Search

You may also like

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Dag vum Weltkulturierwen: D’Aktivitéiten zu Lëtzebuerg

Zënter 2005 gëtt den Dag vum Weltkulturierwen gefeiert. An dësem

EU-Osterweiderung: „Fir Fridden a Wuelstand“
International Neiegkeeten

EU-Osterweiderung: „Fir Fridden a Wuelstand“

Fir den italienesche Kaviar-Sozialist a President vum EU-Parlament, David Sassoli,

Premier verleet d‘Heure de Vérité
International Neiegkeeten

Premier verleet d‘Heure de Vérité

Eise Premier ass wuel ee lëschtege Kadett, mee zesumme mat

Brexit: „Labour“ wëll Groussbritannien am Bannemaart halen

Brexit: „Labour“ wëll Groussbritannien am Bannemaart halen

Déi britesch Aarbechterpartei (Labour) wëll Groussbritannien am EU-Bannemaart halen, dat op mannst während enger Iwwergangszäit nom Brexit. Dat versprécht d’Oppositiounspartei um haidege Sonndeg, fir de Fall datt si un Muecht géif kommen.

„Labour sicht no engem Transitiounsaccord mat deem déi gläich Konditiounen, vun deene mir aktuell an der EU profitéieren, kéinten erhale bleiwen“, schreift de Keir Starmer, dee sech bei der Aarbechterpartei mam Brexit beschäftegt, am „The Observer“.

„Dat bedeit, datt mir versiche wëlle während dëser Period an der europäescher Zollunioun an am EU-Bannemaart ze bleiwen“ an datt „mir d’Reegelen dovunner respektéiere géifen“ esou de Starner. Dat heescht dann och, datt während dëser Zäit de fräie Verkéier vun de Gidder an den Aarbechter an dëser Zäit géif bäibehale ginn.

Hie preziséiert, datt d’Restriktiounen am Beräich vun der Immigratioun „mussen an engem finalen Accord ugeschwat ginn“. De Starmer bezitt sich do op de Fait, datt d’Immigratioun e vun den Haapttheme beim Referendum vum 23 Juni 2016 war.

Et muss een also verstoen, datt Labour kéint versichen ënner Ëmstänn an der Zollunioun ze bleiwen, och no der Iwwergangszäit. „Mir wäerten ëmmer d’Aarbecht an d’Wirtschaft als éischt consideréieren. Dat heescht dat an enger Form vun Zollunioun mat der EU ze bleiwen en Zil vun Labour ass. Mee dat muss verhandelt ginn“ esou de Politiker.

Mat dëser dach éischter pro-europäescher Haltung, setzt sech Labour däitlech vun de Konservativen of. Déi haten d’Iddi am Bannemaart ze bleiwen, och fir eng Iwwergangszäit verworf. A bis elo hat och Labour net den Androck gemaach, sech Verhandlunge fir e bäibehale vum Bannemaart wëllen ze stellen.

De Keir Starmer huet déi onrealistesch Propose vum Brexitminister David Davis veruerteelt. Hien huet och virun der „ideologescher Obsessioun“ gewarnt, mat där d’Regierung Groussbritannien aus allen europäesche Strukture wëll erauszéien. Dat bis Mäerz 2019, Datum dee festgeluecht ginn ass fir den Austrëtt.

mat AFP

Foto: Den Oppositiounspolitiker Keir Starmer, Labour-Sekretär fir de Brexit (hei en Archivbild vum 1. Juni) huet d’Absicht Groussbritannien an der Zollunioun an am EU-Bannemaart ze halen (© Justin Tallis/AFP)

Related topics Bannemaaart, Brexit, EU, Groussbritannien, Labour
Next post Previous post