Search

You may also like

D’Cinemathéik am Februar 2021: D’Welt vum Documentaire, Erënnerungen un den Holocaust an méi
Auto International Neiegkeeten

D’Cinemathéik am Februar 2021: D’Welt vum Documentaire, Erënnerungen un den Holocaust an méi

D’Stater Cinemathéik ass net nëmmen eng Plaz vun der Zesummekonft,

„Land unter!“ Situatioun bleift dramatesch
Auto International Neiegkeeten

„Land unter!“ Situatioun bleift dramatesch

A ville Landkreesser sinn d‘Rettungsdéngschter an den Zivilschutz weiderhi prioritär

Mäertesdag 2020: Wann d’Äerd wackelt wëll d’Arméi hëllefen
Auto International Neiegkeeten

Mäertesdag 2020: Wann d’Äerd wackelt wëll d’Arméi hëllefen

Um haitege Moien huet d’Lëtzebuerger Arméi den Dag vu sengem

Zu Bréissel schloen se sech wéinst de Autorerechter de Kapp an

Zu Bréissel schloen se sech wéinst de Autorerechter de Kapp an

„Ligen“ vs „Schléi ënnert de Rimm“: déi europäesch Direktiv zur Reform vum Autorerecht ass Géigestand vun engem Lobbying aus alle Richtungen. Vun deenen déi dofir sinn, d‘Medien a Kreateuren, bis zu de Géigner, d‘Risen aus dem Digitalsecteur an d‘Militante fir e fräit Internet.

„Et ass e Kampf, intensiv an aggressiv, wëll et hei ëm ganz vill Geld geet“, resuméiert d‘Situatioun den Olivier Hoedeman vun der ONG „Corporate Europe Observatory“. Dës ONG mécht Etüden zu de Lobbyen an hirem Afloss an der EU. Zil vun der Reforme, déi 2016 vun der EU-Kommissioun proposéiert ginn ass, ass et d‘Autorerecht un dat numerescht Zäitalter unzepassen.

Am Prinzip geet et drëms d‘Plattformen, wéi beispillsweis YouTube, derzou ze beweegen déi Mënschen déi Inhalt erschafen (Artikel 13) besser ze entschiedegen. Et sollen och nei „verwannt Schutzrechter“ fir Presse-Editiounshaiser an Agence wéi AFP (Artikel 11) ginn. Dës sollen, wann hir „Produiten“ online vun drëtte genotzt ginn, och entschiedegt ginn.

Tëscht de Fronten

Zu Bréissel hunn sech zwou Fronten opgedoen: op där enger Säit d‘Kreateuren an d‘Presse; op där anerer, eng onerwaarten Allianz tëscht den digitale Risen, déi fäerten datt hire Geschäftsmodell a Fro gestallt gëtt, an de Militante fir e fräien Internet. D‘Militante gesinn an der Reform eng Menace fir en onzenséierten Internet.

An der Mëtt vun dëser „Arena“: 750 Europa-Deputéiert, déi deels zolidd aus der Fassung geroden, esou grouss ass den Drock, deen sech ronderëm eng eigentlech relativ technesch Reform opbaut, an zu där si eng Entscheedung ze huelen hunn.

Ufank Juli huet déi „numeresch Industrie“ eng éischt Manche gewonnen, wéi d‘Parlament den Text verworf hat. En Text deen den 12. September op neits zur Ofstëmmung komme soll. E sëllechen Europa-Deputéiert haten deemools den aggressive Lobbyismus vun de GAFA (Google, Apple, Facebook an Amazon) denoncéiert, déi zudeem beschëllegt goufen, alles ze manipuléieren.

E Lobbyismus wéi vun der Waffenindustrie

„Den eenzegen Equivalent deen ech hunn, ass d‘Waffenindustrie“ erzielt der AFP déi Europa-Deputéiert, Virginie Rozière (Sozialisten an Demokraten). Si bezitt sech op déi kolossal Mëttel, déi d‘GAFA agesat hunn, fir „pseudo-biergerlech Campagnen“ ze finanzéieren. D‘Virginie Rozière gëtt un, am Juli, an nach virum Vott, iwwer 40.000 e-Mails erhalen ze hunn, déi géint den Text waren.

„Et ass punktuell déi eenzeg Fassong fir d‘Opmierksamkeet vun den Europa-Deputéierten ze erhalen. Wat sollt ee maachen? Hinne „Post-it‘en“ schécken? Postkaarten?“, wiert sech d‘Caroline De Cock, Coordinatrice vun der Koalitioun „Copyright For Creativity“ (C4C), déi hannert enger vun dëse „Campagnen“ stécht. Schued just, datt C4C, ganz droleg Financieren huet.

C4C gëtt un, Muséeën, Konsumentevereenegungen oder Bibliothéiken ze vertrieden. A well et net „geheim“ ze halen ass, huet C4C zougestanen, zu engem Drëttel vun der CCIA, der Lobby vun der numerescher Industrie, finanzéiert ze ginn. Google ass dann och nach e Client vun enger Agence fir Kommunikatioun, déi d‘Caroline De Cock geréiert.

„Wann ee keng Äntwert op e Message huet, vergräift ee sech um Iwwerdréier“, esou d‘Caroline De Cock.

Spillt de Präis eng Roll?

Et ass eigentlech onméiglech déi agesaten Zommen ze bezifferen, déi de numeresche Secteur hei an de Grapp hëlt, fir eng Reform ze blockéieren. E Vertrieder vun der britescher Museksindustrie „UK Music“ hätt eleng Google 31 Milliounen Euro „investéiert“. Dat ass eng Zuel, déi dem Olivier Hoedeman vu Corporate Europe Observatory, zimlech onglafwierdeg erschéngt.

D‘Siada El Ramly, Generaldirektesch vun der EDiMA, engem mächtege „Groupe de Pression“ vum Technologiesecteur, verséchert der AFP, vill manner wéi eng Millioun Euro an dësen Dossier gestach ze hunn. En Dossier deen awer och vum Siada El Ramly, als prioritär bezeechent gëtt.

Mee och Perséinlechkeete wéi de Paul McCartney huet hinne geschriwwen. Am Frankräich hunn iwwer 70 Artisten, dorënner AIR, I AM oder de Renaud, en oppene Bréif verëffentlecht. „Kënnt dir iech den Impakt vun eise Communiquéë virstellen, wann engem esou bekannte Leit géinteniwwer stinn?“, freet d‘Siada El Ramly, an engem Toun, datt engem kéint eng Tréin entwutzen.

Eng Fra setzt sech zur Wier

Bei de Géigner vum Text, steet eng Persoun an der viischter Rei: d‘Julia Reda, eng EU-Deputéiert aus de Reie vun den Ekologisten. An hirem Blog denoncéiert si d‘Schléi „ënnert de Rimm“ an den „aggressive Lobbyismus“ vun den Editeuren an den Artisten. Si insistéiert op „d‘Vermësche vun de Genren tëscht Lobbying an Informatioun vun de Medie selwer“.

Dat notamment zu deem Ament, wou si nach virum Vott am Juli „Artikele verëffentlecht hunn déi der Direktiv favorabel waren“. Als Spriecherin vun der „anti-Regulatioun Beweegung“ stéiert si sech net drun, de GAFA de Réck ze stäipen. „Deen eenzege Punkt bei deem een op enger Linn ass: dësen Text ass net gutt. Et wier ee sech awer net eens iwwert wat soll verännert ginn“.

Elo wou den Termin vum Vott méi no kënnt, huet d‘Campagne nees Faart opgeholl: C4C huet e Méindeg seng „Mailing-Campagne“ un d‘EU-Deputéiert relancéiert. Déi europäesch Press huet eng Tribün vum Sammy Ketz „Grand-Reporter“ vun der AFP verëffentlecht, déi vun 103 europäesche Journalisten ënnerschriwwe ginn ass.

De Sammy Ketz denoncéiert de verlugene Lobbyismus vu Google a Facebook „déi fälschlecherweis behaapten, datt verwannt Schutzrechter de Gratis-Internet géif ofschafen.

mam Clément Zampa/AFP

Related topics Autorerechter, EU-Kommissioun, GAFA, Internet-Fräiheet, Lobbyismus
Next post Previous post