Search

You may also like

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen
International Neiegkeeten

Lëtzebuerg als Partner fir dräi Raumfaart-Entreprisen

Eise Premierminister, den Étienne Schneider, annoncéiert, datt Lëtzebuerg vun dräi

De Christian Wester ass den neie President vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral
International Neiegkeeten

De Christian Wester ass den neie President vun der Lëtzebuerger Bauerenzentral

Nodeems de Marc Fisch d’Mandat als President vum Lëtzebuerger Bauerenzentral

Erstaunlech Erkenntnis an Australien
International Neiegkeeten

Erstaunlech Erkenntnis an Australien

Et gëtt Saachen déi eiseree fir dat normaalst vun der

Brexit: dat ass de rengste Chaos

D‘Premierministesch muss de Vott reportéieren

Brexit: dat ass de rengste Chaos

Déi britesch Premierministesch, Theresa May, huet e Méindeg den Deputéierten annoncéiert, datt de Vott zum Austrëtt aus der europäescher Unioun (Brexit), deen eigentlech op dësem Dënschdeg sollt stattfannen, muss verluecht ginn. D‘Ursaach sinn déi déifgräifend parlamentaresch „Differenzen“, déi derzou gefouert hätten, datt den Text refuséiert gi wier.

„Mir wäerten also de Vott reportéieren“, huet d‘Theresa May gesot, an ënnersträicht datt déi britesch Deputéiert der Léisung, déi verhënnere soll datt et op der irescher Insel nees zu enger „haarder Grenz“ kënnt – besonnesch feindlech géinteniwwer stinn. D‘Premierministesch huet däitlech gemaach, datt et säitens der EU keng „wieder Verhandlunge“ wäert gi weder engem Brexit-Accord nach soss enger „Relatioun“ nom 29. Mäerz wäert zoustëmmen ouni dëse „Backstop“.

Hei ass virgesinn, datt et an Irland zu engem „eenzegen Douane-Gebitt“, dee Groussbritannien an d‘EU aschléisst an, an deem et weder Quoten nach Douanestaxe fir landwirtschaftlech an industriell Wueren dierf ginn. Nordirland erhält awer e spezielle Statut: déi britesch Provënz, bleift ausgeriicht op eng limitéiert Unzuel vu Reegele vum EU-Bannemaart, déi essentiell sinn fir eng haart Grenz op der irescher Insel ze verhënneren.

Déi „Kleng“ maachen Zodi

Et ass dann och de klengen nordireschen Alliéierten (DUP), deen zesumme mat de „Frënn vun engem haarde Brexit“ dëser Léisung keng Zoustëmmung gëtt. D‘DUP refuséiert de spezielle Statut fir Nordirland, an déi aner Rabbelkäpp sinn der Meenung, datt d‘Premierministesch domatter Groussbritannien un d‘EU bënnt, an dat op onbestëmmten Zäit.

Si huet sech de Mond fuseleg geschwat an den Deputéierten erkläert: „Den Traité ass däitlech, dës Léisung kann nëmmen temporär sinn“. Si huet zwar gesot, datt si d‘Suergen an d‘Bedenken déi zum Ausdrock bruecht goufen, héieren hätt, a huet sech bereet erkläert, dat ganzt mat hiren europäeschen Homologen ze diskutéieren, iert et zum EU-Sommet um Donneschdeg a Freideg kënnt.

„Ech hu mat enger Partie Dirigenten de Weekend iwwer geschwat, an, iert et zum Sommet kënnt, ginn ech nach emol bei meng Homologen aus anere Memberstaaten, an d‘Dirigente vum EU-Rot, an der EU-Kommissioun. Ech schwätzen da mat hinnen iwwert déi bedenken déi dës Kummer ausgedréckt huet.

Et wier awer net verkéiert wann ee géif virkommen

Bis dohinner huet d‘Theresa May annoncéiert, seng Regierung opgefuerdert ze hunn, d‘Preparatioune virunzedreiwen, de Fall gesat et keim zu engem Brexit ouni Accord, wat an der Wirtschaftswelt fir zolidd Kappzerbrieches suergt.

De President vum „House of Commons“, John Bercow, huet de Report vum Vott kommentéiert, an ënnersträicht, datt d‘Ënnerbriechung vum Debat zu Traité als eng „Beleidegung“ kéint ugesi ginn, a schléit der Regierung vir eng Motioun am Parlament stëmmen ze loossen, fir datt deem formell en Enn gemaach gëtt.

E riskante Choix fir d‘Exekutive, well d‘Deputéiert sech da kéinten entscheeden, de Report vum Vott ze refuséieren, wat d‘Premierministesch an eng ongemittlech Situatioun géif dreiwen. De Chef vun der Oppositioun, Jeremy Corbyn (Labour) huet eng onméiglech Situatioun denoncéiert, an veruerteelt eng „Regierung am totale Chaos“.

mat AFP

Foto: D‘Géigner vum Brexit hu sech op dësem Méindeg nach emol mobiliséiert, während am Parlament d‘Regierung der Zolidd laanscht d‘Läffele kritt huet. D‘Theresa May hat keng aner Optioun wéi de Vott zum Traité mat der EU ze verleeën. © Tolga Akmen/AFP

Related topics Brexit, DUP, EU, Jeremy Corbyn, Nordirland, Theresa May
Next post Previous post