Search

You may also like

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong
Neiegkeeten

Dem Trump säi Wahlkampfmanager muss an de Prisong

Et war kee gudden Dag fir dem Donald Trump säi

Frankräich reduzéiert d‘Visae fir d‘Leit aus dem Maghreb
Neiegkeeten

Frankräich reduzéiert d‘Visae fir d‘Leit aus dem Maghreb

Wann et duer geet, geet et duer… 2017 hat den

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!
Neiegkeeten

Vëloreparatur-Atelier vum LVI – et muss rullen!

Wéi këmmeren ech mech richteg ëm mäin Vëlo? Wéini musse

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“

Bei der Bréifdréieschgewerkschaft ass een „irritéiert“

D‘Aarbechtskonditioune bei der POST Lëtzebuerg ginn ëmmer méi schlecht: net genuch Personal an Iwwerstonnen ouni Enn. Fir de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft muss sech 2019 eppes änneren. D‘Situatioun ass deraart verfuer, datt et esou net méi ka weidergoen.

Fir et ze verdäitlechen, huet de President Raymond Juchem, nach emol drun erënnert, datt et mat den Aarbechtskonditioune bei POST Lëtzebuerg net méi wäit hir ass. D‘Bréifdréier hätten es iwwert de Kapp, d‘Belaaschtung déi hinnen zougemutt gëtt, esou net méi ze erdroen. D‘Bréifdréier wëllen endlech vum Wirtschaftsminister Etienne Schneider (LSAP) an der Direktioun gehéiert ginn.

Haart Wierder, berechtegt Suergen, an e Minister deen net mam néidegen Eescht op d‘Fuerderunge vun de Betraffenen ageet. De Raymond Juchem monéiert ënner anerem, datt den Etienne Schneider elo scho fir d‘zweet op eng parlamentaresch Fro Äntwert, déi sech op d‘Situatioun vun de Salariée bezitt, ouni datt hien am geréngsten op déi reell existéierend Problemer géif agoen.

A well och an der Bevëlkerung net allzevill Leit wëssen oder versti vu wat geschwat gëtt, ass de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft nach emol op déi verschidde Problemer agaangen. Am Land mussen all Dag 357 Tournéeën erleedegt ginn. Um Pabeier gëtt et dofir 465 Bréifdréier. En Drëttel dovunner si Remplaçanten, an e groussen Deel vum Rescht steet net zur Dispositioun.

Dat heescht, datt vun den eigentleche 465 Bréifdréier der e sëllechen iwwerhaapt net schaffen, wat dorunner geleeën ass, datt et Leit ginn déi am Congé sinn, Elterecongé oder politesche Congé, a Krankheetsfäll oder therapeutesche Congé muss een och berécksiichtegen. Bis dohinner eigentlech näischt wat d‘POST vun aneren Entreprisen ënnerscheet, bis op de Fakt datt déi hei net „ersat“ ginn.

Wann d‘Direktioun net rechne kann, gëtt et komplizéiert

An de Raymond Juchem leet de Fanger an d‘Wonn. Hie weist nach emol mat aller Häert drop hin, datt déi Zuel vun „465“ sech op den offizielle Kontingent vu Bréifdréier berifft, Leit also vun deenen ugeholl gëtt, datt si de Beruff vum Bréifdréier ausüben. D‘Berechnunge vun der Direktioun an/oder den Autoritéiten entspriechen awer net emol „approximativ“ der Realitéit um Terrain.

Dobäi wier gewosst, datt et vill Bréifdréier gëtt, déi de Beruff guer net méi ausüben, op eng aner Plaz versat goufen, oder schlicht kierperlech net méi an der Lag sinn de Beruff auszeüben. Hätt een awer elo déi Leit zur Verfügung déi op um Pabeier stinn, da misst ee bedenken, datt déi 465 och all Dag mussen disponibel sinn, fir nëmmen de klassesche Congé oder e Krankeschäin ze ersetzen.

Et huet een engersäits de Problem, datt den Effektiv esou wéi vum Minister an/oder der Direktioun behaapt, net existéiert, an anersäits Mënschen do sinn, vun deenen erwaart gëtt, datt si dat onméiglecht bewierkstellegt kréien, an dat méiglechst ouni ze knouteren oder soss en Opstand ze maachen. Schéi Virstellung, mee net ëmsetzbar, well een déi 465 wierklech all brauch.

Wann d‘Leit sech iergeren datt et mam Courrier bei de Post net méi wäit hir ass, dann ass dat net gemeckert, mee de Constat vun enger Tatsaach, deen och vun der Bréifdréieschgewerkschaft esou muss bestätegt ginn. All Personalmangel dréit zur Verschlechterung vum Service bäi, an dat ass weder fir den engagéierte Bréifdréier, nach fir de Client deen op seng Post waart, zefriddestellend.

„Se lafen eis esou séier dervun, wéi se kommen“

Et muss een dann och eppes Versteesdemech fir Raymond Juchem hunn, deen sech mat der POST-Strategie schwéiert deet. D‘Direktioun gëtt et sech net midd ëmmer erëm ze widderhuelen, datt si 51 Bréifdréier 2018 agestallt hätt. Dat bestreit de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft och net, géif sech awer freeë wann d‘Direktioun och géi soen, wéi vill der dovunner nach iwwreg sinn.

Bei deem Aarbechtsrhythmus deen de Leit ofverlaangt gëtt, an dat zu Konditiounen déi aller Beschreiwung spotten, mécht sech jiddereen deem et iergendwéi geléngt „eng besser ze fannen“ ouni laang ze faxen aus dem Stëbs. Net ze vergiessen, datt och Leit an d‘Pensioun ginn oder de Service wiesselen. Wann der also 51 kommen, an der 60 ginn, kann d‘Rechnung net méi opgoen.

An et ass dann och net nëmmen de Personalmangel deen de Bréifdréier d‘Flemm andreift – an hei wier ee bal gehalen unzehuelen, datt wier esou och vun der POST-Direktioun beabsichtegt – mee ganz generell d‘Aarbechtskonditiounen. Esou wier et un der Zäit och d‘Gehälter ze revaloriséieren. Et stécht ee an dem Kontext jo och an de Verhandlungen zu engem neie Kollektivvertrag.

Esouwäit wéi d‘Schong dech droen

De President vun der Bréifdréieschgewerkschaft huet och nach emol d‘Aarbecht vum Bréifdréier ëmschriwwen. Et ass keng bei där ee sech erhëlt, an d‘Bréifdréier ginn och net „spadséieren“ wéi dat schonn emol ausgedréckt gëtt. Zum engen ass een Dag an, Dag aus, ënnerwee an dat bei all Wieder. Eng Tournée läit tëscht 8 an 12 Km, kann och emol 15 Km laang ginn…

Wien dann och nach unhëlt, datt et eng gutt bezuelten Aarbecht ass, dee muss enges Bessere beléiert ginn. D‘Bréifdréieschgewerkschaft huet a fuerdert nach ëmmer, datt d‘Salariéeën an eng héijer geleeë Kategorie vum aktuelle Kollektivvertrag agestuuft ginn. De Ament läit d‘Pai liicht iwwert dem Mindestloun, an fir dat wat vun engem dofir erwaart gëtt, muss de zolidd „Loscht hunn“.

Mat anere Wierder, de Beruff vum Bréifdréier ass alles anescht wéi attraktiv. Géif een allerdéngs eppes un de Lounschrauw dréinen, wier et méiglech och beim Rekrutement e Qualitéitssprong ze maachen. Mee d‘POST ass eng Privatentreprise déi sech profitorientéiert opstelle muss, firwat an der Direktioun d‘Paien entspriechend héich, a beim Foussvollek d‘Paien entspriechend kleng sinn.

An et sinn d‘Paien net eleng, déi der Gewerkschaft schwéier um Mo leien. Wéi gesot, de Bréifdréier ass bei all Wieder dobaussen, huet uerdentlech eppes ze schleefen, an d‘Iwwerstonne sollt e besser net zielen, well do kritt een Depressiounen. Et gëtt kee Verdeelerzenter wou keng duebel Tournéeë gemaach ginn, an et kënnt vir datt ee Mueres um 5 ufänkt fir owes um 6 Auer heem ze kommen.

Entweder eng Léisung oder Kaméidi

Déi onméiglech Situatioun bei den Iwwerstonne muss kuerzfristeg gekläert ginn, well och deem gedëllegsten iergendwann de Kolli platzt. Datt de POST-Direkter Claude Strasser, dem Raymond Juchem net méi Spéit wéi e Mëttwoch verséchert huet, datt „een alles géif maache fir d‘Situatioun 2019 ze verbesseren“ ass eng Ausso, vun där ee Notiz huele muss, méi awer och net.

Elo sinn de Bréifdréier hir Suergen a Bedenken awer och an der Ëffentlechkeet ukomm, well et och de Medien net entgoe konnt, datt sech hei eppes zesummebraut. Eppes wourauser d‘Gewerkschaft – och bei de Kollektivvertragsverhandlungen – sollt kënne Kapital schloen. De Raymond Juchem wëll also optimistesch, ouni de kritesche Bléck ofzewennen, an dat neit Joer „rutschen“.

De Ball läit elo emol am Lager vum „Staats-Patronat“ an et wier net verkéiert, wann deen sech en Abléck géif besënnen, sech den eegene „Paiziedel“ emol zu Gemitt kéint féieren, fir sech d‘Fro ze stellen, ob seng Aarbechtsleeschtung wierklech esouvill méi Wäert ass wéi déi vum Bréifdréier. Dat wäert net geschéien, an esou keen Afloss op d‘Kollektivvertragsverhandlungen hunn…

Related topics Bréifdréieschgewerkschaft, Etienne Schneider, Post Lëtzebuerg, Raymond Juchem, Wirtschaftsministère
Next post Previous post