D‘Salariatskummer besuergt iwwert d‘Lounentwécklung
Um Méindeg huet de President vun der Salariatskummer (CSL) Jean-Claude
Um Méindeg huet de President vun der Salariatskummer (CSL) Jean-Claude
Um 10. Oktober huet de François Bausch, Minister fir Mobilitéit
Et ass sécherlech net esou, wéi wann de Manktem um
Nodeems et um Niveau vun den Delegatioune geschwächelt huet an den Telefonsflirt mat der EU-Kommissiounspresidentin éischter „distanzéiert“ war, huet de brittesche Premier decidéiert sech perséinlech a virun am physesch anzebréngen. Mir erënneren drun, datt et schonn eppes presséiert.
Wéi et elo nach soll kënne méiglech gemaach ginn, en Accord an enger Form ze fannen, dee bis zum 1. Januar och ratifizéiert gëtt? Sécher ass jiddefalls, datt et egal wéi, déi national Parlamenter net méi an der Lag sinn en Ofkommes ze ratifizéieren. Kéim entgéint allen Erwaardungen nach an dëser Woch den Accord zustane, misst dësen ausserhalb dem demokratesch Prozess ugeholl ginn.
Dat gëllt esou, an dëser Form wuel net fir d‘Europaparlament, datt jo den Accord och ratifizéiere muss, mee och fir den EU-Deputéierten ass et net méi fir ze laachen. An esou heescht et virleefeg aus Bréissel: „D‘Konditioune fir eng Eenegung si wéinst Differenze bei entscheedende Punkten nach net ginn. (…) Mir hunn eis Chef-Ënnerhändler gebueden eng Iwwersiicht zu den oppenen Differenze virzebereeden, esou datt déi an den nächsten Deeg kënne berode ginn“. Interesting…
Allerdéngs hat de Chef-Ënnerhändler vun der EU-Kommissioun, Michel Barnier, gëschter bei den interne Berodunge schonn däitlech ze verstoe ginn, datt och déi Entrevuen um Sonndeg näischt Opweises hunn, aus deem ee Fortschrëtt ze notéiere wier. Et hänkt anscheinend un der Fëscherei, dem Konkurrenzrecht an der Aart a Weis, wéi d‘Partner mat méigleche Verstéiss ëmzegoen hunn.
De Brexit, esouvill ass gewosst, dee kënnt net, deen ass schonn do, zanter Februar befannen sech d‘Britten an engem wirtschaftlechen „No man‘s land“ deen als „Transitiounsperiod“ verkläert gouf a si hunn hir Zäit schlecht, fir net ze soe guer net genotzt. Et ass och gewosst, datt de Boris Johnson déi ganzen Zäit kaum Interessi hat en Accord ze fannen. Firwat soss dat „Bannemaartgesetz“?
London huet de „fräie Wuereverkéier ouni Douanestaxen a Quoten“ ugebueden. Dofir awer hätten si gären als Géigeleeschtung, déi selwecht Ëmwelt- a sozial Standarden a Subventiounsreegelen. Et ass dee Punkt wou en ëm „fair Wettbewerbsbedingunge“ geet an am Verhandlungsjargon „Level Playing Field“ genannt gëtt. Bei der Fëscherei muss gekläert ginn, wéi vill d‘Fëscher aus der EU a brittesche Gewässer fëschen dierfen. Besonnesch fir Frankräich ee wierklech decisive Punkt.
An zu gudder Lescht geet et och ëm d‘Duerchsetzung vum Ofkommes. A genee do mécht dat ebe genannte brittescht Bannemaartgesetz Problemer. Dëst Gesetz ass schonn emol grondsätzlech en eklatante Verstouss géint dat scho bestoend Austrëttsofkommes. Et geet dann och net duer, datt d‘Parlamentarier zu London ugedeit hunn, datt ee jo nach kéint Passagen am Gesetz entschäerfen.
Illustratioun: © Tom Athawes / unsplash