Search

You may also like

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?
Kultur Neiegkeeten

Ass däi Lëtzebuergesch fit genuch fir dësen Test?

[onionbuzz quiz-id=162][/onionbuzz] Wéi all Woch presentéiere mer iech och dës

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung
Kultur Neiegkeeten

Berlin: Libyen-Konferenz bréngt Hoffnung

Nom groussen Treffen an de stonnelaange Gespréicher zu Berlin huet

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt
Kultur Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: et gëtt engem méi gebuede wéi ee mengt

Um Kaffisdësch vum Stater Schäfferot, ass een um Mëttwoch nees

The Tame and the Wild an der Brasserie K116

The Tame and the Wild an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Februar d’Band The Tame and the Wild. Um leschte Mëttwoch vun all Mount gëtt hei een Dinner-Concert organiséiert, bei dem déi bescht Artisten aus Lëtzebuerg an der Groussregioun de Publikum musikalesch ënnerhalen.

Kommende Mëttwoch, de 27. Februar spillt d’Band ëm de Sänger-Duo Seja a Flëpp nostalgeschen Indie-Folk. Mat Theme ronderëm d’Natur, d’Mier an d’Stären, souwéi Éierlechkeet an Erënnerung gräifen si eng immens Diversitéit an hiren Texter op a begeeschtere mat Aflëss vun Daughter a Kodaline hir Fans.

De Concert vun The Tame and the Wild sollt ee sech op kee Fall entgoe loossen! Esou huet een d’Kombinatioun tëscht Restauratioun a musikalescher Ënnerhalung nach ni erlieft. Mat engem gudde Glas Wäin an engem fantasteschen Iesse kann een bei de Kläng vun der Band total entspanen.

Den Entrée ass gratis. D’Platzen si limitéiert a sou sollt een drun denken, virdrun iwwert Telefon (+352 26 17 59 74) ze reservéieren. Méi dozou gëtt et ënnert www.k116.lu. De ganze Programm fannt Dir HEI.

Mir bidden Iech schonn emol ee klenge Virgeschmaach:

Opmaacherbild: © Lugdivine Unfer

Related topics Band, Brasserie K116, Dinner-Concert, Indie-Folk, Musék, The Tame and the Wild
Next post Previous post