Search

You may also like

Gitt dem Virus keng Chance
International Neiegkeeten

Gitt dem Virus keng Chance

Um Donneschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an de Premierminister sech zur 2.

Franséischt Sécherheetsgesetz dreift d‘leit op d‘Strooss
International Neiegkeeten

Franséischt Sécherheetsgesetz dreift d‘leit op d‘Strooss

De Protest géint den Artikel 24 vum Sécherheetsgesetz, war zu

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet
International Neiegkeeten

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet

Kaum eng Diskussioun ass esou hëtzeg, wéi déi ëm d’Iwwerliewe

Brasilien: Justiz hieft Urteeler géint de Lula op

Ee Riichter vum ieweschte Geriichtshaff huet d‘Strofurteeler géint de fréiere President opgehuewen

Brasilien: Justiz hieft Urteeler géint de Lula op

Den ieweschte Geriichtshaff an der Haaptstad Brasilia huet matgedeelt, datt d‘Urteeler géint de Luis Ignazio Lula da Silva opgehuewe goufen. Domadder kann de sozialistesche Leader sech 2022 nees als Kandidat fir d‘Presidence opstellen. U Popularitéit feelt et dem 75 järege bekanntlech net.

De Luis Ignazio Lula da Silva war Staatschef vun 2003 bis 2011. 2018 huet de fréiere Riichter a spéidere Justizminister Sergio Fernando Moro (2019/20), de Lula an zweeter Instanz wéinst Korruptioun a Geldwäsch zu zwielef Joer an engem Mount feste Prisong veruerteelt. Esou war séchergestallt, datt de fréiere President sech net méi kéint fir Presidentschaftswal opstelle loossen.

Am November 2019, no 580 Deeg hanner Gitter, gouf de Luis Ignazio Lula da Silva virzäiteg aus der Haft entlooss ginn. Iwwert dës ganz Zäit haten dem Lula seng Unhänger Mahnwaache virum Prisong ofgehalen. Hinnen hat den ex-President dann och déi éischt Usprooch vergënnt. Hien hat vun enger Grondsazentscheedung profitéiert, war awer zu dësem Zäitpunkt juristesch „schëlleg“.

Elo aslo ass de Riichter Edson Fachin vum ieweschte Geriichtshaff zur Conclusioun komm, datt d‘Geriicht an der Stad Curitiba „net kompetent“, also net zoustänneg war. Dat bezitt sech op d‘Erkenntnis, datt d‘Virwërf géint den Luis Ignazio Lula da Silva, keen direkten Zesummenhang mat der Antikorruptiounsoperatioun „Lava Jato“ hunn. Domat huet de Bolsonaro elo e Géigner…

mat indymedia/ccs

Illustratioun: © Pop & Zebra / unsplash

Related topics Brasilia, Brasilien, Geldwäsch, ieweschte Geriichtshaff, Justizminister Sergio Fernando Moro, Korruptioun, Luis Ignazio Lula da Silva
Next post Previous post