Search

You may also like

Nordkorea gëtt keng Rou
International Neiegkeeten

Nordkorea gëtt keng Rou

„Rakéit! Rakéit! Eng Rakéit schéngt vun Nordkorea ofgeschoss ginn ze

Editorial: De Xavier an de Rechtsstaat
International Neiegkeeten

Editorial: De Xavier an de Rechtsstaat

Zu Bréissel hu sech gëschter d‘Staats- a Regierungscheffen drop gëeenegt,

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“
International Neiegkeeten

Message vum Groussherzog Henri: „Et sinn am Fong kleng Gesten, déi Grousses kënne bewierken“

Léif Matbierger, An dëse schwieregen Zäiten ass et mir wichteg,

Brasilianesch Regierung nei opgestallt

Versoe bei Pandemiebekämpfung geet weider, P1-Variant soll Immunsystem ëmgoe kënnen

Brasilianesch Regierung nei opgestallt

D‘Minister dréinen dem faschistesche President de Réck zou an ginn hirer Wee. Dat zwéngt de Jair Bolsonaro zur enger Kabinettsëmbildung. An der lescht war zudeem och den Ausseminister Ernesto Araujo zolidd an d‘Feier vun der Kritik geroden. Hien an de Verdeedegungsminister goufen direkt mat ausgetosch.

Als Verdeedegungsminister gouf de Souza Braga Netto agesat, fir déi baussenzeg Ugeleeënheeten ass elo de Carlos Alberto Franco França zoustänneg. Dem Araujo gëtt Inkompetenz virgeworf, well et dësem net gelonge war den Amerikaner an de Chinese méi Impfdosen ofzeverlaangen. De Fakt, datt den Ernesto Araujo ee grousse Bewonnerer vum virechten US-President war, ka matspillen…

Brasilianesch

Firwat allerdéngs och de Verdeedegungsminister Azevedo a Silva, deen all d‘Wënsch vu sengem Führer erfëllt huet, ausgetosch gouf? Unzeechen an der Ëffentlechkeet hat jiddefalls keng ginn. Et ass awer richteg datt och de wiessel vun den anere véier Ministeren, vill Froen opwerft. Anersäits steet de brasilianesche Gesondheetssystem virum Zesummebroch, an dat verlaangt Bauerenaffer.

Eleng um Samschdeg hunn d‘Autoritéiten iwwer 3.400 Stierffäll, déi a Relatioun mat der Covid19-Pandemie stinn, gemellt. Domadder huet Brasilien d‘Rekordmark vun den 300.000 Covid19-Affer iwwerschratt, eenzeg an den USA leien d‘Zuelen driwwer. Zudeem komme weider schlecht, ganz schlecht Nouvellen, aus dësem Land, wou de President weiderhi vun engem Grippevirus ausgeet.

Mam P1 an eng Pandemie-Bis?

Entspriechend den zougängleche Studien, erschéngt et realistesch, dat déi brasilianesch Variatioun vum SARS-Cov2 den Immunsystem vun „geheelte“ Covid19-Patienten ëmgoe kann. Eng weider Suerg: mat dësem Variant maachen och jonk Mënsche ganz schwéier Krankheetsverleef duerch an awer ass net alles iwwert de P1 gewosst, ausser: en ass méi Infektiös a Resistent géint Antikierper.

Brasilianesch

Dorausser ergëtt sech, datt eng neierlech Infektioun bei Persounen, déi d‘Krankheet iwwerstanen hunn oder geimpft goufen, duerchaus méiglech ass. De Schwäizer Virolog Andreas Cerny: „Bei Persounen déi d‘Krankheet duerchgemaach hunn, konnt nogewise ginn, datt d‘Schutzwierkung vun den Antikierper géintiwwer dem aktuell zirkuléierende Virus däitlech méi niddreg geleeën ass“.

Säitens Pfizer/Biontech a Moderna – dat sinn d‘Hiersteller vun den mRNA-Vaccinen – heescht et, datt een d‘Impfstoffer séier „upasse“ kann. An dësem Kontext stellt sech dann allerdéngs d‘Fro, ob ee sech muss op eng weider Impfung astellen, a falls jo wéi eng Interaktiounen tëscht den diverse Vaccine méiglech ass? Zu Bréissel geet een weider dovunner aus dat am Juli alles nees gutt ass…

mat indymedia/ccs/zrh/bru

Illustratioun: Do kann engem d‘Loscht op Noriichte vergoen… © Mauro Lima / unsplash

Related topics Brasilien, Covid19-Pandemie, Immunsystem, Impfstrategie, Jair Bolsonaro, P1-Variant
Next post Previous post