Search

You may also like

Tacheles:  Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken
International Neiegkeeten

Tacheles: Eis Sprooch: De stengege Wee aus dem dualisteschen Denken

Wann et eng Petitioun gëtt, déi ee soubal net wäert

Polen: Doudeger an Escape-Room
International Neiegkeeten

Polen: Doudeger an Escape-Room

De Bedreiwer vun engem Escape-Room zu Koszalin (am Norde vu

Noutstand zu Lëtzebuerg: Mesuren, Sanktiounen an Ëmsetzung
International Neiegkeeten

Noutstand zu Lëtzebuerg: Mesuren, Sanktiounen an Ëmsetzung

Zesumme mat der Lëtzebuerger Police an dem Parquet huet den

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond

Zu Bréissel stoung d’Landwirtschaft am Virdergrond

Um Rot fir „Landwirtschaft a Fëscherei“ zu Bréissel, un deem och de Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung, gëschter deelgeholl huet, goung et haaptsächlech ëm déi Gemeinsam Agrarpolitik (GAP), e Verbuet vun der Opzuucht vu sougenannte Legehennen an déi aktuell Situatioun zur afrikanescher Schwéngspescht.

Bei der éischter Diskussioun vum Ronndësch – Thema war d’GAP – huet de Minister Schneider ënnerstrach, datt d’Ambitioune fir den Ëmwelt- a Klimaschutz, sou wéi den neien Handlungsmodell d’Schlësselelementer an de kommende Jore wäerte sinn.

Bréissel

Romain Schneider, Minister fir Landwirtschaft, Wäibau a ländlech Entwécklung © EU Council

Fir datt Lëtzebuerg d’Ziler erreecht, wiere virun allem d’Moossname vum 2. Pilier am effikassten. Dobäi ass virgesinn, datt d’EU-Politik zur Entwécklung vum ländleche Raum déi ländlech Gebitter an der Unioun ënnerstëtzt an de ville verschidde wirtschaftlechen, ekologeschen a gesellschaftlechen Erausfuerderunge vum 21. Joerhonnert gerecht gëtt.

Dës weideren huet hie kloer gestallt, datt d’Gestioun vun den europäeschen Hëllefe flexibel muss sinn, fir datt d’Memberlänner den ambitiéise Programm vun der zweeter Sail ëmsetzen an net sanktionéiert ginn.

Déi däitsch Presidence huet schlussendlech ugekënnegt, datt ee bei der nächster Sessioun am Oktober, déi zu Lëtzebuerg stattfanne wäert, e finale Kompromëss zur GAP no 2020 wëll virleien hunn.

Bréissel

© EU Council

D’EU an d’Liewensmëttel

Weider goung et mam Liewensmëttelmaart. Als Haapt-Exportateur an -Importateur vu Liewensmëttel uechtert d’Welt, stellt d’EU een essentiellen Acteur um landwirtschaftleche Maart duer. Dofir mussen aktuell an zukünfteg Verhandlungen déi ekonomesch, ekologesch a sozial Dimensioune vun der nohalteger Entwécklung berécksiichtegen an et soll Uecht gedoe ginn, datt importéiert Produiten den EU-Normen entspriechen.

De Minister Schneider freet sech iwwregens iwwert déi lescht Fortschrëtter bei der Kooperatioun tëscht der afrikanescher an europäescher Unioun. Ambitiéis Aktiounspläng sollen nämlech d’Erschléissung vu ländlechen Zonen an Afrika an eng nohalteg Landwirtschaft fërderen.

Fir de Schutz vun Hénger bei der Produktioun vun Eeër

E weidert Thema war gëschter de Schutz vun deenen Hénger, déi a Käfeghaltung Eeër leeën. De Romain Schneider huet dozou Folgendes erkläert: „Well d’Wuelergoe vun Déieren eng Prioritéit vun eiser Regierung ass, stëmmen ech fir e Verbuet vun der Opzuucht vu Legehennen ab 2030. D’Strategie „Vum Haff op den Dësch“ offréiert den adequate Kader fir eng legislativ Propositioun an dësem Beräich.“

Zu gudder Lescht huet een déi aktuell Situatioun zur afrikanescher Schwéngspescht an zur Opzuucht vu Schwäin ugeschwat. Och weiderhi gëllt et opmierksam ze bleiwen, och wa sech d’Opriichte vu fixe Clôturen an déi enk Kollaboratioun mat de Fierschter a Jeeër als effikass erwisen huet.

Duerch déi opgetruede Stéierungen um Maart soll een d’Evolutioun am A behalen an am Eeschtfall d’Ressourcen ënnerstëtzen.

Opmaacherfoto: (v.l.n.r.) Janusz Wojciechowski, Europäesche Kommissär fir Landwirtschaft; Julia Klöckner, däitsch Ministesch fir Ernierung a Landwirtschaft © EU Council

Related topics Afrikanesch Schwéngspescht, Bréissel, Eeër, EU Council, GAP, Gemeinsam Agrarpolitik, Hénger, Janusz Wojciechowski, Julia Klöckner, Käfeghaltung, Landwirtschaft a Fëscherei, Landwirtschaftsminister, Liewensmëttelindustrie, Romain Schneider
Next post Previous post