Search

You may also like

Déidleche Familljesträit zu Géisdref
Neiegkeeten

Déidleche Familljesträit zu Géisdref

De Sonndeg, den 13. Juni 2021 gouf de Parquet vun

dislike
Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht
Neiegkeeten

Inspektioun vun iranesche Militärbasen onerwënscht

Den iranesche President Hassan Rouhani huet um Dënschdeg d’Iddi vun

Déifferdeng ënnert neiem Management
Neiegkeeten

Déifferdeng ënnert neiem Management

Am Kader vun de Gemengerotssëtzung gëschter, ass d‘Christiane Brassel-Rausch (déi

Schëffleng: Brandstëftung, Déifstall a Vandalismus

Schëffleng: Brandstëftung, Déifstall a Vandalismus

Wéi d‘Police um Méindegmuere matgedeelt huet, ass et an der Nuecht vun e Sonndeg op haut, kuerz viru 5 Auer de Moien, zu Schëffleng an de Denis Netgen Strooss zu engem bedauernswäerte Virfall komm. Der Police ass ee beim Stadion een a Brand stoend Gefier gemellt ginn.

D‘Pompjeeë waren och alertéiert, konnte séier agräifen an deen a Flame stoende Liwwerwon zäiteg läschen. Nodeems d‘Feier geläscht war, konnten d‘Polizisten sech en éischt Bild vum Ëmfang vum Schued maachen. Heibäi hunn d‘Beamte misse feststellen, datt zwee weider Autoe muttwëlleg verschandelt goufen. Si ware mat Graffitie beschmiert ginn an bei engem war d‘Fënster ageschloe ginn. Aus engem weidere Liwwerwon, den net zougespaart war, goufen de Radio an e Feierläscher gezoppt.

Obwuel d‘Police direkt eng Sich no dem oder den Täter ageleet huet, un där sech méi Patrulle bedeelegt hunn, konnte keng Verdächteg Persoune lokaliséiert ginn. De Parquet gouf iwwer de Virfall informéiert, an d‘Staatsanwaltschaft huet de Miess- an Erkennungsdéngscht vun der Police mat der Spuresécherung beoptraagt.

Am Zesummenhang mat dësem Fall, sicht d‘Police elo no eventuellen Zeien. Persounen deenen eppes Verdächteges opgefall ass, si gebieden sech mat der Police zu Esch-Uelzecht iwwer den 244 501 000 oder per Email un police.esch@police.etat.lu a Verbindung ze setzen.

Illustratioun: © Yaiko Lai / unsplash

Related topics Brandstëftung, Déifstall, Police, Schëffleng, Vandalismus
Next post Previous post