Search

You may also like

Olympesch Spiller zu Tokio: D’Christine Majerus an de Raphaël Stacchiotti droen de Fändel
Neiegkeeten

Olympesch Spiller zu Tokio: D’Christine Majerus an de Raphaël Stacchiotti droen de Fändel

Haut starten d’Olympesch Spiller 2020 zu Tokio a fir eng

money
Déi ëffentlech Finanzen erhuelen sech
Neiegkeeten

Déi ëffentlech Finanzen erhuelen sech

Um Virdag zur Virstellung vun den neie budgetäre Perspektiven (am

Editorial: Ofgeschiermt
Neiegkeeten

Editorial: Ofgeschiermt

Ass et Iech och scho virkomm, datt Owes d’An getréint

Breaking News – Bëschbrand um Schumannseck

Wéi de CGDIS matdeelt ass haut um 12:30 Auer gemellt ginn, datt een Unhänger mat Heebotten a Flamen opgaangen ass. Duerch déi dréche Wiederkonditiounen huet sech d’Feier schnell op den ugrenzende Bësch ausgebreet.

Direkt si 4 Läschgefierer an eng Ambulanz op d’Plaz geschéckt ginn. Uschléissend sinn nach weider Eenheeten a Spezialgefierer op d’N15 tëscht Bitscht an dem Schumannseck geruff ginn.

Fir ee besseren Iwwerbléck iwwert d’Brandentwécklung um ganzen Terrain ze kréien an een taktescht Virgoe vum Asaz ze ënnerstëtzen huet een de Police-Helikopter agesat, sou wéi eng Dron vum CGDIS alarméiert.

Duerch déi héich Temperaturen ass decidéiert ginn de „Soutien Sanitaire“ vum CGDIS op d’Plaz ze brénge fir zesumme mat de Rettungsgefierer fir d’Sécherheet vun den Asazkräft ze garantéieren. Donieft hu si bei hirem Asaz och erfrëschend Gedrénks kritt.

Bis ewell si keng blesséiert ze bekloen. Am Asaz sinn: CIS Lac, CIS Wolz, CIS Alebësch, CIS Esch-Sauer, CIS Bauschelt, GIS Centre de Soutien Logistique (AB Waasser, Logistik), CIS Lëntgen (TLF Waldbrand), CIS Wëntger (ULF), CIS Ëlwen (TLF Waldbrand), CIS Lëtzebuerg (Dron). Koordinéiert gëtt den Asaz duerch de Lagezentrum vum CGDIS (CGO).

Den CIS Housen suergt dofir, datt d’Gebitt ofgedeckt ass. Am Ganzen si ronn 60 Pompjeeë mat de Läschaarbechte beschäftegt.

Related topics Bëschbrand, CGDIS, Feier, Heebotten, Schumannseck
Next post Previous post