Search

You may also like

Raftside um Siren’s Call 2019
Kultur Neiegkeeten

Raftside um Siren’s Call 2019

Den 29. Juni 2019 fënnt déi 3. Editioun vum Siren’s

Natura 2000 verbënnt, an dat an allen Hisiichten!
Kultur Neiegkeeten

Natura 2000 verbënnt, an dat an allen Hisiichten!

Mam Projet „Natura 2000 verbënnt“ huet den Natur- a Geopark

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag
Kultur Neiegkeeten

D‘Garagisten hunn och e neie Kollektivvertrag

OGBL an LCGB hunn an engem gemeinsame Communiqué matgedeelt, datt

Ee Joerhonnert Traditioun: D’Brennerei Schreiber feiert Gebuertsdag!

Vergaangene Samschdeg stoung am Préizerdaul ee ganz besonnesche Gebuertsdag un: Zënter 1920 ginn an der Brennerei Schreiber divers Zorten un Drëppen an traditioneller Aart a Weis hiergestallt. Op der Feier, déi ganz am Zeeche vum alkoholesche Flëssegen stoung, krut een een Abléck an d’Produktiounsetappen bei der heemelecher Brennerei, an d’Schmaachen duerft natierlech och net ze kuerz kommen. Mat Léift zum Detail ass op nach vill weider Joren ugestouss ginn!

De Bongert war do an huet fir eng uerdentlech Recolte gesuergt. Natierlech hätt een en Deel vun de Friichte kënne réi iessen, se an Taarten veraarbechten oder Gebeess draus maachen, an awer hat een nach Kiloen Rescht, déi ee weider verschaffe wollt. Virun 100 Joer war et soumat Usus d’Friichten an d’Kar an Héichprozenteges ze verwandelen. De Prozess vun der Produktioun huet d’Famill Schreiber bis haut bäibehalen an iwwerzeegt an der Géigend mat Wëssen a Qualitéit.

Brennerei Schreiber

© Shari Pleimelding/moien.lu

Op den Apel zeréckgräifen oder och mat Kürbis experimentéieren

Huet d’Famill am eegene Bongert bis d’Uebst geraf, kann et och scho lassgoen mam ameischen. De Kompott deen aus dem grousse Muser erauskënnt, gëtt uschléissend an Tanken roue gelooss, sou datt d’Mass 4 bis 6 Wochen gären kann. Ass dës Phas erfollegräich gemeeschtert, gëtt dëse Kompott am ale Brennkessel duerch Feier a Waasser erhëtzt, woubäi am Laf vum Dag Damp entsteet, deen nees ofgekillt gëtt. No dësem Reibrand hätt Drëpp awer nach net genuch Alkohol, an esou widderhëlt sech de Prozess nach emol mam Feinbrand.

Jee no de Virstellunge vun der Famill beléisst een et beim Resultat, setzt en beispillsweis awer och mat weideren natierlechen Elementer, wéi Hielenner oder och Kürbis, un. Huet sech bei de Produktiounsetappen an engem Joerhonnert net vill verännert, esou huet een awer beim Goût geléiert, mat der Zäit ze goen. Fréier war eng Drëpp kee Genossmëttel – et „huet misse geschott ginn“, an esou huet een am Bistro oft emol eng Këppelchen bestallt, erkläert de Luc Schreiber. Mëttlerweil hunn hir Produiten net méi grad esou vill Prozent an et probéiert ee sech och am Gin, Whiskey a Likör. „D’Leit wëlle Villfalt“, sou de Luc, an dat gëtt och gebueden.

Brennerei Schreiber

© Shari Pleimelding/moien.lu

Och kleng ka ganz grouss!

Dobäi bleift een der Léift zum Produit trei: Bei der Brennerei Schreiber entsteet ee Qualitéitsproduit, deen am Duerf an an der Ëmgéigend säit Joerzéngte geschat a konsuméiert gëtt. Wichteg ass hinnen de Spaass an datt een net an engem Zwang verfält. Vum Héichprozentege, iwwert den Design vun der Fläsch bis hin zum Etiquetage a Verkaf ass Eegeninitiativ gefrot.

Kee Wonner also, datt d’Visiteuren zuelräich komm sinn, sech de klenge Familljebetrib ugekuckt an een Abléck méi laang am Bistro verbruecht hunn. Fir de klengen Honger an Duuscht ze bekämpfen hunn iwwerdeems d’Racing Team Powerbulls gesuergt. Mat Musek, engem Gebuertsdagskuch a vill Freed ass hei am Préizerdaul een exzellente Samschdeg verbruecht ginn!

D’Billergalerie fannt Dir uewen © Shari Pleimelding/moien.lu

Related topics 100. Gebuertsdag, Brennerei Schreiber, Drëpp, Familljebetrib, Héichprozenteges, Likör, Preizerdaul, Traditioun
Next post Previous post