Search

You may also like

dislike
Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid
International Neiegkeeten

Zentralafrika: Kloer Unzeeche vun engem Genozid

Wéi Stephen O‘Brien vun der UNO et aschätzt, steet et

De Stuerm op Berlin (Kommentar)
International Neiegkeeten

De Stuerm op Berlin (Kommentar)

Mat der Demo um „Dag vun der Fräiheet“ (1. August

Erënnerung un de Streik vun 1942
International Neiegkeeten

Erënnerung un de Streik vun 1942

Um Donneschdeg huet de Premierminister Xavier Bettel zu Wolz un

Brasilianesch Impfstrategie geet sech net op

Knapp ee Mount nom Ufank vun der Impfcampagne ënnerbriechen ëmmer méi Stied d‘Impfen

Brasilianesch Impfstrategie geet sech net op

Ëmmer méi Leit infizéieren sech, a folgerichteg stierwen och ëmmer méi Mënschen un de Folge vun der Coronavirusinfektioun. D‘Intensivstatiounen am Land sinn iwwerlaascht…

Zanter dem Start vun der Impfcampagne leschte Mount, huet 1% vun der Bevëlkerung déi éischt Dosis kritt, well et einfach ze mann Impfstoffer huet, d‘Logistik eng eenzeg Katastroph an sech rächt wann ee kee Plang huet. Déi vum President Jair Bolsonaro a sengem Gesondheetsminister Eduardo Pazuello organiséiert Impfcampagne, dreift d‘Kommunalpolitik op d‘Barrikaden.

De Verband vun de Stied, an deem all déi brasilianesch Groussstied representéiert sinn, huet an enger Pressekonferenz d‘Demissioun vum Gesondheetsminister gefuerdert. An den Eduardo Pazuello huet weider Problemer. Esou ermëttelt den ieweschte Geriichtshaff vum Land géint de Minister. Dat an enger anerer Affär: hien hat statt Sauerstoff, Malariamëttel verdeele gelooss…

Impfstrategie

Mee och am Kongress gëtt den Drock op de Minister erhéicht. Esou wollt de Senateur Maschor Olimpio wëssen: „Di hat erkläert dir wéilt préiwen, ob et eng Nofro no Impfunge gëtt. Meng Fro: Hutt dir tatsächlech gegleeft, datt et eventuell keng Nofro no Impfunge kéint ginn?“. An do stoung den Eduardo Pazuello mat erofgeloossener Box do, wärend de Kongress getoobt huet.

Just ee politescht Bauerenaffer?

Elo huet et Stëmmen, déi gesinn de Gesondheetsminister net an der Schold, a mengen hie misst elo Bludden, fir vum President Jair Bolsonaro senger Verantwortung ofzelenken. Richteg ass jo, datt de Faschist an Diktaturnostalgiker, d‘Gefore vun der Pandemie erofspillt. Anersäits huet den Eduardo Pazuello, ee fréiere Generol, ausser seng er Léift zum Hydroxychloroquin, och näischt Opweises.

Impfstrategie

Fir de President ass awer ass dem Pazuello seng Onfäegkeet ee Kaddo. Hie weess, datt hien dëse Mann net éiweg hale kann, mee esoulaang dësen als Haaptschëllege fir den Impfchaos presentéiert ka ginn, ass en nëtzlech. Laut de leschten Zuelen, huet Brasilien zanter dem Ausbroch vun der Pandemie 10,5 Milliounen Infektiounsfäll enregistréiert, iwwer 253.000 Mënschen si verstuerwen.

Wann d‘Entloossung vum brasilianesche Gesondheetsminister just eng Fro vun der Zäit ass, esou léisst dat de Buergermeeschter hir Problemer net. De Verbond vun de Stied fuerdert d‘Regierung op elo endlech en Impfplang mat kloren Virgaben ze erstellen. Zudeem wëll de Buergermeeschter vu Belo Horizonte, datt eng Kommissioun sech mat der Opklärung vun dësem „Chaos“ beschäftegt.

Op der Sich no Entschëllegungen

Fir den Alexandre Kalil steet et ausser Fro, datt jiddereen deen eng verantwortlech Roll an dësem Kontext iwwerholl huet, och muss zur Rechenschaft gezu ginn. De Buergermeeschter vu Belo Horizonte huet do eng genau Virstellung: „Esou munche President ass entéiert am Prisong gelant, dat fir wesentlech manner schlëmm Vergoen. Wann dës Tragedie ausgestanen ass, muss géint all d‘Regierungsmemberen ermëttelt ginn“.

Impfstrategie

Wärend sech op der politescher Bühn massiv gestridde gëtt, an de Jair Bolsonaro seng Hänn an Onschold wäscht, aktivéieren sech d‘Beamten am Gesondheetsministère. Hei gëtt vill Kraaft opgewannt, fir ze weisen datt ee sech beméit huet Impfstoff opzedreiwen. Et wieren dann och Liwwerunge geplangt an et hätt ee sech breet opgestallt. Et sinn esouguer Zuele virgeluecht ginn.

Laut de Beamten aus dem brasilianesche Gesondheetsministère, solle schonn déi aner Woch éischt Bestellunge vun AstraZeneca – insgesamt sollen zwou Milliounen Dose geliwwert ginn – am Land ukommen. Och a China gouf Vaccin bestallt. Néng Milliounen Dose „CoronaVac“ wieren ëm Wee, woubäi kee konkreten Datum genannt gouf. Alles zesummegeholl, géif dat duergoe fir 210 Millioune Mënschen ze impfen.

mat indymedia/car

Foto: © Karina Zambrana/OPAS/WHO

Related topics Brasilien, Covid19-Pandemie, Eduardo Pazuello, Impfcampagne, Jair Bolsonaro
Next post Previous post