Search

You may also like

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech
International Money Neiegkeeten

Dës Manga-Zeechnerin enthüllt d’Geheimnisser vum Ischpelter Schlass fir dech

Et ass nach guer net esou laang hier, do wousst

Kanns de op meng Planzen oppassen? Kee Problem!
International Money Neiegkeeten

Kanns de op meng Planzen oppassen? Kee Problem!

Wien fir eng länger Zäit an d’Vakanz geet, kennt de

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo
International Money Neiegkeeten

D’PARTEI: Zensur op Facebook an Opruff zur Demo

D’PARTEI ass op der social Media-Plattform Facebook gespaart ginn an

money

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

Handel: No Peking sicht och Bréissel no enger Léisung mam Trump

D‘Handels- a Wirtschaftsminister gesinn sech haut zu Bréissel, fir iwwert d‘Offer vun der EU ze diskutéieren, mat där den Donald Trump soll iwwerzeegt ginn, d‘Douanestaxen op Stol an Aluminium sinn ze loossen. An dësem Kontext sinn sech d‘USA a China jo emol eens ginn.

Leschten Donneschdeg zu Sofia, hat den Donald Tusk, President vum EU-Rot, nach gemengt: „d‘EU ass bereet iwwert d‘Liberalisatioun vum Handel mat eisen amerikanesche Frënn ze schwätzen, mee dat awer nëmme wann sech d‘USA op eng onbegrenzten Ausnam vun dësen Douanestaxen aloossen“.

Eppes méi fréi hat sech d‘Staatscheffe vun den 28 Memberlänner op dat gëeenegt, wat si bereet wieren op den Dësch ze leeën, fir d‘Washington ze zëssen. Zil vum ganzen: sech laanscht eng am Mäerz ugekënnegt Importsteier vu 25% op Stol an 10% op Aluminium ze kommen. D‘Ausnam gëllt den Ament nach bis den 1. Juni.

Ass Europa erpressbar?

Eng interessant Entwécklung, bedenkt een, datt d‘Staatscheffen nach rezent bemierkt haten, datt si „net mat der Pistoul un der Schléif“ géife verhandelen. Elo gëtt dann awer “verhandelt“ an et schéngt es, als wier een zu Bréissel bereet sech zu engem „beschränkten“ Handelsofkommes mat den USA leeden ze loossen, an hinnen de Maart fir US-Gas opzemaachen.

„Eis Argumenter fir d‘Verhandlung: den USA Ureizer bidden aus vun der Douanestax auszehuelen“ mee „et gëtt kee Grond zouversiichtlech ze sinn“, heescht et aus diplomatesche Kreesser. An zu Bréissel traut sech dann och kee virauszesoen, wéi sech den US-President entscheede wäert. Et geet een awer net dovunner aus, dat et eng drëtt temporär Ausnam ka ginn.

D‘EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström huet an engem Interview mam Spiegel gemengt: „Mäin Androck ass, datt et zu enger endgülteger Entscheedung wäert kommen, an déi oder déi aner Richtung“. Dat dierften och d‘Staatscheffen esou gesinn, well si hu sech virgeholl och iwwer Géigemoossnamen ze beroden, sollt den Donald Trump et drop ukomme loossen.

Den Éischten ass vir

Wat d‘Offer vun der EU betrëfft, déi sech aus enger Rei Echangen tëscht dem Cecilia Malmström an hirem US-Homolog Wilbur Ross, erginn huet, esou soll déi en Handelskrich mat den USA verhënneren. E Krich dee schonn eleng dowéinst fir d‘EU méi riskant ginn ass, well sech Peking mat Washington op en „Accord de Principe“ eenege konnt.

En Accord mat deem China „Versteesdemech“ fir den US-Handelsdefizit demonstréiert, a béid Säiten drop verzichten sech géigesäiteg mat Steieren d‘Liewe schwéier ze maachen.

E „begrenzten Handelsaccord“ wéi d‘EU et sech virstellt, géif d‘Erofsetze vun Douanestaxen op verschidden industriell US-Produkter – ausser Landwirtschaft – mat sech bréngen, an och déi „ëffentlech Mäert“ fir US-Entreprisen opmaachen. Et dierft och vill vu „Autoe“ rieds sinn, e strategesche Secteur esouwuel fir d‘USA wéi och Europa.

D‘Douanestaxen op US-Gefierer déi an d‘EU erakomme belafen sech op 10%, während Washington sengersäits 25% op den Import vu Camionen oder „Pick-Ups“ déi an der EU hiergestallt ginn erhieft. Am Allgemengen awer leien d‘Taxe bei duerchschnëttlechen 3%

Keen „TTIP-light“

Zu Bréissel betount een dann awer, datt et beim Ganzen net drëms geet, d‘Verhandlungen zum Transatlantesche Fräihandelsaccord (TTIP) nees opzehuelen. Dësen Accord, och dat muss kloer gesot sinn, wollt kaum en EU-Bierger, an et war dann den Donald Trump deen dësen „ofgewiergt“ hat a net Bréissel.

Do ass dann awer vun der EU-Handelskommissärin Cecilia Malmström gewot ze versécheren: „Et kënnt net zu engem TTIP-Light“. Fir dës Verhandlungen ze féieren, an dat am Numm vun der EU, bréicht d‘EU-Kommissioun en (eestëmmegt) Mandat vun de Memberlänner. Däitschland fënnt de Gedanke gutt, Frankräich ass net esou iwwerzeegt.

Op Ufro vun den USA, ass d‘EU dann awer och op, fir iwwer eng gréisser „Zesummenaarbecht“ am energetesche Beräich ze schwätzen. Hei notamment am Kontext vum flëssegen Naturgas. D‘Europäer schloen dann och vir, en Dialog mat den USA iwwert eng reglementéiert Kooperatioun unzegoen. Eng Reform vun der WTO, wier och méiglech.

mam Clément Zampa/AFP

Related topics Accord, Bréissel, Douanestaxen, Handel, Washington
Next post Previous post