Search

You may also like

Vereedegung vu véier Ënneroffizéier
International Neiegkeeten

Vereedegung vu véier Ënneroffizéier

Gëschter huet de Colonel Yves Kalmes, Kommandant vum Militärzentrum, véier

Wat wëllen déi Konservativ?
International Neiegkeeten

Wat wëllen déi Konservativ?

Um Dënschdeg Owend hat déi kierzlech vum Joe Thein gegrënnte

Berlin: Schweige-Marsch vun de Masken- an Impfgéigner
International Neiegkeeten

Berlin: Schweige-Marsch vun de Masken- an Impfgéigner

Um Sonndeg hu sech d‘Géigner vun de Coronavirus-Moossnamen nees an

E President gënnt sengem Vollek Massegriewer

Wann een déi aktuell Biller aus Brasilien gesäit ginn engem d‘Schudderen aus: iwwerlaaschte Spideeler a Massegriewer sinn zum Alldag ginn. Dem Jair Bolsonaro seng „kleng Gripp“ bréngt d‘Land un seng Grenzen.

E President gënnt sengem Vollek Massegriewer

An der Metropol Manaus, déi matten am Amazonasgebitt geleeën ass, hiewen d‘Bagger d‘Griewer am Stonnentakt aus. A wärend sech nach e puer privilegiéierter e Grav leeschte kënnen, ginn op anere Plazen d‘Mënschen a Massegriewer vergruewen. Hannert de Spideeler stinn d‘Killcamionen, eng kuerz Etapp fir d‘Läichesäck… De Buergermeeschter Arthur Vigilio Neto ass verzweiwelt.

An engem Zeitungsinterview huet hien no Hëllef geruff an betount, datt dat wat Manaus gras erlieft, keen Noutstand mee eng regelrecht Katastroph ass. Hei ass den Triage – also d‘Entscheedung iwwert wiem oder wiem net méi ze hëllefen ass – eng batter Realitéit. Doktere mussen entscheeden, wiem si déi beschten Iwwerliewenschance ginn, mee d‘Vernonft schéngt sech net duerchzesetzen.

De Buergermeeschter beklot sech iwwert d‘Approche vum Jair Bolsonaro, stellt dann trotzeg kloer: „Mir ginn net op, obwuel de President d‘Leit op d‘Stroosse schéckt a sech vill Tockskäpp am Fräie schéngen ophalen ze mussen“. Traureg och de Constat, datt d‘Zuelen sech net mat der Unzuel vu Griewer deckt. Offiziell wiere bis ewell nëmmen 200 Mënschen un der Infektioun verstuerwen…

Vun der Welt ofgeschnidden

Datt awer Zuel vun de Stierffäll erhieflech méi héich muss, dat léisst net verstoppen, mee erklären. Déi Verstuerwe gi jo och net op de Virus getest, a wien doheem dat zäitlech seent, kënnt och net an d‘Statistik. A Manaus, déi eenzeg Metropol am Bundesstaat Amazonas, ass nëmme per Schëff oder mam Fliger ze erreechen. Dat heescht et ass och nach komplizéiert d‘Ausrëschtung ze liwweren.

Wann asu dem Grond elo d‘Lag zu Manaus besonnesch bedreelech ass, esou ginn d‘Metropolen am Süde vu Brasilien net verschount. Hei steet de Gesondheetssystem virum totalen Zesummebroch an esou muss och elo schonn – a hei stinn se eréischt ganz um Ufank vun der sanitärer Kris – zu Rio de Janeiro decidéiert ginn, wien ee Beotmungsapparat kritt a wien net. Där huet et nämlech wéineg.

An engem ëffentleche Spidol vu vun der Stad um Zockerhutt huet en Dokter erkläert: „Ech hunn haut eng 20 Leit déi Sauerstoff kréien an hiren Zoustand kann sech zu all Ament verschlechteren, bis hin zur Intubatioun. Mir hunn awer nëmmen zéng Beotmungsapparater an dovunner sinn der aacht beluecht. Den akute Materialmangel kascht elo scho Mënscheliewen“.

Tester, wou sinn déi Tester?

Eng vun de gréisste Suerge mat deem d‘Gesondheetspersonal ze kämpfen huet: si kënnen net getest ginn. Nëmme Patiente mat schwéiere Symptomer gi getest an hei kann et bis zu 14 Deeg daueren, bis d‘Resultater virleien. Verdachtsfäll mat liichte Symptomer ginn och net getest, wéi och, et feelt schlicht an ergräifend un allem, vu Masken iwwer Schutzkleedung bis hin zu den Tester.

Trotzdeem weisen d‘Zuelen déi zur Verfügung stinn, en anert Bild: bis ewell soll et Brasilien alles an allem 50.036 Infektiounsfäll ginn hunn. Verstuerwe sinn der dovunner 3.331, erholl hätten sech 26.573 Patienten. Da Gros vun dësen Infektiounsfäll ass bannent dem 18. Mäerz an dem 23. Abrëll festgestallt ginn. Schon elo sinn zu Rio de Janeiro iwwer 90% vun den Intensivbetter beluecht.

D‘Privatkliniken an de räiche Quartiere ware séier un Grenze vun hire Kapassitéite gestouss, an déi staatlech Ariichtunge ginn dem Ustuerm aus de Favelaen net méi meeschter. De President Jair Bolsonaro awer bleift sech trei. Hie schwätz weider vun Hysterie a fuerdert vun de Gouverneuren, déi Beschränkunge verhaangen hunn, dës direkt nees opzehiewen. Wéi eng Ziler verfollegt hien?

mat indymedia/ccs

Foto: © Nacho Lemus/teleSUR

Related topics Brasilien, Coronavirus, Covid19, Jair Bolsonaro, Massegriewer
Next post Previous post