Search

You may also like

Mindpatrol: Haarde Metal aus Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Mindpatrol: Haarde Metal aus Lëtzebuerg

Datt Lëtzebuerg eng lieweg Metal-Zeen huet, ass keng Nouvelle. Mindpatrol

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen
International Neiegkeeten

D‘Stad Lëtzebuerg erwächt zu neiem Liewen

Och d‘Haaptstad huet massiv ënnert der Covid19-Pandemie gelidden, mee lues

D’Post presentéiert 6 nei spezial Timberen
International Neiegkeeten

D’Post presentéiert 6 nei spezial Timberen

Een vun de speziellen Timberen, déi säit gëschter an all

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of

Breaking news: Pakistan schéisst indesch Kampffliger of

De pakistanesche Verdeedegungsministère huet viru bekannt ginn, datt d‘Loftwaff zwee indesch Kampffliger ofgeschoss huet, déi d‘Grenz iwwerflunn hätten. Dobäi wier ee Pilot, dee sech aus senger Maschinn rette konnt, vun der Arméi verhaft ginn.

Indesch Medie beriichten dogéint vun zwee doudege Piloten. Si wieren ëm d‘Liewe komm, wéi hir MIG21 am besate Kaschmir „erofgefall“ ass. Deen anere Kampffliger wier zu Azad Jammu néier gaangen. Dëse Virfall gëtt als „iwwerraschend“ ëmschriwwen, well nach en Dënschdeg, déi indesch Loftwaff déi pakistanesch Grenz iwwerflunn hat, fir e Lager mat Rebellen unzegräifen.

mat indymedia

Foto: Eng MIG21 vun der indescher Loftwaff. © India Ministry of Defense

Related topics Indien, Kampffliger, Kaschmir, Konflikt, Pakistan
Next post Previous post