Search

You may also like

Britescht Parlament erzwéngt Fristverlängerung
International Neiegkeeten

Britescht Parlament erzwéngt Fristverlängerung

Déi britesch Regierung huet also am Numm vum Premierminister elo

Déifferdenger Sozialiste wëllen ee Liichtathletik-Stadion
International Neiegkeeten

Déifferdenger Sozialiste wëllen ee Liichtathletik-Stadion

D‘Iddi vun engem Liichtathletik-Stadion zu Déifferdeng ass net nei, mee

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“
International Neiegkeeten

63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der Fra“

Déi 63. Sessioun vun der UN-Kommissioun zur „Konditioun vun der

Brasilien: Ofholze per Dekret ausgesat

De Jair Bolsonaro huet entscheet, datt d‘Ofbrenne vu Flächen am Amazonas-Gebitt an am Pantanal fir 120 Deeg verbueden ass

Brasilien: Ofholze per Dekret ausgesat

Dat vum faschistesche President a sengem Ëmweltminister Ricardo Salles ënnerzeechent Dekret, ass am offizielle Journal (Diario Oficial) verëffentlecht ginn an nach um Donneschdeg a Kraaft getrueden. Et gëtt allerdéngs Ausname fir kontrolléiert Bränn zu landwirtschaftlechen Zwecker baussent dem Amazonasgebitt an dem Pantanal. Ob den Dekret eppes bréngt? Et gëtt do Zweiwel.

Grouss Agrarkonzerner wéi och kleng Baueren notzen d‘Feier fir de Buedem präiswäert „propper“ ze maachen a schon ofgeholzte Flächen, fir d‘Landwirtschaft/Véizuucht ze gewannen. Et geet hei och ëm wirtschaftlech Interessen, firwat een elo net sollt dovunner ausgoen, datt Brasilien sech eeschthaft beméit, géint d‘Ofholze virzegoen. Ee Verbuet eleng dierft hei kaum duergoen.

Sécher, de brasilianesche Vizepresident Hamilton Mourao huet ee Mëttwoch Undeitunge gemaach, datt d‘Arméi bis 2022 am Amazonas géif opgestallt bleiwen, fir géint d‘Ofholzung an d‘Bränn virzegoen, mee d‘Korruptioun ass deraart verbreet, datt déi militäresch Presenz éischter de gudden Androck maache soll. Fir de President, ass den Amazonas eng Ressource déi et ze notze gëllt.

E gudden Image

An dësem Fall muss een dovunner ausgoen, datt et dem Jair Bolsonaro primär drëms geet, der Welt ze weisen, datt ee sech beméit. No de verheerende Bränn 2019, wou dem Faschist seng Frënn sech dru gemaach haten de gréisste Reebësch vun der Welt ënnert den Nol ze rappen, hat et vill Kritik aus der ganzer Welt ginn. An de leschte Wochen hat dës „Kritik“ nees zolidd zougeluecht.

Brasilien, wou mëttlerweil iwwert 2 Millioune Mënschen sech mam Coronavirus Covid19 ugestach hunn, huet en zolitten Image-Problem. Dat huet folgerichteg och wirtschaftlech Repercussiounen, well Entreprisen a Konzerner, wann se mat an d‘Verantwortung geholl ginn, hir Investitiounen da léiwer anerwäerts tätegen. Et ass net wierklech esou, datt déi de Reebësch schütze wéilten.

Et geet ëm Milliarden

Fir 38 brasilianesch an auslännesch Entreprisen, déi festgestallt hunn, datt hir Wueren net méi esou gutt um Weltmaart ukommen, wëll si als Komplize vum Regime duergestallt ginn, eng schwiereg Situatioun. Si hunn dann och d‘Regierung Mediewierksam opgeruff, eppes géint d‘Ofholzen an d‘Ofbrennen ze ënnerhuelen. A beim Geld gi bekanntlech déi beschte Frëndschaften op en Enn.

Brasilien, ee Land datt iwwert de Fräihandelsaccord Mercosur profitabel Geschäfter mat der EU am Sënn huet, ass quasi an Zochzwang geroden. Gutt 20% vun den Exporter beim Soja a Rëndsfleesch a Richtung Europa stinn am Zesummenhang mat der Ofholzung vum Amazonasgebitt. Dat ass esou och Dokumentéiert ginn. Eng Etüd dozou gouf elo an der Fachzäitschrëft Science verëffentlecht.

mat indymedia/ccs

Illustratioun: Den Amazonas: déi gréng Long vun der Welt, läit zum gréissten Deel a Brasilien an de President ass der Meenung, datt d‘Brasilianer mat hire Ressource kënnen ëmgoen, wéi si dat fir richteg halen. Dat huet zu diplomatesche Verwerfunge gefouert, firwat elo per Dekret d‘Ofholzen an Ofbrenne vum Reebësch verbueden ass. © Sébastien Goldberg / unsplash

Related topics Amazonas, Brasilien, Ofholzung, Pantanal, Reebësch
Next post Previous post