Search

You may also like

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn
International Neiegkeeten

Esch Uelzecht: De vill diskutéierte Budget ass ugeholl ginn

No de villen Interventiounen zum Budget (5. Januar) war et

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 1. Mäerz 2020
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 1. Mäerz 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Liicht Hausse beim Chômage
International Neiegkeeten

Liicht Hausse beim Chômage

Der Konjunktur geet et weiderhi ganz gutt, och wann de

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken

Brexit: De Nigel Farage klappt nees an d‘Flilleken

De Nigel Farage, fréiere Chef vun der europhober UKIP, ass zum Vizepresident vum Mouvement pro-Brexit „Leave Means Leave“ ernannt ginn. Mat dësem Mouvement wëll den Nigel Farage nees „de Kampf ophuelen“ fir Groussbritannien zu engem klore Broch mat der EU ze féieren.

Am „The Daily Telegraph“ huet hien drop higewisen, datt hie gewëllt ass de „Plang vu Chequers“, deen d‘Premierministesch Theresa May virgeluecht huet, ze zerstéieren. Eng „Propose“ déi den Nigel Farage als „Schwindel“ bezeechent, well hei enk Handelsbezéiunge mat der EU, nom Brexit sollen erhale ginn.

„Dëse Plang ass en hannerlëschtege Verrot an verhënnert, datt Groussbritannien nees d‘Kontroll iwwert seng Grenzen a seng Fëschereirechter iwwerhuelen, oder op globalem Niveau Handel dreiwe kann“, esou den Nigel Farage an der Tribün vum The Daily Telegraph.

De schéine „Männche“ maachen, oder sech de „Batti“ stellen

Gewosst ass also, datt den Nigel Farage aktiv un der nächster Campagne vum Mouvement „Leave Means Leave“ bedeelegt gëtt. Virgesi sinn notamment Meetingen an en Tour vu Groussbritannien.

„An de leschte Méint, a besonnesch nom Verrot vu Chequers, hu mech vill Leit op der Strooss ugeschwat fir mech ze froen: ‚Wéini kommt dir erëm‘. Elo hutt dir d‘Äntwert drop : ech si nees do“.

Hei muss een dann awer drun erënneren, datt de britesche Rabbelkapp, dee kuerz nom Referendum d‘Spëtzt vun der UKIP „verlooss“ hat, well hien der Usiicht war säin Zil erreecht ze hunn, ni verroden huet, wiem seng Interessen hie wierklech vertrëtt. Dem Land huet hien net gehollef…

De Plang vu Chequers

Am Juli virgestallt, gesäit de Plang vu Chequers vir, datt et tëscht Groussbritannien an der EU eng Fräihandelszon, fir d‘Wueren a landwirtschaftlech Produiten, soll ginn. An dësem Kontext den initiale reglementareschen Alignement vu London op Bréissel bäibehale ginn.

Bréissel hat d‘Propose zeréckgewisen, déi och zur Demissioun vun zwee Schwéiergewiichter vun der britescher Regierung gefouert huet. De Brexit-Minister David Davis an den Ausseminister Boris Johnson, déi allebéid en „haarde Brexit“ wollten, konnten sech net op d‘Linn vum Theresa May eenegen.

Esouguer den Donald Trump, dem Gestreits tëscht Partner léiwer schéngt, wéi den diplomatesche Konsens, huet näischt ausgelooss, fir der britescher Premierministesch hire „Brexit-Projet“ ze torpedéieren. Hien ass der Meenung, datt nëmmen en haarde Brexit zu engem Handelsaccord mat den USA féiere kann, soss wier et wéi wa Washington mat der EU géif verhandelen.

mat AFP

Foto: De Nigel Farage huet gutt laachen. Mee wiem seng Interessen dëse Mënsch wierklech vertrëtt weess esou genee keen. Elo mam Mouvement „Leave Means Leave“, wëll hien op e neits alles dru setze fir Groussbritannien zu engem haarde Brexit ze zwéngen. © Ben Stansall/AFP

Related topics Brexit, Leave Means Leave, Nigel Farage, Theresa May, UKIP
Next post Previous post