Search

You may also like

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier
International Neiegkeeten

Et hält net op: Feier an der ZI Gadderscheier

Gëschter Moien um 10:30 Auer ass beim CGDIS ee Feier

T’kann een se net all an en Dëppe geheien
International Neiegkeeten

T’kann een se net all an en Dëppe geheien

Wärend den Tourismusminister Lex Delles der Lëtzebuerger Bevëlkerung an de

CNL: Renovatiounsaarbechten um Mëttwoch
International Neiegkeeten

CNL: Renovatiounsaarbechten um Mëttwoch

Wéi den nationale Literaturzenter matdeelt wäerten hir Dieren um Mëttwoch,

Brasilien: Faschistesch Bildungspolitik mat Niewewierkungen

President Bolsonaro wëll Universitéiten de Budget ëm 30% kierzen

Brasilien: Faschistesch Bildungspolitik mat Niewewierkungen

D‘Bildungspolitik vum rietse brasilianesche President Jair Bolsonaro stéisst bei senge Landsleit op wéineg Géigeléift. Seng Annonce déi staatlech Zouwendunge fir Universitéiten ëm 30% ze kierzen, huet dann och schonn zu éischte Protester gefouert. De „südamerikaneschen Trump“ setzt Akzenter.

Schüler, Studenten an Dozenten hu gëschter géint déi vun der rietsextremer Regierung annoncéiert Austeritéitsmoossname protestéiert. Trotz heftegstem Reen, sinn iwwer 150.000 Manifestanten zu Rio de Janeiro op d‘Strooss gaangen, fir géint dës esou onverständlech wéi schiedlech Decisioun ze protestéieren. Et ass zugläich den éischte Masseprotest géint d‘Politik vum faschistesche President.

E Professer, deen aus verständleche Grënn net wëll ernimmt ginn, huet eis erkläert, datt et mat der Bildungspolitik vun dëser Regierung fir déi meescht jonk Mënsche keng Zukunft gëtt. „Si mussen elo op d‘Strooss goen a hir Rechter afuerderen, iert d‘Situatioun endgülteg verfuer ass“.

Et feelt un allem…

Wat dat fir d‘Universitéite bedeit: -25% fir Ënnerhalt (Geld dat laut der Regierung „agefruer“ soll ginn), bei Stroum, Waasser a Botz solle bis zu 40% agespuert ginn. Fir Héichschoulen, déi am „Verdacht“ stinn eng éischter „lénk Liewensphilosophie“ ze vertrieden, soll et esouguer méi sinn.

Bildungspolitik

Studente beriichte vu chaoteschen Zoustänn an datt et un allem feelt. Esou gëtt et net genuch Säll an d‘Kierzunge vum Budget sinn deraart dramatesch, datt eng Universitéit vun der Schléissung bedreet ass. Si hätt nach Mëttel fir ee Mount ze bestreiden a wann sech op héchstem politeschen Niveau net engem bessere Besënnt gëtt, wäert d‘Uni missen seng Dieren zoumaachen. Och dat niert de Protest.

An dem Jair Bolsonaro geet et dann och net ëm eenzel Institutiounen. Hien deen d‘Diktatur (1964-1985) verherrlecht, weess datt een e gutt ausgebilte Vollek net zu eegenen Zwecker mëssbrauche kann. De Wëssensdrang léisst sech anscheinend am einfachste, mam sträiche vu Subside bremsen.

Fuerschung gëtt iwwerbewäert

Wa Fuerschung net zu méi Muecht am eegene Land bäidréit, da brauch een se net. Esou zumindest léisst sech spekuléieren, wa bekannt gëtt, datt och de Budget fir d‘Fuerschung soll „agefruer“ ginn. Bourse fir Studente solle ganz gestrach ginn. Dat wierkt sech direkt op de Gesondheetssystem aus.

Bildungspolitik

Tatsächlech sinn e sëllechen Infrastrukture vu gutt funktionéierenden Universitéiten/Héichschoulen ofhängeg. Déi ënnerstëtzen d‘Fuerschung, ënnerhale Kliniken a villes méi. Wéinst der schoulescher Austeritéitspolitik riskéiere vill Leit hir eenzeg Behandlungsméiglechkeet ze verléieren. Wann dann de Jair „Tropen-Trump“ Bolsonaro sech zu Dallas de schéine Männche mécht, gëtt et bosseg.

Déi faschistesch Flaachzang erkläert den Amerikaner: „Déi meescht sinn Aktivisten, déi näischt am Kapp hunn. (…) et sinn nëtzlech Idioten, Hännessen, déi als Kanounefudder enger klenger Grupp Schlaumeier déngen, déi de Kär vun eise Bundesuniversitéiten ausmaachen“. Abee merde alors…

Mat um Rudder: d‘Kierch

Bei den amerikaneschen Trump-Fans kommen esou geféierlech Spréch gutt un, an och an Europa gëtt et Länner, wou dësen Toun gäre gehéiert gëtt. Leider beweist et wéi en diktatoresche Regime funktionéiert: dem Mënsch d‘Wësse virenthalen, fir dësen no eegenem Gusto ze manipuléieren.

Bildungspolitik

A wann een dem fréieren Offizéier nach ka gutt halen, datt de Staatshaushalt vu Brasilien sech net beschter Gesondheet erfreet, wat dann och zu Kierzungen an anere Beräicher wäert féieren, esou ass ze erkennen, datt am Kontext vun der Bildung ëm wiesentlech méi wéi de Goss geet. Schoule wëll de Jair Bolsonaro disziplinéieren, an déi evangelesch Péngschtkierchler ënnerstëtzen dat.

Déi brasilianesch Kierchen (mat kathouleschem Ustrach) an de Jair Bolsonaro sinn sech an engem Punkt eens: Schoulen an Universitéite sinn e Reservoir fir de Marxismus. Hei muss mat eisener Biicht „entpolitiséiert“ ginn. Dat kléngt éischter no Diktatur wéi no Demokratie, an ass gewollt.

Op ee Wuert…

Der Gefor bewosst deem engen oder aneren op d‘Féiss ze trëppelen, ass et op dëser Plaz wichteg, nach emol drun ze erënnere wien de Jair Bolsonaro ass. Den Diktaturnostalgiker ass voller Viruerteeler an e Rassist, e Klimagéigner an eng Ëmweltsau. Säi Spëtznumm: Tropen-Trump, passt.

Sech mat de Studenten unzeleeën, déi als „lénksversiffte Feinde vun der Demokratie“ duergestallt ginn, ass sécherlech och en Test. De Jair Bolsonaro muss sech eruntaaschte fir erauszefanne wéi „sécher“ seng Muecht ass. Schliisslech steet och nach den ugekënnegte Generalstreik (14. Juni) am Raum, wou d‘Brasilianer sech géint déi geplangte Rentereform zu wier setze wëllen.

D‘Kierch an d‘Wirtschaft awer stellen sech hannert de Faschist, hei besonnesch déi auslännesch „Investisseuren“, déi héich erfreet sinn, datt de President, Jair Bolsonaro, den Amazonas-Bësch a riseg landwirtschaftlech Notzflächen ëmwandele wëll. An dat ass et wourëms et geet: de Goss!

mat indymedia/rio/mia

Foto: Iwwert eng Millioun Leit hunn a Brasilien géint d‘Bildungspolitik vun der faschistescher Regierung protestéiert. Déi wëll de Educatiounsbudget ëm mindestens 30% kierzen a verhënneren datt jonk Mënschen eng eege Meenung entwéckelen an op emol Demokratie afuerderen. © Redfish

Related topics Bildungspolitik, Brasilien, Faschismus, Jair Bolsonaro, Universitéit
Next post Previous post