amstand op déi berechtegt Suerge vun de Mënscherechtsorganisatiounen eng Äntwert ze ginn“ heescht et am Bréif, déi de Konzern denoncéiert fir „geziilt op Vereenegungelass ze goen, déi sech fir Mënscherechter engagéieren“. Dat sinn – och fir Amerika – ganz schwéier Virwërf, op déi Facebook, déi vun engem Skandal zum aneren iwwerginn, elo muss reagéieren.

Vill Huese sinn dem Jeeër säin dout

Säit elo gutt zwee Joer, kënnt Facebook, an domatter den Duo Zuckerberg/Sandberg, net méi zur Rou. Skandaler, Sécherheetslücken a Polemik rëselen un der Notorietéit vum sozialen Netzwierk. Wéi Facebook sech leschte Mount de Servicer vun „Definers Public Affairs“, eng Entreprise déi op „public relations“ spezialiséiert ass, bedéngt huet, ass et zur Eskalatioun komm.

„Definers“ gëtt beschëllegt absichtlech a geziilt falsch Informatioune verëffentlecht ze hunn, déi eenzeg an eleng den Zweck hunn, Mënscherechtsorganisatiounen ze diskreditéieren, jo esouguer soll versicht hunn, déi am enken Ëmfeld vum Milliardär George Soros ze verankeren. De Soros gëllt ass „Zilscheif vun de Republikaner“ an ass Géigestand vun antisemiteschen Attacken.

A well dat dees Gudden nach net genuch ass, geet aus de Rapporten – déi den US-Senat bestallt huet – déi e Méindeg verëffentlecht goufen ervir, datt déi vu Russland an de sozialen Netzwierker engagéiert Propaganda-Campagne virun de Presidentschaftswahlen (2016) notamment soll zum Zweck gehat hunn déi afroamerikanesch Bierger vum Wielen ofzehalen.

Boykott

De Journalist Walt Mossberg, bericht reegelméisseg iwwer Neiegkeeten aus dem technesche Beräich an ass respektéiert, wéinst senge pointéierten Analysen.

An dësem Kontext huet sech d‘Sheryl Sandberg – déi direkt mam Definers-Skandal a Verbindung bruecht gëtt – en Dënschdeg hannert d‘Tastatur gesat, an am Facebook-Blog erkläert: „Facebook ass engagéiert an enger Aarbecht mat de Mënscherechtsorganisatiounen, fir d‘Rechter vun de Bierger ze stäerken a virunzebréngen. (…) Mir wëssen datt mir musse besser ginn“.

Dës Form vun der „Selbstkritik“ erschéngt villen Observateuren zur Standardprozedur vu Facebook ginn ze sinn. Et wéisst een einfach net méi wéi eescht et dem Konzern ass, wann dëse behaapt „mir huelen d‘Revelatiounen aus de Rapporte fir den US-Senat ganz eescht“. Do hëlleft et och net méi drun ze erënneren, datt een als „Facebook“ d‘Leit ermontert hätt wielen ze goen…

(Wien sech entscheede sollt Facebook opzeginn, HEI gëtt genee erkläert wat ze maachen ass)

mat AFP

Foto: D‘COO vu Facebook, Shery Sandberg (hei bei engem Meeting zu Miami den 18. Dezember) bestreit, datt de Konzern Aktioune kommandéiert huet, mat deene Mënscherechtsorganisatioune sollen diskreditéiert ginn. Am Géigendeel, et géif ee sech fir d‘Mënscherechter asetzen, mee och d‘Virwërf eescht huelen. © Joe Raedle/Getty Images/AFP

Related topics Boykott, Definers Public Affairs, Facebook, Mark Zuckerberg, NAACCP, Sheryl Sandberg
Next post Previous post