Editorial: Keng Zäit ze verléieren
Zanter ee puer Stonnen heescht de wichtegsten Äerdebierger Joseph Robinette
Zanter ee puer Stonnen heescht de wichtegsten Äerdebierger Joseph Robinette
Eigentlech misst een et hautdesdaags kengem méi erklären, mee dem
Greenpeace Lëtzebuerg huet um 18. September 2018 säin éischte Klimaschutzbüro
D‘Verhandlungen tëscht der EU a Groussbritannien sollen trotz oniwwerwannbaren Differenzen op dësem Sonndeg weidergefouert ginn. Dat zumindest hunn d‘EU-Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen an de brittesche Premierminister Boris Johnson esou no hirem Telefonsflirt matdeele gelooss. D‘Delegatiounen hate bekanntlech e Freideg eppes d‘Loscht verluer…
Well et hei ëm „héijer Politik“ geet, wou et wichteg ass sech rhetoresch esou auszedrécken, datt engem d‘Wierder net am Mond kënne verdréint ginn, wann et net direkt onverständlech soll sinn, brauch et d‘Konscht tëscht de Linne liesen ze kënnen. Offiziell heescht et: „Béid Gespréichspartner hunn unerkannt, datt d‘Verhandlunge a ville Punkte Fortschrëtter bruecht hunn. Et géif awer nach erhieflech Differenzen“. Iwwersat heescht dat, datt een sech kee Millimeter méi no komm ass.
Et ass, ugesiichts dem Zäitdrock deen de Boris Johnson ganz bewosst opgebaut huet, nodeems hien enger Verlängerung wéinst Covid19 net zougestëmmt hat, net méi vun engem Handelsaccord tëscht EU a Groussbritannien auszegoen. Firwat? Well streng geholl muer Méindeg de 7. Dezember eng Entscheedung, respektiv Eenegung zu de Punkten: Konkurrenz, Fëscherei a Schiidsgeriichter muss fonnt ginn. Dat muss jo vum EU-Parlament an de 27 verbleiwende Memberlänner ugeholl ginn.
Nom Telefonat gouf nach emol betount, datt et net zu engem Ofkommes komme kann, wann dësen Dissens net gekläert gëtt. Béid Gespréichspartner hunn sech – ëmmer laut der offizieller a wéi gesot streng rhetoresch ausgeriichten Ausso – drop verstännegt kritt hir Delegatiounen nach emol un de Verhandlungsdësch ze zwéngen. Groussen Äifer awer dierften sech och d‘Ursula vun der Leyen an de Boris Johnson net erwaarden. D‘Britten dierfen net, an d‘Europäer hu längst d‘Hoffnung opginn.
Deen eenzegen, deem et am Eescht net egal ass, ass den iresche Premierminister Michael Martin. Hien ass deen ënnert den EU-Memberen, deen net nëmmen am meeschte bei engem „No deal“ ze verléieren huet, mee befierchte muss, datt d‘Schaffe vun neie feste Grenzen, déi reliéis befeindet Katholiken a Protestanten nees zu de Waffe gräife léist. Et ass jo net well et 22 Joer „Fridden“ huet, datt et déi „Iresch Republikanesch Arméi“ (IRA) net méi géif ginn. De „Sträit“ ass net bäigeluecht.
Elo weess den iresche Premier awer och, datt de Boris Johnson an d‘Kämpfer fir en Austrëtt „ouni Kompromëss“ net bereet sinn nozeginn. Hie weess och, datt ouni en Accord bei der Fëscherei, de franséische President dem Ofkommes net wäert zoustëmmen. Net ze vergiessen, datt Ungarn a Polen et aktuell drop ofgesinn hunn, all Entscheedunge vun der EU-Kommissioun ze blockéieren, well dës vu béide Länner verlaangt sech u Rechtsstaatlechkeet an europäesch Wäerter ze halen.
Zu London soll also haut nach emol matenaner geschwat ginn. E Méindeg mussen d‘Delegatiounen dann hire Leader Bericht erstatten. Uschléissend wëllen sech dann d‘Ursula von der Leyen an de Boris Johnson nach emol um Telefon zum Ausgank vun dëse Verhandlungen äusseren. Datt et awer nach zu engem fir all Säiten zefriddestellend Accord komme kann, dorunner gleeft „aktiv“ keen. Et dierf een dat awer net oppe Soen, well et d‘Gespréicher kéint a Fro stellen. Dat ass bedréckend.
Vergiesse mir och net, datt d‘Britten der EU nach Geld schëlleg sinn. Scholden, vun deenen de Boris Johnson schonn am Juni 2019 erkläert hat, dat hien se net wäert begläichen. Zudeem géifen, sollt en Accord awer nach zustane kommen, déi national Parlamenter net méi doriwwer debattéiere kënnen, et géif sech op d‘EU-Parlament an d‘Decisioun vun de Staats- a Regierungscheffe bezu ginn. Eenzeg dat brittescht Parlament géif am demokratesche Prozess den Accord ratifizéieren.
mat indymedia/bru/lon
Foto: © Marko Pekic / unsplash