Search

You may also like

D’Routkäppchen besicht den Troflion (24.01.2021)
Meenung Neiegkeeten

D’Routkäppchen besicht den Troflion (24.01.2021)

E Sonndeg, de 24. Januar 2021 um 15 Auer presentéiert den

Terror vu „Riets“ ass duerchaus gesellschaftsfäeg
Meenung Neiegkeeten

Terror vu „Riets“ ass duerchaus gesellschaftsfäeg

Wann de Steve Killela, CEO vum Institute for Economics &

USA: Masseschéisserei statt Summerparty
Meenung Neiegkeeten

USA: Masseschéisserei statt Summerparty

Et ass Summer an et huet alles ugefaange wéi een

Vu ganzem Häerzen!

Een oppene Bréif fir d‘Carole Dieschbourg, Ëmweltministesch

Vu ganzem Häerzen!

Mäin Numm ass Alain Greiveldinger, ech sinn 39 Joer an diploméierte „Gestionnaire d’Entreprise“, Lëtzebuerger an Entrepreneur am Stroossebau zanter 2005. Mäi Grousspapp Paul Greiveldinger huet d‘Entreprise Greiveldinger gegrënnt, mäi Papp huet se 1986 iwwerholl an erfollegräich bis an d‘Joer 2011 geleet.

Ënnert menger Leedung ass dorausser d‘Entreprise „Greiveldinger Exploitation“ weiderentwéckelt ginn. Mat senge 60 Mataarbechter an engen 10-20 Deelzäitaarbechter droen ech hei am Land eng grouss Responsabilitéit fir 70-80 Menagen. Ech sinn houfreg drop a ginn all Dag mäi Bescht fir eng propper an gutt Aarbecht ze leeschten. Dobäi spillt Sécherheet natierlech och eng immens grouss Roll.

Säit elo iwwer 10 Joer hu mir eist Lager fir Sand, Buedem a Schotter um „Millenaire“, en Terrain tëscht Alzeng a Fréiseng dee vu Beem ëmkreest ass an esou net siichtbar zur Strooss, also eppes hannerwands geleeën ass. Bis ewell huet sech kaum een dorunner gestéiert, mee et kommen elo awer ustrengend Zäiten op eis Entreprise zou.

Mam neien Naturschutzgesetz vun 2018 kämpfen ech elo schonn iwwer zwee Joer. Et geet drëms d‘Autorisatioun vun dësem Materiallager ze behalen. Déi héich Affekotskäschten déi ech sënnvoll am meng Firma hätt investéiere kënnen, feelen esou och menge Mataarbechter. Ech krut dann elo matgedeelt dass dësen Depot zougemaach gëtt.

Der Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hire Ministère huet entscheet, datt mir elo alles ze raumen hätten. Mir sti quasi op der Strooss an hei gëtt iwwersinn, datt et engem Entrepreneur guer net méiglech ass, ouni ee Materiallager ze subsistéieren. Eppes tëschenzelagere gehéiert an eisem Secteur zu de Grondlagen

Wann ech op d‘Decharge fueren, muss ech mat der selwechter Quantitéit un Material (Sand oder Schotter) Decharge och nees verloossen, mee ouni Depot weess ech net wouhin domadder. An esou bleift mer näischt aneres iwwreg wei lues a lues ëmmer méi Personal ze entloossen a Familljen hiert Akommes ze entzéien.

D‘Carole Dieschbourg weess dovunner näischt an et ass him warscheinlech och egal, et geet jo net ëm seng Persoun. De Refus war séier decidéiert well de Standuert zanter 2018 eng Gréngzon ass, woubäi d‘Konsequenze vun esou Mesuren de grénge Politiker schéngen egal ze sinn.

Et ass en Hohn wat ech als Lëtzebuerger Entrepreneur vu Steng an de Wee geluecht kréien. En neien Depot ze fannen ass eng Saach vun der Onméiglechkeet: entweder ass den Terrain Gréngzon, wou et jo da verbueden ass en Depot ze ënnerhalen, oder et ass Bauland, dat net nëmmen ee Verméige kascht mee natierlech och net als Depot gebraucht ka ginn.

Ech sinn also an enger verzweiwelter Lag. D’Existenz vu ganze Famillje steet hei um Spill an ech vergewësseren iech Madamm Ministesch, d‘Presse wäert kontaktéiert ginn an meng ganz Entreprise kënnt virun äre Ministere protestéieren.

Jo ech hu breet Schëlleren, mee ech hunn deene scho ganz vill misse wärend deem Etat de Kris zoumudden. A wann d‘Laascht ze schwéier gëtt da brécht och dat breetste Kräiz. Ech hoffen dass et net dozou kennt, an ech hoffen dass dëse Bréif sou oft gedeelt gëtt, datt en et vläicht bis bei d‘Carole Dieschbourg packt.

Ech war a sinn nach ëmmer ee motivéierten Entrepreneur, mee ons Politik dreift eis an onléisbar Situatiounen aus deenen een einfach net méi erauskënnt. Hei stinn Existenzen um Spill, an et geet net eleng ëm Mech, et geet an éischter Linn ëm d‘Entreprise Greiveldinger a seng Mataarbechter.

Illustratioun: Den Alain Greiveldinger wëll eigentlech nëmme säi Job maachen an senge Leit eng Zukunft bidden. Mat Oplagen eleng ass him folgerichteg net gehollef. An dësem oppene Bréif un d‘Ministesch Carole Dieschbourg, klot hie säi Leed. © Greiveldinger Exploitation Sàrl

Related topics Alain Greveldinger, Carole Dieschbourg, Ëmweltoplagen, Onzefriddenheet, Oppene Bréif
Next post Previous post