Search

You may also like

Dissidenten-Demo: „Putler Kaputt!“
International Neiegkeeten

Dissidenten-Demo: „Putler Kaputt!“

Déi ganz westlech Welt an natierlech besonnesch d‘Russen am Ausland,

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou
International Neiegkeeten

Am Numm vun der Konkurrenz a vum Profit – D’Spuerkeess mécht 11 Filialen zou

Et ass een neie schwéiere Schlag fir d’Notzer an d’Employéen:

Eng Ried an der Isolatiounskummer
International Neiegkeeten

Eng Ried an der Isolatiounskummer

Säit Joeren scho gëtt sech déi lokal an international ICT-Szen

Brasilien an de Klimawandel: Keng „Love Story“

Jair Bolsonaro: „Den Amazonas Reebësch gehéiert eis, a mir maachen domadder wat mir wëllen“

Brasilien an de Klimawandel: Keng „Love Story“

Den imminent noutwennege Schutz vun der Natur an de Ressource der Souveränitéit vun enger Regierung iwwert déi wirtschaftlech Entwécklung entgéint ze setzen, dat ass wuel net alldeeglech, bezitt sech awer och d‘Verantwortung, déi all d‘Länner op der Welt géintiwwer eisem Planéit hunn.

Verantwortung ze iwwerhuelen, géif dem faschistesche President vu Brasilien, Jair Bolsonaro, awer Unerkennung a Luef abréngen. Mee de Mann deen d‘Diktatur a sengem Land verherrlecht a virun allem weess, wiem hie säi Mandat schëlleg ass, gesäit den Amazonas als Geldquell un, a wëll sech vu kengem erkläre loossen, firwat déi ugestrieften Ausbeutung vum Amazonas de falsche Wee ass.

Et fänkt awer un en Ausmooss ze huelen, deen déi international Communautéit alarméiere sollt. Esou huet Brasilien erwisenermoossen am Juni eng Fläch vu ronn 900 Km² ofgeholzt. Dat sinn 90% méi wéi nach 2018. Zum Verglach: Lëtzebuerg huet eng Fläch vu ronn 2.686 Km². A beim aktuelle Rhythmus, verléiert de Reebësch pro Quartal esouvill Bestand wéi eist Land grouss ass.

Wat interesséiere mech är Problemer?

Zu den neien Zuelen an dem internationale Protest am Kontext vun der Ofholzung a Brasilien, stellt de Jair Bolsonaro dréche fest: „Dir musst emol verstoen, datt dat brasilianescht Amazonasgebitt net iech gehéiert!“ An dat ka keen dem „südamerikaneschen Trump“ falsch maachen. Brasilien ass e souveräänt Land an déi éischt Verflichtung vun der Regierung ass den Bierger vum Land geschëlt.

Si hunn also – zumindest am Prinzip – Recht sech näischt vun anere virschreiwen ze loossen. Mee elo gëtt et awer dësen, eise Planéit, nëmmen eng kéier, firwat all d‘Länner op der Welt alles sollten dru setzen, dësen den zukünftege Generatiounen ze erhalen. Mee fir de Jair Bolsonaro ass dat keen Argument, mat deenen hie senge „Frënn“ eng Freed géif bereeden, et geet jo och ëm masseg Goss.

Interessant och, datt hien – ähnlech wéi den US-President – mat alternative Fakte versicht d‘Leit fir domm ze verkafen. Un d‘Adress vun der Bundesregierung riicht hie folgend Wierder: „Ech soen et dann nach eng kéier: mir erhale méi Bësch wéi all déi aner. Kee Land op der Welt sollt iwwert den Amazonas schwätzen. Dir hutt är Ekosystemer jo schonn zerstéiert an mir ginn net dëse Wee“.

Ass elo d‘Institut fir Weltraumfuerschung schold?

Datt Brasilien méi Bësch wéi de Rescht vun der Welt versuergt ass eng krass Ligen, woubäi de Jair Bolsonaro zwar e Faschist net awer en Idiot ass. Hien huet e schlagkräeftegt Argument: „An Awer wëll eis jidderee virschreiwe wat mir ze maachen hunn. Déi Däitsch zum Beispill: si maachen aus fossille Brennstoffer wéi Ueleg a Kuel Stroum. Mir hu kaum Kuel. Mir sollten e Virbild sinn“.

Esou kann et engem ergoen, wann ee grouss Téin späizt awer de facto net amstand ass mam gudde Beispill virzegoen. Mee dat betrëfft net eis däitsch Noperen eleng, un dësem knaschtege Spill an deem d‘Wirtschaft d‘Reegelen opgestallt huet, bedeelegen sech all d‘Länner vun der EU, och dat butzegt Lëtzebuerg. Mee et ass net d‘EU an bestëmmt net Berlin, déi sech op „Zuele“ behaapten.

D‘Virwërf deenen sech de Jair Bolsonaro a seng onséileg Regierung ze stellen huet, kommen aus dem eegene Land, méi prezis vun enger „staatlecher Administratioun“. Et sinn net déi gréng a lénks „versiften“ Aktivisten a Journalisten, jo nach net emol déi europäesch Institutiounen, déi Alarm schloen. Nee et ass d‘INPE, dat brasilianescht Institut fir Weltraumfuerschung dat Alarm schléit.

D‘INPE e Spillball vu Greenpeace an dem WWF ?

Am Institut fir Weltraumfuerschung ginn Dag fir Dag, Woch fir Woch héichopléisend Satellittebiller vum Amazonasgebitt analyséiert. De President beschëllegt elo seng Wëssenschaftler mat Aktivisten an ONGen aus dem Ausland ënnert enger Decken ze stiechen. Zu dësem Zweck hält sech de Jair Bolsonaro u seng bewäerte Feindbiller: Greenpeace an der World Wildlife Fund (WWF).

Dozou de brasilianesche President: „Dat ass dach en alen Hutt, Wie sëtzt dann un der Spëtzt vum INPE? Dee muss déi Daten erklären, déi hien der internationaler Press zouschanzt. Mir hunn d‘Gefill datt dat net stëmme kann. Et gesäit ganz duerno aus, dat hie fir iergendeng ONG schafft. Dat soll jo och méi oft virkommen“. Déi eege Wëssenschaftler diffaméieren ass staarken Tubak.

Fir den INPE-President, Ricardo Osorio Galvao, gëtt et dorops nëmmen eng Äntwert: „Dem Jair Bolsonaro säi Beholl respektéiert a kenger Weis d‘Würd an d‘Sitte vum Mandat. Besonnesch wann hie mat de Medie schwätzt, mee och soss schwätzt hien esou wéi een dat vum Stammdësch kennt.“ An dat trëfft den Nol op de Kapp. Dem INPE-President seng Remark hat dann och Konsequenzen.

De Mond ze voll geholl, an zréckgeruddert

Nom President senger Attack op d‘INPE an där hir Mataarbechter, déi sech vollstänneg op Lige stëtzt, huet et eppes Opreegung am Land ginn. Déi brasilianesch Akademie vun de Wëssenschaften, mee och Fuerschungs- a Héichschoulverbänn hu sech unhand dem Jair Bolsonaro sengen Aussoe geschlossen hannert d‘Weltraumfuerschungsinstitut gestallt an en oppene Bréif geschriwwen…

Si stelle fest (wéi all déi aner Instituter weltwäit déi mat der INPE zesummeschaffen) datt dat brasilianescht Institut fir Weltraumfuerschung seng Donnéeën am héchste Mooss transparent erhieft, an d‘Präzisioun géif hei bei 95% leien. Anescht ausgedréckt: déi dramatesch Lag am Amazonasgebitt ass e Fakt deen sech net ewech argumentéiere léisst. Dat huet gewierkt.

Nodeems d‘Opmierksamkeet fir de Jair Bolsonaro an eng „falsch“ Richtung ëmgeleet ginn ass, an eigentlech all weider Interventioun de President nach méi domm ausgesinn deet, huet dësen sech „besënnt“ a relativiséiert seng eegen Aussoen. De brasilianesche President wërft dem INPE-President nëmmen nach vir „d‘Regierung net zäiteg gewarnt ze hunn“. Abee Merde alors…

mat indymedia/ccs/sfo/mon

Foto: Luis Delthreed/Pixabay

Related topics Amazonas, Brasilien, Jair Bolsonaro, Klimawandel, Ofholzung, Reebësch
Next post Previous post