Search

You may also like

D‘Nopere schécken d‘Kanner nees an d‘Schoul
Meenung

D‘Nopere schécken d‘Kanner nees an d‘Schoul

A Rheinland-Pfalz ass d‘Fuesvakanz eriwwer, haut de Moie fänkt fir

money
Elo ass Schluss mat TikTok a WeChat
Meenung

Elo ass Schluss mat TikTok a WeChat

Den US-Handelsministère huet e Freideg an enger Notiz wësse gelooss,

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll
Meenung

En Dag an der Natur: D’Aktivitéite vum Abrëll

Vum 1. Abrëll bis zum 31. August 2019 organiséiert natur&ëmwelt

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!

Kommentar

D’universell Bréifwahl weist: Wann d’Peitsch näischt bréngt, muss d’Zockerbrout hier!

Et ass elo offiziell: Et kann ee per Bréifwahl seng Stëmm ofginn – ouni missen e Grond unzeginn! Wat fir déi eng e grousse Fortschrëtt ass, gëtt vun anerer Säit als den Ënnergang vun der Demokratie gesinn. De Problem ass, datt se béid net falsch leien.

Demokratien op der ganzer Welt kennen e Problem. Deen heescht Politikverdrossenheet. Dat kléngt elo e bësschen, wéi wann de Ball bei de Leit leie géif. Et kéint een awer grad esou gutt behaapten, datt d’Institutiounen ze sperreg sinn. A well een Institutiounen mat engem Gesetz schnell ännere kann, setzt ee ganz gären do un.

D’Opmaache vun der Bréifwahl ass d’Ageständnes, datt d’Wahlflicht net duerchgesat gëtt an och net duerchgesat wëll ginn

Elo herrscht zu Lëtzebuerg bekanntlech Wahlflicht. Dovunner kann een hale wat ee wëll – perséinlech fannen ech et net esou sexy. Vue datt dat Gesetz awer net applizéiert gëtt – heescht, een deen net wiele geet braucht net ze fäerten, virun e Riichter geschleeft ze ginn – schreckt et keen of. Da braucht een et och net, mengen ech.

Dat erkläert dann och, firwat een déi Saach mam Wielen de Leit mi einfach wëll maachen. Wann d’Peitsch versot, muss d’Zockerbrout hier! Et gi jo genuch Grënn, vir e Rendez-Vous net wouer huelen ze kënnen, och op engem Sonndeg. Do mécht d’Bréifwal Sënn. Vue datt déi souwisou ëmmer méi beléift ginn ass, kann een se dann och gläich universell maachen.

Esou wäit, esou logesch. Mee wéi alles huet och dës Mesure seng Nodeeler, déi och an der Chamber zu Wuert komm sinn. Esou kéinten d’Wahle méi liicht manipuléiert ginn. An et géif och net méi jiddereen ënnert de selwechte Bedingungen ofstëmmen. Dat sinn alles gutt Punkte, well de Staat – an deem Fall d’Wahlbüroen – e Stéck Kontroll opginn. Kee ka beweisen, datt déi Persoun tatsächlech selwer dat Kräiz gesat huet. Och aus der Wielerperspektiv kann ee seng Problemer mat der Bréifwahl hunn! Wann ech Woche virum Wahltermin ofstëmmen, an do dertëscht eppes geschitt, wat meng Meenung ännert, wat dann? Pech, domm gaangen?

Matmaache soll flott an einfach sinn. Och domat eis Demokratie representativ bleift.

Elo ginn ech vun Negativ-Fäll aus, déi esou eventuell net antrieden. Mee d’Besuergnis ass real: ass dat doten Demokratie à la tête du client? Perséinlech mengen ech dat net, an ech bezweifelen elo och, datt massiv vill Leit op d’Bréifwahl ëmklammen. Déi, déi se souwisou ëmmer genotzt hunn, hu sech am Zweiwelsfall eben eng Excuse afale gelooss. An et ass jo net déi eenzeg Hürd, déi zu Gonschte vun der politescher Participatioun fält, oder mi niddreg gesat gëtt. Séibehënnert Persounen an eis auslännesch Matbierger kréien (op Gemengeniveau) d’Liewen och mi einfach gemaach.

Ma hannert dëse Mesuren verstoppt sech eng Fro, déi existenziell ass: Wéi representativ ass eis Chamber? A wat der do méi ofstëmme kënnen oder wëllen, desto besser steet et ëm déi Representatioun. Dat hëlleft géint Politikverdrossenheet. Mee da musse mer eis nach ganz aner Froe stellen! Firwat hu mer 4 Wahlbezierker, wou meng Stëmm ënnerschiddlech vill wäert ass? Firwat ass d’Reschtsëtzverdeelung deelweis méi komplizéiert wéi verschidde Famillje-Stammbeem a Game of Thrones? Firwat gi bei dem System di grouss Parteie gestäerkt? A firwat operéiere mer de juristesche Blinddarm vun der Wahlflicht net fort?

Related topics Bréifwahl, Demokratie, Lëtzebuerg
Next post Previous post