Search

You may also like

money
A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer
International Neiegkeeten

A Krisenzäiten: Gemenge verzichten op de Loyer

Et hat an de leschten Deeg vill Appeller un d‘Besëtzer

Et muss ee Grenzen zéien
International Neiegkeeten

Et muss ee Grenzen zéien

Ee Méindeg 14. Juni fënnt den nächsten NATO-Sommet statt, an

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!
International Neiegkeeten

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!

All Joer organiséiert Europa d’Woch vun der Impfung fir esou

Brasilien: Bandekrich am Prisong

Bei Ausenanersetzungen tëscht Banden am Prisong vun Altamira stierwen iwwer 50 Mënschen

Brasilien: Bandekrich am Prisong

Zum Gewaltausbroch am Prisong vun Altamira (Bundesstaat Pará) wier et komm, wéi Membere vun enger Band an den Zellentrakt vun enger rivaliséierender Grupp agedrongen ass.

Laut den Autoritéiten hätten d‘Ugräifer den Ausgank vun engem Raum blockéiert an uschléissend Feier geluecht. Eng Rei vun de Affer wier duerch d‘Dämp erstéckt. Insgesamt sinn 57 Affer ze bekloen. 16 Persoune sollen de Kapp ofgeschloe kritt hunn.

Bandekricher an de Prisonge vu Brasilien sinn éischter den Alldag, woubäi an dësem Ausmooss gesinn och d‘Autoritéiten dës Form vu Gewalt net esou oft. Déi meescht Prisonge gi vu Bande kontrolléiert an ënner dem Waachpersonal ass Korruptioun wäit verbreet.

PrisongDozou kënnt, datt vill Bande-Cheffen d‘Geschäfter vun hirer krimineller Organisatioun vum Prisong aus leeden. Schonn am Mee war et an engem Prisong vum Bundesstaat Amazonas zu Zesummestéiss komm. Hei ware sengerzäit 55 Mënsche verstuerwen.

Kënnt nach derbäi, datt allgemeng d‘Situatioun an de brasilianesche Prisonge keng gutt ass. Laut den Zuelen déi vun der Administratioun genannt ginn, sinn all d‘Prisongen iwwerbeluecht. D‘Kapassitéit beleeft sech op 416.000 Plazen, et gëtt awer 708.000 Häftlingen

mat indymedia/ccs

Foto: © Moises Lopez (via Twitter)

Related topics Altamira, Bandekrich, Brasilien, Prisong
Next post Previous post