Search

You may also like

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz
International Neiegkeeten Stories

Schwéiert Äerdbiewen op der iranesch-irakescher Grenz

Um spéide Sonndegowend si bei engem schwéieren Äerdbiewen, engem éischte

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?
International Neiegkeeten Stories

Editorial: Wie brauch proppert Waasser?

Haut ass de Weltwaasserdag, an déi gesamt Weltgemeinschaft ass sech

De Landwirtschaftsministère warnt: Histamin a Produiten aus dem Cactus Fëschrayon
International Neiegkeeten Stories

De Landwirtschaftsministère warnt: Histamin a Produiten aus dem Cactus Fëschrayon

De Landwirtschaftsministère warnt virum Konsum vu Produiten aus dem Cactus

Brasilien gëtt zur Gefor fir d‘Weltgemeinschaft

De Covid19 am südamerikanesche Land huet d‘Wirtschaft an elo och d‘Politik iwwerholl

Brasilien gëtt zur Gefor fir d‘Weltgemeinschaft

Gesondheetsminister a Brasilien sinn, heescht ee prekäre Job unhuelen a sech der Gefor aussetzen, d‘Verantwortung fir presidentiell Decisiounen iwwerhuelen ze mussen. An zanter dem Ausbroch vun der Covid19-Pandemie, hu scho vill „Kandidaten“ d‘Verantwortung iwwerholl.

Dee leschte wou sech fir säi „Führer“ a beispillloser Loyalitéit als Onfäeg bewisen huet: e fréieren Offizéier mam Numm Eduardo Pazuello. Statt dem dréngend benéidegtem Sauerstoff, huet dëse Malariamëttel verdeelt, fir dëser „klenger Gripp“ entgéintzetrieden. Eng Gripp déi fir ronn 300.000 Stierffäll verantwortlech ass… An de faschistoide Jair Bolsonaro hält stramm u senger Linn fest.

Am Land selwer awer schéngt et nach Käpp ze ginn, déi net amuséiert sinn, wann sech Dokteren an Experten derzou verleede loossen, Brasilien als ee grousst Fräiloftlabor ze bezeechnen. An et ass jo zimmlech interessant ze observéieren, wéi ee Schued déi brasilianesch Covdi19-Variant „P1“ an esou kuerzer Zäit uriicht, wann een dësem nëmme genuch Spillraum zur Verfügung stellt.

Teamchef muss auswiesselen

Well den Eduardo Pazuello ganz onerwaart senger Missioun net gewuess war, an sech am Land vill Onmutt breet gemaach huet, huet de President dëse „remerciéiert“ a fir seng weider berufflech Zukunft vill Gléck gewënscht. Den ex-Militär gëtt nees duerch ee Medeziner ersat. Dës Kéier ass et ee Kardiolog, deem seng Expertise dann hoffentlech dem Land endlech eng reell Hëllef ass.

Dorunner gëtt et awer berechtegt Zweiwel, well natierlech ënnerhält den Dr. Marcelo Queiroga, deem elo de Gesondheetsministère iwwerdroe gouf, eng ganz vertraulech-frëndschaftlech Bezéiung mat der Famill Bolsonaro an hirer Entourage. Selbstverständlech ass och dëse Gesondheetsminister géint ee Confinement an aner aschränkend Moossnamen. Et gëtt eben ëmgesat wat de Chef wëll.

Beim éischten ëffentlechen Optrëtt als Gesondheetsminister huet de Marcelo Queiroga jiddefalls d‘Marschrichtung onmëssverständlech erkläert: „Net de Gesondheetsministère, mee d‘Regierung bestëmmt wéi eng Moossnamen an enger sanitärer Kris agefouert an ëmgesat ginn“. Dat dierft bei all deene gutt ukomm sinn, déi Drock gemaach an ee Wiessel vum Bolsonaro gefuerdert haten.

Schëlleg am Sënn vun der Uklo

Wann de politesche Block, deen als „Mëtt-Riets“ scho bal als demokratesch ze bezeechne wier, elo de fréiere Generol als „Verbriecher“ a „Mäerder“ duerstellt, esou trëfft dat bezunn op seng Aktioune wuel zou, féiert awer derzou, datt ee virschnell unhuele kéint hie wier dee „Schëllegen“. De Mann ass sécher kee Kaddo, mee streng geholl just ee Matleefer dee sengem Här a Gebidder héiereg ass.

An dat trëfft esou och op den „Neien“ zou. Och hie wäert seng ganz Energie dofir opwannen, dem President seng Wënsch, esou wéi dësen se vu senge Frënn aus Industrie a Wirtschaft zougedroe krut, beschtméiglechst ëmzesetzen. Et kann also net besser ginn, et wäert weider gestuerwe ginn. Eventuell ass awer grad dat deel vun der innepolitescher Strategie, déi de Jair Bolsonaro verfollegt.

Wat sollt gemaach ginn

Et ass ëmmer méi einfach en Nazi ze verurteelen, wéi a komplizéierte Froe verständlech Léisungen op den Dësch ze leeën. Woubäi dank dem Jair Bolsonaro d‘Land därmoosse vill Zäit verluer huet, dat esouguer „amerikanesch“ Proposen e Versuch wäert sinn. Woubäi eigentlech, zumindest wann eeschthaft sollt dru geduecht ginn, wierklech emol de Grondstee fir d‘Handlung ze leeën, et keng zeg Alternativen huet. Fir unzefänke sollt sech d‘Land en totale Lockdown fir 30 Deeg gënnen.

Jo och da stierwen nach masseg Mënschen – wat awer net dem Confinement unzelaaschten ass, mee dem virbildleche Gesondheetssystem – mee zumindest kéint een nees duerchootmen. An da muss och a Brasilien massiv geimpft ginn. Theoretesch (also falls et genuch Impfstoff hätt, de politesche Wëllen dofir do wier) kéinten a Brasilien all Dag bis zu dräi Millioune Mënsche geimpft ginn.

Mee de Jair Bolsonaro läit am Clinch mat de Buergermeeschter vun de Groussstied a Metropolen, leet sech zuweilen och mat de Gouverneuren un vun deenen den Diktaturnostalgiker behaapt: „Déi hunn net d‘Absicht Liewen ze retten, déi wëllen d‘Muecht iwwerhuelen“, esou de Jair Bolsonaro géintiwwer Globo News. An esou brénge schlussendlech och déi lokal an/oder regional getraffe Mesure wéineg. Vläicht hëlleft et jo elo, datt 54% vun de Brasilianer sech méi Mesure Wënschen.

Just ee Fakt

Wann een elo sollt dierfen unhuelen, datt esouguer de Jair Bolsonaro aus reng politesche Grënn a fir dat eegent Wuel, bereet ass sech no méi Impfstoff ëmzekucken, esou kënnt dat alles zimmlech spéit, fir net ze soen ze spéit. An dat ass eng schlecht Nouvelle vir d‘Weltgemeinschaft. Wann et richteg sollt sinn, datt sech aus „Grënn“ am Amazonasgebitt Covid19-Varianten entwéckele kënnen, an net konsequent géint d‘Ausbreede vum Coronavirus virgaange gëtt. Gett d‘Pandemie net op en Enn.

Weider Variante sinn a bleiwen ee grousse Risk, si stellen en zolitte Problem fir Weltgemeinschaft duer. Och dat kann een natierlech erofspillen an als „Panikmaacherei“ mat engem Gest zréckweise woubäi, fir d‘Nopere vu Brasilien, ass dës Panik net gefillt mee ganz reell. Argentinien, Paraguay an Uruguay am Süden, erliewe grad ganz bewosst wat et heescht, wa beim Noper d‘Kontroll iwwer d‘Gesondheetssystemer an Hänn vu Scharlatanen a Verbriecher gehale gëtt. A jo mir maache mat…

mat indymedia/ccs

Foto: Marcelo Queiroga, Presidente da Sociedade Brasileira de Cardiologia

Related topics Brasilien, Covid19-Variatiounen, Dr. Marcelo Queiroga, Gesondheetsminister, Jair Bolsonaro
Next post Previous post