Search

You may also like

Si hu sech gutt Beholl… also déi meescht
International Neiegkeeten

Si hu sech gutt Beholl… also déi meescht

Um Freidegowend hat d‘Police op Unuerdnung vum Parquet zwou Alkoholkontrollen

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren
International Neiegkeeten

CFL multimodal: Bettel a Bausch bei de Containeren

CFL multimodal an CFL cargo zu Diddeleng-Beetebuerg sinn am Beräich

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel
International Neiegkeeten

De Nicolas Schmit wëll op Bréissel

Wann ee bedenkt, datt den aktuellen Aarbechtsminister, Nicolas Schmit (LSAP)

Brasilien: Gesondheetsminister aus dem Amt verjot

Brasilien: Gesondheetsminister aus dem Amt verjot

De faschistesche President vu Brasilien, deen de Coronavirus Covid19 widderholl als „liicht Gripp“ verkläert huet, verdréit et einfach net wann een anerer Meenung ass wéi hien. Dofir kann et och net ugoen, datt een als Gesondheetsminister an der Pandemie Ausgangsspäre fuerdert.

A Brasilien huet den Diktaturnostalgiker Jair Bolsonaro es schon déck sat, datt Gouverneuren an de Provënze maache „wat si wëllen“, mee wei dunn och nach de Gesondheetsminister Luis Henrique Mandetta ugefaangen huet dem President iwwert de Mond ze fueren, jo war d‘Bëtschel fett, an de „Revoluzer“ krut de Stull vrun d‘Dier gestallt. De Minister huet dat op Twitter bestätegt.

Brasilien

Als Nofollger, huet de President mam Charisma vun enger Lepra-Statioun, de Nelson Teich, en Onkolog, ernannt. Deen huet a senger éischter Pressekonferenz dann awer erkläert, datt et mat him net wäert zu „Entscheedungen aus dem Stand“ kommen, wat d‘Lackerung vun de Moossnamen an dëser sanitärer Kris betrëfft. De Bolsonaro sengersäits wëll d‘Wirtschaft nees un lafe kréien, zügeg.

Mat Dëppen a Panen

Den Dokter an elo ex-Minister Luis Henrique Mandetta, hat wéinst an der Kris vill Zousproch vu senge Landsleit erhalen. D‘Brasilianer werfen hirem President vir, dës Kris ënnerschätzt ze hunn, an amplaz de Faschist mat Fackelen a Mëschtgreef aus dem Amt ze verjoen, protestéieren si andeems se sech Owes op de Balcon oder dann d‘Fënster stellen an op Dëppen a Panen trommelen.

BrasilienWoubäi sech och de Minister – am verglach zu de Gouverneuren aus de Provënzen – eréischt spéit fir de Confinement ausgeschwat huet. De President dogéint, deen d‘Pandemie widderholl als kleng Gripp ofgedoen huet, verweist op de Schued deen entsteet, wann e géif d‘Wirtschaft unhalen. An dës Wirtschaft ass säi politesch Réckgrat. Woubäi et richteg ass, datt déi an der Kris Schutz brauch.

De Sträit war ofzegesinn

Tëscht dem Bolsonaro an dem Mandetta huet sech Sträit an de leschte Wochen entwéckelt. Wéi de President Ufank Abrëll an engem Interview gemengt huet, datt säi Gesondheetsminister net genuch „Higab“ un den Dag leet, war den Dissens an der Ëffentlechkeet ukomm. De 5. Abrëll huet de Jair Bolsonaro seng Fans erkläert, datt hie géint jidderee wäert virgoen, deen sech ze wichteg hëlt.

Brasilien

De 6. Abrëll haten dem Luis Henrique Mandetta seng Mataarbechter schonn hir Büroe geraumt, mee d‘Urteel war nach net Sprochräif. 14 Deeg drop, nodeems schonn dem Minister säin enkste Mataarbechter Wanderson de Oliveira säi Récktrëtt erkläert hat (15. Abrëll), war et dann offiziell, an de Minister ass entlooss ginn. A Brasilien si bis ewell eng 2.000 Mënschen um Virus gestuerwen.

mat indymedia/ccs

Foto: De Gesondheetsminister Luis Henrique Mandetta (r), selwer Dokter hat sech fir drastesch awer Noutwenneg Mesuren ausgeschwat, an esou och de Gouverneuren an de Provënzen de Réck gestäipt, déi eegemächteg Ausgangsspären an ee Sécherheetsofstand ëmgesat hunn. Dat konnt net gutt aus goen. © veja

Related topics Brasi, Coronavirus, Covid19, Faschismus, Jair Bolsonaro, Luis Henrique Mandetta
Next post Previous post