Search

You may also like

US-Ausseminister am Afghanistan
International Neiegkeeten

US-Ausseminister am Afghanistan

Et war kee Frëndschaftsbesuch: den Amerikaner huet den Afghanen ze

Doudeger am Container schocken England
International Neiegkeeten

Doudeger am Container schocken England

An der Nuecht vun en Dënschdeg op e Mëttwoch huet

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“
International Neiegkeeten

Claude Turmes: „Är Energie fir eise Planéit!“

Am Ministère vun a fir d‘Energie (MEA), dee vum fréieren

Ass Brasilien d‘Wéi vun neie Covid19-Mutatiounen

Ass Brasilien d‘Wéi vun neie Covid19-Mutatiounen

Südamerika steet ënner Drock, d‘Covid19-Situatioun ass éischter oniwwersiichtlech, aus Brasilien gi bal deeglech nei traureg Rekordzuele gemellt, bei den Neiinfektiounen an den Affer… Laut den eegenen Angaben, wieren dës Zuelen awer net vollstänneg. D‘Donkelziffer dierft wuel nach emol esou héich sinn. Wéi en Undeel huet dorunner d‘Variant „P1“?

Eng vun den aktuell wichtegste Froen déi sech net nëmmen d‘Autoritéiten a Brasilien stellen, mee ugesiichts dem Äifer deen d‘Bolsonaro-Regierung beweist, schéngt een un enger Äntwert wéineg Interessi ze hunn. Brasilien mécht wéineg bis guer näischt géint d‘Covid19-Pandemie, dobäi gëllt als erwisen, datt verschidde Covid19-Varianten am Land Zirkuléieren. Misst do net méi geschéien?

Brasilien

Richteg ass wuel, datt d‘Impfcampagne a Brasilien lancéiert ginn ass an eppes iwwert 1% vun de Awunner hir éischt Dosis kritt hunn, mee de Gesondheetsminister Eduardo Pazuello, en ex-Generol a bekennende Faschist (wéi säin Idol a Leader) verdeelt bekanntlech léiwer onnëtz Malariamëttel, wéi dofir Suerg ze droen, datt iwwerall Sauerstoff virräteg ass. Et ass jo nëmmen eng kleng Gripp

Mat de Varianten/Mutatioune sollt een net de Geck maachen, esou déi gängeg Ausso, esouwuel vun international unerkannte wéi och brasilianesche Wëssenschaftler. Well d‘Regierung keng ënnerhëlt, weess een allerdéngs net genuch iwwert déi Covid19-Aarten, a folgerichteg och net, wéi sech de P1 am Land ausbreet. An der Metropol Manaus huet dëse Variant awer schonn Iwwerhand geholl.

Ee Virus op Speed

Elo ass et natierlech net esou, datt d‘Autoritéite méi oder besser géife sequenzéieren. Et bleift also alles beim „Verdacht“ an de Fait, datt et aus den anere Bundeslänner ongenee Gesamtzomme vun de verschiddene Variante gëtt, hëlleft och kengem. Elo huet et Ënnersichungen an 8 Bundeslänner ginn an et huet d‘Erkenntnis, datt d‘Mutatiounen sech séier a ganz virulent am Vollek ausbreeden.

Wat de Covid19-Variant P1 betrëfft, esou ass mëttlerweil seng DNA entschlësselt an d‘Fuerscher wëssen elo op wéi eng Plazen dëse mutéiert huet. Dëst „Wëssen“ awer beonrouegt d‘Wëssenschaft éischter, wéi datt et géif berouegen. De brasilianesche P1 enthält Verännerungen, déi esou an de Varianten aus Groussbritannien (B117) an/oder Südafrika (B1526) virkommen. Wat awer bedeit et?

Brasilien

Fir Fuerschung a Wëssenschaft ass et weiderhi problematesch d‘Eegenschafte vun engem Variant genee ze bestëmmen. Et muss ee sech den Ament mat Schätzungen zefridde ginn, och wa gewosst ass, datt hei d‘Marge „falsch ze leien“ entspriechend grouss ass. An awer gëtt scho Parameter déi esou unerkannt sinn: d‘Vitesse vun der Kontaminatioun, Widderstandsfäegkeet géint de Vaccin.

Wann d‘Vitesse vun der Verbreedung och vill mam Beholl vun de Leit ze dinn huet, also ob sech un d‘Gest Barrière gehale gëtt, esou mécht d‘Widderstandsfäegkeet vun den diverse brasilianesche Mutatiounen den Experte Suergen. Et gëtt Hiweiser – déi nach méi genee mussen ënnersicht ginn – laut deenen de P1 den Impfschutz ënnerlafe kéint, Mënschen sech trotz Vaccin infizéiere kënnen.

Wat se elo maachen

Bezitt ee sech drop, datt et bis ewell alles nëmme virleefeg Resultater/Erkenntnisser sinn, woubäi muss ugeholl ginn, datt de faschistesche President et virzitt „keng Resultater“ virleien ze hunn, da bleift et just beim „Verdacht“ datt de P1 virulent ass. Dat gëllt och fir d‘Ausso, datt den Impfstoff AstraZeneca beim P1 schwächelt. Déi aner bis ewell zougeloosse Vaccine wieren net beanträchtegt.

Wéi gesot, all dës Erkenntnisser berouen op den Experimenter am Laboratoire, an et kann een dës net direkt op déi reell Situatioun am Mënsch ëmsetzen. De mënschleche Kierper ass eng komplex Ugeleeënheet, an nach ginn d‘Medeziner dovunner aus, datt d‘Impfung wierkt a weider sënnvoll bleift. Elo gëllt et ze verhënneren, datt sech de P1 weider verbreet, wat och Konsequenzen huet.

Brasilien

Op déi brittesch Variant, hate vill Länner mat Grenzschléissung an Areesbeschränkunge reagéiert. Dat gëllt elo och fir d‘Brasilianer. Wëssenschaftler warnen: wann de Bolsonaro u senger Politik festhält, gewosst ass, datt déi besonnesch geographesch wéi demographesch Lag vum Land fir Zoonose Virdeelhaft ass, misst een driwwer nodenken, d‘Land a seng d‘Bierger ze isoléieren.

Dat geet natierlech net a wäert och net geschéien, egal op nozeweise wier, datt Brasilien zur Wéi vun neie geféierleche Covid19-Mutatioune ginn ass. Déi awer, wa se tatsächlech Resistent géint deen een oder anere Vaccin, méiglecherweis all d‘Vaccine sinn, kéinten alles wat bis heihinner schonn erreecht gouf, a Fro stellen. Bestätegt sech dat, wäert 2021 nach richteg Ustrengend ginn.

mat indymedia/ccs

Related topics Brasilien, Covid19-Pandemie, Covid19-Varianten, Südamerika, Variant P1
Next post Previous post