Search

You may also like

D’Mënschen hunn zwee Drëttel vun de Reebëscher an der Welt zerstéiert oder beschiedegt
International Neiegkeeten

D’Mënschen hunn zwee Drëttel vun de Reebëscher an der Welt zerstéiert oder beschiedegt

Een alarméierende Rapport bestätegt leider, datt duerch d’Ofholzung an Landëmwandlung

Et muss ee wéi deen anere behandelt ginn
International Neiegkeeten

Et muss ee wéi deen anere behandelt ginn

E Méindeg hunn d‘Piraten an der Gemeng Péiteng eng Motioun

Aacht Doudeger no Schéisserei am Zuchdepot
International Neiegkeeten

Aacht Doudeger no Schéisserei am Zuchdepot

Um fréie Mëttwochmueren (Lokalzäit) si bei enger Schéisserei am Zuchdepot

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Britescht Parlament wëll Irland-Fro mat Bréissel noverhandelen

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat britescht Parlament zum Schluss komm, datt et bei der Irland-Fro zu weidere Verhandlunge komme muss. Esou ass dat am House of Commons en Dënschdeg votéiert ginn. Bréissel ass wéineg amuséiert an wéist dës Demande zréck.

D‘Chancen, datt si op der Insel nach zu esou eppes wéi engem Kompromëss fannen, dee realistesch zu enger Scheedung mat Accord féiere soll, si schonn zäitlech esou geréng, datt ee sech hei elo wierklech keng Hoffnunge méi sollt maachen. Dat léist sech och vun der Reaktioun aus Bréissel esou ofliesen, vu wou aus d‘Briten nach um Dënschdegowend Noverhandlunge refuséiert kruten.

Et war de Spriecher vum EU-Rotspresident, Donald Tusk, deen se ech de Medie gestallt huet, fir dëse matzedeelen, datt et um Brexit-Ofkommes vun Enn November, näischt ze fréckele gëtt. Dat ass esou mat deenen anere 27 ofgeschwat ginn, heescht et aus der europäescher Schaltzentral.

„D‘Ofkommes zum Austrëtt ass a bleift déi beschten, wéi och eenzege Wee e geuerdenten Austrëtt vu Groussbritannien aus der europäescher Unioun sécherzestellen. De ‚Backstop‘ ass Deel vum Ofkommes, an dëst Ofkommes steet Noverhandlungen net op“, esou de Spriecher. An dat ass och genee esou beim EU-Sommet am Dezember beschloss ginn. Déi Decisioun schéngt endgülteg.

Och de franséische President, Emmanuel Macron, dee sech op Zypern beim Sommet vun de Mëttelmierstaate befënnt, huet nach emol däitlech gemaach, datt dëst „Ofkommes“ dat bescht méiglecht ass wat d‘Briten erhale wäerten. Weider Verhandlungen oder Verzögerunge sinn net dran.

Déi britesch Regierung misst elo zügeg hir Pläng fir déi nächst Etappe virleeën, wann en Austrëtt ouni Ofkommes sollt verhënnert ginn. Dat wënscht sech zwar keen, mee wéi et ausgesäit muss ee sech elo ganz konkret drop virbereeden. Wirtschaftlech mécht et sech jo scho bemierkbar, Firmen déi vill mam „Festland“ Geschäfter maachen, fänken och un d‘Flucht vun der Insel ze ergräifen.

Wirtschaftlech huet de Referendum scho vill Affer gefuerdert, an ouni Handelsofkommes wäert et fir ganz vill Entreprise schwéier ginn, sech um europäesche Maart ze halen. Vill Brite loossen sech nëmmen all ze gäre vun Holland oder Lëtzebuerg ulackelen, d‘Haaptsaach et ass een an der EU.

Related topics Accord, Backstop, Brexit, Donald Tusk, EU, House of Commons, Nordirland, Theresa May
Next post Previous post