Search

You may also like

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case
Neiegkeeten WTF

Méi wéi 169.000 Europäer ënnerstëtzen de People’s Climate Case

En Dënschdeg hunn déi Lëtzebuergesch Netregierungsorganisatiounen ASTM, Greenpeace, Mouvement Ecologique

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 1)
Neiegkeeten WTF

Fairtrade: Solidaritéit mat eisen Helden vun der Liwwerketten (Deel 1)

Méi wéi jeemools virdrun soll Solidaritéit gewise ginn. Solidaritéit géigeniwwer

ArcelorMittal an ILVA op der sich no engem Terrain d‘Entente
Neiegkeeten WTF

ArcelorMittal an ILVA op der sich no engem Terrain d‘Entente

An der „Affär“ ëm den dreckegsten Industriestanduert vum Grupp ArcelorMittal

surprise

Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU

Haard oder soft, et wäert nach vill Diskussioune ginn

Brexit: Ausseminister Johnson sicht d‘Konfrontatioun mat der EU

Virum Parlament huet de briteschen Ausseminister gemengt, datt déi europäesch Verantwortlech „et roueg kéinte vergiessen“ fir datt London d‘Rechnung fir de Brexit géif bezuelen. Déi gëtt op ronn 60 Milliarden Euro geschätzt.

„Déi Zomm déi si virschloe vun dësem Land ze kréien erschénge mer exorbitant an ech sinn der Meenung, datt si datt kënne vergiessen“, esou  den Held vun der Campagne fir de Brexit. Wann och bis haut keng offiziell Zuele publizéiert gi sinn, esou hat ee Responsabelen am Abrëll vun engem Chiffer tëscht 55 a 60 Milliarde geschwat.

An der Rechnung enthale sinn notamment d‘Beiträg déi dem Budget vun der EU, den Institutiounen an aneren Entitéite schonn zougesot gi sinn. Dozou, mussen d‘Bedeelegunge vu Groussbritannien un den diverse Fonds‘en gerechent ginn. Hei beispillsweis de europäesche Fonds fir d‘Entwécklung.

Alternativlos

Alternativen huet den Boris Johnson am Parlament keng virgeluecht, am Géigendeel. Hien ënnersträicht, datt d‘Regierung „kee Projet huet am Fall wou et keen Accord mat der EU géif ginn“. Hie schéngt deemno iwwerzeegt ee gudden Accord ze kréien. Den Ausseminister huet nach drop higewisen, datt London aus dem Schied vum europäesche Geriichtshaff wëll trieden. „Eraus aus der juristescher Uerdnung vun der EU, an dat wäert eis geléngen“, esou den Johnson.

Keng Äntwert hat den Johnson op d‘Froe vun den Deputéierten, déi wësse wollten, wéi sech mat der Iwwergangszäit verhält. Do sollt Groussbritannien jo awer ënnert der Geriichtsbarkeet vum europäesche Geriichtshaff bleiwen. Dat war op mannst kierzlech d‘Ausso vum Damian Green, zweete Mann vun der konservativer Regierung.

Bréissel huet sech bis ewell nach keng Stellung zu den Äusserunge vum Boris Johnson geholl. Säitens der EU ass ee jo och gewëllt am gudden ausenaner ze goen. Et ass och net gewosst, op d‘Meenung vum Ausseminister an den eegene Reien esou ugeholl gëtt. Grousse Widderstand war elo awer och net ze spieren.

Den 23. Juni 2016 haten d‘Bierger vu Groussbritannien zu Gonschte vun engem Austrëtt aus der EU gestëmmt. D‘Modalitéite vun dësem Brexit zerrappen zur Zäit d‘Land. Och dem Theresa May seng Regierung ass sech a villem net eens. Do sinn déi wou een „haarden“ Brexit wëllen, mam Austrëtt aus dem Bannemaart, der Zollunioun an der Kontroll vun de Grenzen. An déi Aner, déi sech wënschen ee gréisstméiglechen Zougang zum Bannemaart ze erhalen.

An der Kausa Brexit ass deemno nach laang net alles gesot ginn. Op déi Aart a Weis wéi den Boris Johnson et wëll ugoen, am Sënn vu Groussbritannien ass, dat gëllt ofzewaarden. Et ass allerdéngs net dervunner auszegoen, datt Bréissel op verbal Provokatiounen oniwwerluecht reagéiert.

mat AFP

Foto: Pixabay

Related topics Boris Johnson, Brexit, EU, Europa, Theresa May
Next post Previous post