Search

You may also like

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?
International Neiegkeeten

Israel: Gënnt sech Likud eng nei Spëtzt?

An Israel mussen sech d‘Membere vun der pseudo-liberaler Likud tëscht

Tëschen Zäiten – E Projet tëscht Lëtzebuerger Schüler an dem Rapper Jay Holler
International Neiegkeeten

Tëschen Zäiten – E Projet tëscht Lëtzebuerger Schüler an dem Rapper Jay Holler

Bis Ufank Mee si Lëtzebuerger SchülerInnen dem Opruff vu Youth4Planet

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng
International Neiegkeeten

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng

Wéi de CGDIS matdeelt koum et gëschter am spéiden Owend

Brasilien: 42 Häftlinge bannent engem Dag ëmbruecht

Gewalt an den iwwerbeluechte Prisongen ass dat normaalst vun der Welt

Brasilien: 42 Häftlinge bannent engem Dag ëmbruecht

A véier Prisonge vun der nordbrasilianescher Stad Manaus si bannent 24 Stonnen op mannst 42 Häftlingen zu Dout komm. Wéi säitens de n Autoritéiten heescht, hätten d‘Läiche Spuere vum Erstéckungsdout opgewisen.

Méi Informatioune war vun den Autoritéiten am Bundesstaat Amazonas net gewuer ze ginn. Dat aus guddem Grond: d‘Prisongen a Brasilien si katastrophal iwwerbeluecht an déidlech „Konflikter“ och éischter d‘Reegel wéi d‘Ausnam. De Justizministère huet eng „Sonnereenheet“ entsandt fir Liicht an déi, och fir brasilianesch Verhältnisser, ongewéinlech Situatioun zu Manaus ze bréngen.

Woubäi dat net vu Muttwëll ass, ëmmerhi ware schonn um Sonndeg zu Manaus – mee an engem anere Prisong – 15 Häftlingen ëm d‘Liewe komm. Déi meescht vun hinne sollen erwiergt gi sinn, woubäi dat schonn als „klassesch Doudesursaach“ ze bezeechnen ass. Vun der Administratioun déi d‘Prisonge verwalt war leedeglech drop higewise ginn, datt „Gestreits“ zum Virfall gefouert hätt.

Laut den zougänglechen Informatiounen – iwwer Verfeelunge schwätzt keng Regierung gären – ware Mëtt 2016 ronn 730.000 Gefaangener an de brasilianesche Prisongen agespaart. Plaz géif et awer beschtefalls fir d‘Hallschent. E Land datt laut enger Erhiewung vun de Vereenten Natiounen, déi drëtt Plaz am Ranking vun de Länner mat de meeschte Prisonéier anhëlt, net verwonnerlech.

Datt et hei zwangsleefeg zu brutalen an oft och déidlechen Ausenanersetzungen an Opstänn kënnt wier Programm, esou Kritiker vum Prisongssystem. Déi sinn allerdéngs och vun der Unzuel vun Doudegen op engem Dag an enger eenzeger Stad iwwerrascht. D‘Chancen, datt d‘Ëffentlechkeet iwwer d‘Hannergrënn no der Enquête informéiert gëtt, sinn awer geréng. Et besteet keen Interessi.

mat indymedia/bsb

Illustratioun: Claudio Scott / Pixabay

Related topics Brasilien, Gewalt, Häftlingen, Manaus, Mord, Prisonéier
Next post Previous post