Search

You may also like

Summerschool 2021: Gratis a fakultativ Nohëllef fir de Fondamental a Secondaire
Meenung Neiegkeeten

Summerschool 2021: Gratis a fakultativ Nohëllef fir de Fondamental a Secondaire

Och an dësem Joer bitt de Bildungsministère nees seng „Summerschool

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen
Meenung Neiegkeeten

Rentner a Griicheland Affer vu Spuermoossnamen

Wéinst dem EU-Spuerdiktat setzt d’Regierungspartei d’Mindestrent op 350€ erof. Déi

D’Routkäppchen besicht den Troflion (24.01.2021)
Meenung Neiegkeeten

D’Routkäppchen besicht den Troflion (24.01.2021)

E Sonndeg, de 24. Januar 2021 um 15 Auer presentéiert den

Bréif vun engem (Fleege-)Held un de Premier an d’Regierung

Bréif vun engem (Fleege-)Held un de Premier an d’Regierung

Merci Här Premier, léif Regierung, är léif Wierder déi dir un eis wärend der Ried zur Lag vun der Natioun adresséiert hutt, ware Balsam op eiser Séil. Dir hutt eis Fleegepersonal an Dokteren zougestanen, gesot dass mir déi éischte Schutzmauer sinn. Dir hutt ons Leidenschaft gelueft an eis kreativ Léisungen am berufflechen Alldag, déi mir op Grond vu chroneschen Nowuesssuergen de part et d’autre mussen erliewen, gelueft. Dir hutt eis Merci gesot fir eisen aussergewéinlechen Asaz.

Jo esou Wierder hätten eis immens erfreet, wieren se jeemools ausgeschwat ginn. Well do huet op emol de Wecker geschellt an déi Ried hat ni stattfonnt… Waakreg sinn mer gi a befannen eis alleguerten an engem schlechte Film! Mee keng Angscht, Här Premier, och ouni des Wierder sti mir weider an der éischter Rei, mat nach méi Suergen a Problemer. Eisen Asaz bleift – esouwäit mir eis et kënnen zoumudden, fir eis, eis Familljen an eis Patienten nach ëmmer aussergewéinlech héich.

Déi meescht vun eis bezuelen elo schonn en héijen Tribut fir de Beruffer auszeüben. Mir maachen dat natierlech net explizitt fir Iech oder d’ Regierung oder Gott weess wien, mee well mir eis onse Patiente verflicht fillen. An do ass lo de sprangende Punkt. Dir wësst dass mir all ee Berufflecht Bewosstsinn hunn an ni en Mënsch am Stach loossen.

Déi Wierder déi ech uewe beschreiwen, doen net wéi, well se net ausgeschwat goufen, och wann dir vläicht esou denkt. Déi Wierder déi an den leschten Deeg gefall sinn eis géintiwwer, déi awer di Wéi a sinn och verletzend… Ären Aarbechtsminister, de Rapporter an sëllege Leit an der Chamber, de Chamberskommissiounen, a schlussendlech der Regierung huelen einfach mat an kaf dass eise ganze Beruffsstand geaffert gëtt. „ Mir wëllen et net mee et ass awer elo esou“.

„Sollen déi dach hire Kapp dohinner hale fir eis, well mir et net hikréien“. An esou wëll een Gefill net lass ginn datt dir elo, an „Pokersprooch“ ausgedréckt, “ALL-IN” gitt an mir sinn d‘Jetonen déi den Asaz duerstellen. Et wäert awer de Moment kommen, wou ee muss d‘Verantwortung fir déi vill falsch Decisiounen, de schlechten Timing an d‘Planung iwwerhuelen. Et wäert sech och ee musse fir de katastrophale Personalmanagement rechtfäerdegen, dee méi wéi ze wënschen iwwreg léist.

Zanter Jore ruffen d‘Gewerkschaften, d‘Beruffsorganisatiounen an d‘Fleegepersonal ëm Hëllef a fuerderen en Ëmdenken. Firwat gouf dësen Appeller ni Rechnung gedroen? Et hat een am Mäerz / Abrëll bal gemengt, datt sech eppes géif doen. Et ass eis geklappt ginn, mir sinn op Hänn gedroe ginn, jo d‘Leit hunn tonneweis Fudder – ganz vill Schockela – an d‘Klinik bruecht. Elo ass – ausser e Puer Kilo weider op der Wo – netz méi vill iwwreg…

Iwwert d‘Summerméint si mir erëm op eis natierlech Plaz gestallt ginn. Sinn a Vergiessenheet geroden, fir dann elo erëm am Mëttelpunkt ze stoen. Net dass mir net wëlle schaffen, wie schonn uewe beschriwwen, mir huelen eis Flichten eescht. Mee d’Aart a Weis eis auszebludden an eis ze Afferen, ass en Doudesurteel fir eise Beruffsstand. Wéi solle mir do nach jonker fir eise Beruff gewannen, wann net endlech eng Unerkennung kënnt.

Keng a Form vu Schockela, Applaus oder Geld, mee eng a Form vun enger Richteger Opwäertung vum Beruff. Gefillt hunn ech dat mäin ganz berufflecht Liewe gefuerdert (ëmmerhin 21 Joer) a geschitt ass näischt. Léiwen Här Premier an Léiw Regierung, Merci weiderhi fir Ären Asaz mee géinge mir Är Dote moossen, wéi och eis an engem Evaluatiounssystem gemooss gi (Stéchwuert PRN) dann entspriechen Är Wierder net ären Doten.

Et ass alles widderspréchlech, näischt stëmmt iwwertenaner, an dat ass och éischter d‘Normalitéit wéi dann d‘Ausnam -folglech hätt dir an deem Evaluatiounssystem vu vireran nëmmen 80 %vun äre Ressourcen zegutt an Är Mëttel misste gekierzt ginn. Mir awer wäerte weiderhi fir de Patient schaffen, net fir Politik – a mir wäerten dëst wuel och nach no dëser Kris maachen.

Mat frëndleche Gréiss, ee vun den villen “Helden”

Illustratioun: It’s about the day I realised, that admitting we’re not heroic, is when we’re the most heroic of all. – J.D. (Den Dag wou mir mierken dass mir keng Helde sinn, ass den Dag wou mir déi gréissten Helde sinn) © Gabriel Bassino / unsplash

Source: Facebook – Textlech Korrekturen zum bessere Versteesdemech, vum Laure Schlesser

Related topics Fleegepersonal, Helden, Oppene Bréif, Premierminister, Regiierung
Next post Previous post