Search

You may also like

Lëtzebuerger Medezinsstudenten hu keng Loscht op Lëtzebuerg
Meenung Neiegkeeten

Lëtzebuerger Medezinsstudenten hu keng Loscht op Lëtzebuerg

Dass Lëtzebuerg e Manktem un Fachpersonal huet ass spéitstens säit

Editorial: Wie bestëmmt d‘Zukunft?
Meenung Neiegkeeten

Editorial: Wie bestëmmt d‘Zukunft?

Et geet dem Planéit wierklech net gutt an déi Pandemie

E Symbol vu Berlin: Esou ass den Ampelmännchen entstanen
Meenung Neiegkeeten

E Symbol vu Berlin: Esou ass den Ampelmännchen entstanen

De grénge „Geher“ an de roude „Steher“, alle béid mat

Editorial: Brauch et eng Impfflicht?

Editorial: Brauch et eng Impfflicht?

An der ganzer Unioun huet et politesch Aktivisten an engagéiert Wëssenschaftler déi am Kontext vun der Covid19-Pandemie ëmmer méi haart eng Impfflicht fuerderen. Bei eis zu Lëtzebuerg huet den Alain Kinn mat senger Petitioun 1904, elo d‘Bierger am Land opgeruff, mat hirer Ënnerschrëft d‘Regierung zu bis ewell bravouréis gewiert, an nach ass net geséchert, datt dës Petitioun den noutwennege Quorum erreecht. Et stellt sech awer eraus, datt en Debat dozou onausweechlech ass.

Et huet jo méi Stëmmen, déi esou eng Impfflicht – zumindest fir gewësse Secteuren – fuerdert, mee esou eng Gesetzgebung géif sech wuel och op kommend Walen auswierken. Esou gesinn, dierft ee säitens der Regierung ganz frou sinn, datt d‘Fuerderung „vu bausse“ kënnt. Mat dëser Petitioun léisst sech de Bols vun der Gesellschaft fillen an et ass wuel richteg, datt méi wéi 4.500 Signaturen, wann d‘Petitioun se zesummekritt, wesentlech méi representativ wéi eng TNS-Ilres Ëmfro sinn.

Ob et elo eventuell besser wier, d‘Leit anstänneg a virun allem op eng verständlech Aart a Weis ze informéieren, hei nach Récksiicht op d‘Ängschten ze huelen, statt vun uewen erof ze befeelegen? Et ass jo net jidderengem egal wat him operluecht gëtt, a villes bleift onverständlech. Esou sollen elo d‘Impfstoffer gemëscht ginn, fir ee gréissere Wierkungsgrad ze erzilen. Et ass esouguer rieds vun enger drëtter Dosis. No 18 Méint ass et nach ëmmer haaptsächlech un der Kommunikatioun wou et hapert. Mat Angscht maachen an Drock opbaue jiddefalls, dierft ee wéineg iwwerzeegen…

Illustratioun: © Majestic Lukas / unsplash

Related topics Alain Kinn, Covid19, Impfflicht, Pandemie, Petitioun 1904
Next post Previous post