Search

You may also like

Vereedegung vum Buergermeeschter an zwee Schäffe vu Waldbriedemes
Neiegkeeten

Vereedegung vum Buergermeeschter an zwee Schäffe vu Waldbriedemes

Gëschter ass den Thomas Wolter als Buergermeeschter, de Martin Bohler

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden
Neiegkeeten

Vun den USA sollt ee sech den Ament näischt erwaarden

E Méindeg huet den US-President versprach, datt déi Alliéiert net

Am Land wou d‘Faschiste regierungsfäeg sinn
Neiegkeeten

Am Land wou d‘Faschiste regierungsfäeg sinn

Geréit d‘Demokratie am Oste vun Däitschland a Schiflag? Dank der

Breaking News – Vegetatiounsbrand zu Hamm

Breaking News – Vegetatiounsbrand zu Hamm

Et stoung nees alles a Flamen. Dës Kéier nämlech zu Hamm op engem Feld, wou bei de Läschaarbechten och ee Pompjeeswon a Brand geroden ass. Anscheinend soll et souguer zur Explosioun komm sinn.

Wéi de CGDIS elo op Facebook uginn huet, gouf et ee grousse Brand mat Dampentwécklung an der Rue de Hamm an der Stad. Wéi si matdeelen ass ee groussen Dispositif as op der Plaz, weider Moyen‘en sinn ënnerwee. Ee vun hire Ween as duerch déi séier Brandentwécklung selwer och a Brand gerooden. Wéi verschidde Medien uginn sinn d’Flamen och op ee Bësch niewendrun iwwergaangen. Géint 16:00 Auer hat een d’Feier zum Groussdeel ënner Kontroll.

Vegetatiounsbrand

© CGDIS

D’Pompjeeën bieden d’Populatioun, duerch de villen Damp dës Géigend ze meiden an de Rettungskräft fräien Zougang zur Plaz ze garantéieren.. Duerch d’Feier sinn mëttlerweil och verschidde Stroossen gespaart. Heizou gehéieren:

  • De Val de Hamm: Tëscht der Bréck Cents an der Rue Marie et Pierre Curie
  • D’Rue de Hamm: Tëscht Rue Auguste Charles an dem Val de Hamm (Krematorium)

Fir eng gutt Signalisatioun ass gesuergt.

Related topics CGDIS, Feier, Hamm, Hëtztwell, Pompjee, Vegetatiounsbrand
Next post Previous post